Search

You may also like

Dëst Joer goung et Schëtzeg
Neiegkeeten

Dëst Joer goung et Schëtzeg

Zanter elo enger décker Woch bitt d‘Entente vun de Veräiner

Expo MELTING POT – Dem Joël seng Éischt eleng!
Neiegkeeten

Expo MELTING POT – Dem Joël seng Éischt eleng!

Fir seng éischt Eenzelausstellung huet de Lëtzebuerger Artist Joël Rollinger de

Webinaire „Lëtzebuergesch an der Schoul“
Neiegkeeten

Webinaire „Lëtzebuergesch an der Schoul“

An Zesummenaarbecht mat Radio 100,7 organiséiert den Ministère fir Educatioun,

Denkmal zu Nidderkuer fir ee Joerhonnert KPL

Denkmal zu Nidderkuer fir ee Joerhonnert KPL

Mat engem Denkmal aus Granit a Bronze huet d’KPL e Samschdeg säin 100. Gebuertsdag zelebréiert. Nodeems sech um 2. Januar 1921 ganzer 18 Delegéierter vun der kommunistescher Fraktioun zesummegedoen an de Kongress vun der Sozialistescher Partei zu Déifferdeng verlooss hunn, ass zu Nidderkuer am Café Anen schliisslech d’Kommunistesch Partei Lëtzebuerg gegrënnt ginn.

An dësem Kader ware fir dëst Joer zuelräich Evenementer a Feierlechkeete geplangt, déi opgrond vun der sanitärer Kris an den domat verbonnenen Aschränkungen musse verluecht oder ofgesot ginn. Duerft een och keng grouss Aweiungsfeier vum Denkmal organiséieren, esou hu sech d’Militante vun der KPL am ganz klenge Kader zesummefonnt, fir alt wéinstens Blummen bei hirem neie Schmockstéck zu Nidderkuer néierzeleeën.

KPL© KPL / Facebook

D’Steel aus roudelzegem Granit vum Typ „Rosa Dalva“ kënnt iwwregens vun der Entreprise Mosar vun Nidderkuer, wärend d’Bronzetafel vun der Géisserei Massard vu Keel ugefäerdegt gouf. Ze gesinn ass dat typescht Symbol mat Hummer a Séchel, sou wéi d’Opschrëft „1921-2021 – Den 2. Januar 1921 ass zu Nidderkuer an der Rue de Longwy op Nummer 25 d’Kommunistesch Partei vu Lëtzebuerg (KPL) gegrënnt gin“.

Wëll dëst Denkmal ouni den Accord vum Déifferdenger Schäfferot, sou wéi der Aarbecht vun der Gemeng an den Entreprisen Massard a Mosar net méiglech gewiescht wier, dréckt d’KPL e grousse Merci aus. Gläichzäiteg hofft déi kommunistesch Partei, seng Evenementer no der Kris nohuelen ze kënnen.

Zu gudder Lescht riicht d’KPL mat engem Appell un d’Ëffentlechkeet: Mat Hëllef vu Solidaritéitsbongen, déi ee bei all Militant vun der Partei kafe kann, gëtt e Beitrag zur Finanzéierung vum Denkmal geleescht. Ma, iwwerweise kann een och direkt op de KPL-Konto (CCPL IBAN LU33 1111 0138 4369 0000, mam Vermierk „100 Joer“), woubäi de Solidaritéitsbong zougeschéckt gëtt.

Opmaacherbild: Aweiung vum Denkmal mam KPL-President Ali Ruckert (lénks), Opschrëft vun der Bronzetafel vum neien Denkmal (riets) © KPL / Facebook

Related topics 100. Gebuertsdag, Café Anen, Denkmal, Géisserei Massard, Gemeng Déifferdeng, Granit, Grënnung, kommunistesch Partei Lëtzebuerg, KPL, Mosar, Nidderkuer
Next post Previous post