Search

You may also like

Polizistin zu Paräis am Kommissariat erstach
Neiegkeeten

Polizistin zu Paräis am Kommissariat erstach

Am Kommissariat vu Rambouillet (Yvelines) ass eng Kommissärin beim Betriede

Schwiereg Zäite fir de wäissrussesche Journalismus
Neiegkeeten

Schwiereg Zäite fir de wäissrussesche Journalismus

Fir de wäissrussesche President/Diktator Alexander Lukaschenko kënnt et op ee

Oppene Bréif un d’Bundeskanzlerin : Fir sécher Fluchtweeër aus Afghanistan
Neiegkeeten

Oppene Bréif un d’Bundeskanzlerin : Fir sécher Fluchtweeër aus Afghanistan

Well déi katastrophal Lag an Afghanistan sech ëmmer méi verschlëmmert

10 Joer BEE Secure – dat gëtt (virtuell) gefeiert!

10 Joer BEE Secure – dat gëtt (virtuell) gefeiert!

Zënter 10 Joer setzt BEE Secure sech fir de responsabelen, sécheren a positiven Ëmgang mat den neien Technologien an dem Internet an. Dobäi informéiert d’Initiativ net nëmmen Elteren an Enseignanten, mee och a virun allem Kanner a Jugendlecher.

Nieft informativen Evenementer a Sensibiliséierungscampagnen offréiert d’Ekipp de Service vun der BEE Secure Helpline (8002 1234), duerch déi ee via Telefon gratis, anonym an a vollstem Vertrauen no Informatioune froe kann. Completéiert gëtt d’Offer duerch d’BEE Secure Stopline, iwwert déi illegal Inhalter am Internet gemellt kënne ginn, sou datt am Eeschtfall d’Police duerchgräife kann.

De ronnen an éischten zweestellege Gebuertsdag hätt d’BEE Secure sécher gäre mat Kuch an enger grousser Feier zelebréiert. Duerch déi aktuell Lag huet ee sech fir folgend 3 digital Evenementer decidéiert:

  • Eemol Cybersécherheet an zréck: Eng Komplettiwwersiicht (LU)
    Méindes, de 7. Dezember 2020 vun 18:30 bis 19:30 Auer
    D’Online-Konferenz gräift op einfach a praktesch Aart a Weis d’Problemer vun der aktueller Cybersécherheet op a kommentéiert se.
    Mat dobäi ass de Steve Muller vum Wirtschaftsministère
  • 10 years in Privacy, it’s been a ride! (EN)
    Dënschdes, den 8. Dezember 2020 vun 18:30 bis 19:30 Auer
    An dëser Spezialeditioun vum Digital Privacy Salon gitt Dir matgeholl op eng Rees duerch déi gutt, schlecht a schlëmmst Aspekter um Niveau vum weltwäiten Dateschutz am leschte Joerzéngt.
    Mat dobäi ass de Chris Pinchen vun The Privacy Agency
  • Expertentrio fir Elteren (LU)
    Mëttwochs, den 9. Dezember 2020 vun 19:00 bis 21:00 Auer
    Den digitalen Informatiounsowend fir Elteren weist d’Gefore vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien op. D’Representante vu BEE Secure, dem Kanner-Jugendtelefon (KJT) an dem Preventiounsservice vun der Police ginn dobäi ënnert anerem op Cybermobbing, d’Verbreede vu kannerpornografeschem Material, Cybersex oder och Rassismus an.

Weider Informatiounen dozou fannt Dir op bee-secure.lu.

Zu BEE Secure

BEE Secure ass eng Initiative vun der Lëtzebuerger Regierung, déi vum Service National de la Jeunesse (SNJ) an dem Kanner-Jugendtelefon (KJT) duerchgefouert gëtt. Dobäi schafft een enk mat SECURITYMADEIN.LU, der Police an dem Parquet zesummen. Ëm d’Koordinatioun këmmert sech den SNJ, wärend déi Europäesch Kommissioun d’Finanzéierung iwwerhëlt.

Fir d’Regierung anzebezéien dierfen de Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, de Wirtschaftsministère an de Ministère fir Famill an Integratioun matwierken. BEE Secure ass Deel vum europäeschen Netzwierk INSAFE (Sensibiliséierungszentren an Helplines) an INHOPE (Meldestelle fir illegal Inhalter).

Dank der Hëllef an der Kompetenz vun allen operationelle Partner kann een a folgende 4 Beräicher aktiv sinn:

  • Sensibiliséierung an Informatioun
  • Orientéierung a Berodung
  • Meldung vun illegalen Inhalter
  • Monitoring

An dësem Kader kann ee just nach e schéinen 10. Gebuertsdag wënschen!

Related topics 10 Joer, Bee Secure, BEE SECURE Stopline, Cybermobbing, Cybersécherheet, Cybersex, Gebuertsdag, Helpline, Kanner-Jugendtelefon, SNJ
Next post Previous post