Search

You may also like

Dag vum Weltkulturierwen: D’Aktivitéiten zu Lëtzebuerg
Stories

Dag vum Weltkulturierwen: D’Aktivitéiten zu Lëtzebuerg

Zënter 2005 gëtt den Dag vum Weltkulturierwen gefeiert. An dësem

déi gréng schloen en neit Kapitel op
Stories

déi gréng schloen en neit Kapitel op

Zwee Männer ginn a zwou jonk Damme kommen. Och esou

Landesgeriicht Berlin verbitt d’Hetz vun AFD-Politiker géint Sea-eye
Stories

Landesgeriicht Berlin verbitt d’Hetz vun AFD-Politiker géint Sea-eye

D’Landesgeriicht Berlin huet eng eenstweileg Verfügung géint den Georg Pazderski,

Iessen, Reesen a Moud: 10 Lëtzebuerger Blogger stelle sech vir

Lëtzebuerg huet eng wibbeleg a gesond Blogger-Communautéit. Mir sinn higaangen an hunn e puer Blogger gefrot, firwat se iwwert déi Theme schreiwen, déi een op hire Blogs fënnt. D’Äntwerte si sou villfälteg wéi d‘Blogge selwer:

Corina Moscovich

Mäi Blog spigelt meng Passioune widder. Op mengem Blog, deen ech 2008 ugefaangen hunn, schaffen ech haaptsächlech mat Texter a Biller. Ech probéieren eng positiv an oppen Lieserschaft ze erreechen, déi sech fir Kultur (Literatur, Tourismus, Iwwersetzung, Lyrik, Journalismus, etc.) interesséiert.

Claudia vous regale

Ech bloggen iwwer Gebäck, Kachen a Reesen. Dat reflektéiert meng essentiell Leidenschaften. Ech hunn d’lescht Joer eréischt mat mengem Blog ugefaangen.

Paulina on the Road

Ech bloggen iwwert ëkofrëndlecht a luest Reesen. Dat ass wéi ech et perséinlech virzéien vir ze reesen an ech wëll gären d’Virdeeler dovunner op mengem Blog vermëttelen. Et ginn ongezielt Méiglechkeeten, fir ëkofrendlech ze reesen, zum Beispill duerch d’Hiken, Velo fueren oder Seegelen… an dës mi lues Methoden ginn engem Zäit an Iwwerluechtheet fir mat aner Kulturen a Kontakt ze trieden.

Claire‘s Chronicles

A mengem Blog geet et haaptsächlech em Dankbarkeet, mee och ëm Iessen, Reesen, Bicher a mäi Liewen als eng Fra vu Malta, déi zu Lëtzebuerg lieft. Ech bloggen well ech e Ventil fir mäi Schreiwen brauch an doriwwer schreiwe wëll, wat a mengem Liewe virun sech geet a wat ech gären hunn.

Cooking is Love

Ech sinn e Foodblogger an de Blog reflektéiert meng Perséinlechkeet an Interessen. Ech kachen an iessen immens gären an ech gi gäre meng Leidenschaft u meng Lieser weider. Meng Rezepter sinn dozou geduecht fir gutt Iesse mat Léift ze maachen a fir Spaass beim Kachen ze hunn.

Mammina

Bei mengem Blog geet et ëm mäi Liewen als italienesch Mamm a Lëtzebuerg. Ech hu meng Famill gären an ech deele gäre meng Erfarunge mat aneren.

morningcoffee

Bei mengem Blog geet et em Fotoen, déi ech während menge Reese maachen. Dat mat engem Fokus op dat oppent Stroosseliewen a lokalem Street Food. De Grond, firwat ech bloggen, ass, datt ech meng Reesloscht a meng Leidenschaft fir Fotografie, Reesen an Iessen mat aneren deelen wëll an ech gäre flott Geschichte vun den ënnerschiddleche Plaze ronderëm d’Welt erzielen. Dat ëmmer mat enger virtueller Taass Espresso, dat ass a menger DNA als Italiener aus dem Süden!

Barefoot in Luxembourg

Dem Jenni a mäi Blog dréint sech dorëmmer, wat een zu Lëtzebuerg wou een eppes ënnerhele kann: Restauranten, Bars an haaptsächlech Events. De Grond firwat ech de Blog gestart hunn ass well ech et sat hat, datt Leit mir gesot hunn, Lëtzebuerg wier langweileg an et wier näischt do fir eppes ze ënnerhuelen. Dobäi ginn et vill Saachen, déi een zu Lëtzebuerg maache kann, et muss ee just virwëtzeg an oppe sinn.

Le Fauteuil d‘Ulysse

Säit ëmmer sinn ech Moud-süchteg, dowéinst hunn ech decidéiert, mäi Blog op ze maachen ëm dës Passioun u meng Lieser weider kënnen ze ginn. Sech fräi zu engem Thema, deen ee begeeschtert, kënnen auszedrécken an ze schreiwen verschéinert engem d‘Deeg zousätzlech.

Milly‘s Melting Pot

Ech sinn d’Myriam an ech hunn e Food-Blog, wou ech haaptsächlech iwwert international a Fusion-Food-Rezepter schreiwen, awer och e bësschen iwwert meng Reesen an iwwert meng eegen Erfahrung. Ech hu mat Bloggen hobbyméisseg ugefaangen a schnell gemierkt, datt ech dat professionell maache wëll (Ech hu virdrun an der Recherche geschafft). Ech wollt meng Karriär änneren an d’Kache war schonn ëmmer ee vu menge léifsten Zäitverdreiw – ech wollt um Enn dat maache, wat mech all Dag glécklech mécht.

Related topics Blog, Blogger, Digital, Food, Iessen, Internet, Lëtzebuerg, Moud, Reesen
Next post Previous post