Buchtipp: Briefe an Obama

« 10 Bréiwer den Dag », dat huet den Barack Obama decidéiert, ewéi hien amerikaneschen Präsident gouf. Hien wollt all Dag 10 Bréiwer vu senge Bierger virgeluecht kréien, hien war deen éischte Präsident, deen dat konsequent duerchgezunn huet.

Dobäi kommen Obama-Unhänger oder politesch Géigner zu Wuert. Och Schoulkanner, déi Hëllef bei den Aufgabe gebraucht hunn, hunn dem mächtegste Mann vun den USA geschriwwen. Et liest ee vu sozialer Gerechtegkeet, der Finanzkris, Start-Ups stelle sech vir a leider liest een och tragesch Geschichten iwwert den Terrorismus.

D’Wierder si wuertgewalteg, poetesch, witzeg, traureg, intelligent, rosen, dankbar a voller Emotiounen.

Hannert all Bréif stécht ee Mënsch, deen vun eppes schreift, wat e beweegt – a wat fir hien esou wichteg ass, datt och säi Präsident dovunner Bescheed soll wëssen. An engem Bréif schreift een homosexuelle Mann, datt säi Mann an de Krich zitt a kee wëssen däerf, datt hien homosexuell ass. Elteren erzielen dem Barack Obama, wéi si hiert Meedche bei der Terrorattack 9/11 verluer hunn. Eng Affekotin seet Merci fir d’Begnodegung vun hirem Mandanten. All Zeil geet ënnert d’Haut. An da ginn et déi Bréiwer mat de « Rout Punkte » Bréiwer. Et si Markéierungen, déi Gefor heeschen – entweder fir den Absender oder een aneren. Et ass ee Kapitel mat Héngerhaut an Tréinen an den Aen. Dës Bréiwer musse banne vu 24 Stonnen traitéiert ginn – wann et dann net schonn ze spéit ass.

Am Fong ass d’Buch een Zäitdokument. Ee Beweis dofir, datt Bréiwer munchmol Grousses bewierke kënnen an dat de Glawen an ee Mënsch, Bierger versetze kann.

D‘Buch ass iwwregens beim Goldmann Verlag verëffentlecht ginn.

Dernières nouvelles