Search

You may also like

moneysurprise
Eurogroupe: véier Kandidate fir de Posten als President
Kultur Neiegkeeten Stories

Eurogroupe: véier Kandidate fir de Posten als President

Haut de Mëtteg gëtt am informelle Krees vun de 19

Editorial: Boss ech brauch méi Goss
Kultur Neiegkeeten Stories

Editorial: Boss ech brauch méi Goss

Datt een iwwert Geld net schwätzt, ass, wann een es

Brexit: Boris Johnson am Clinch mam Parlament
Kultur Neiegkeeten Stories

Brexit: Boris Johnson am Clinch mam Parlament

Nach ass dem Donald Trump säi Protegé net Premierminister vu

100 Joer Lëtzebuerger Konscht – En eemolegen Abléck an eis Geschicht

„Heimat wollt ech e Steen an d’Waasser geheien“, sou huet et de Jean Fetz, President vum Lëtzebuerger Artisten Center (LAC) an Organisateur vun dëser eenzegaarteger Ausstellung ëmmer nees widderholl. Mat der Expo „100 Joer Lëtzebuerger Konscht“ léiert de Visiteur déi Kënschtler kennen, déi ee wesentleche Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Kulturzeen sinn a mat hirer Aarbecht de ganze Secteur gepräägt hunn. Et si Lëtzebuerger Landschaften, d’Gedankegäng vun den Artisten, an d’Experimentéierfreedegkeet, déi deelweis och hirer Zäit viraus waren, déi fir Erstaunen suergen.

Iwwer 2 Joer Aarbecht goufen an dës Ausstellung investéiert. D’Resultat ass en Erliefnis aus 66 Artisten an ëm 130 Wierker – 2 bis 3 Aarbechten, déi representativ fir d’Kënschtler an hire Stil sinn, an dat aus Privatsammlungen, respektiv zur Verfügung gestallt vu 4 Gemengen. D’Sich no de Konschtwierker an hiren Erschafer war dobäi wéi ee Puzzle, erkläert de Jean Fetz.

An der Entrée ass et dem Lucien Wercollier (1908-2002) säi grousst gëllent Wierk „La rampante“, dat dem Visiteur direkt an d’A fält, ier et viru geet an een Ofschnëtt, deen dem klassesche Musée noempfonnt ass.

Hei sinn et déi grouss national Klassiker vun ënnert anerem dem Harry Rabinger, dem Joseph Kutter oder och dem Nico Klopp, déi mat hiren Aarbechten d’Landschafte vu virun bal engem Joerhonnert festgehalen hunn. Vun der Stad Lëtzebuerg, iwwert d’Musel, hin zu klengen Dierfer, esou kennt ee Lëtzebuerg haut sécher net méi.

100 Joer Lëtzebuerger Konscht

„Et muss een d’Kënschtler valoriséieren“

E Musée eleng mat Lëtzebuerger Konscht, deen och eis national Konschtgeschicht presentéiert, gëtt et nach ëmmer net. Aus dësem Grond huet de Lëtzebuerger Artisten Center (LAC) sech an der Flicht gefillt, dës Ausstellung op d’Been ze stellen. Si wäert weder verlängert, nach widderholl ginn, mee soll och aner Acteuren ureegen.

Datt dëst Konzept gutt ukënnt, gesäit een un de begeeschterte Gesiichter vun de Visiteuren, an och un der Waardeschlaang. Wärend eeler Persounen houfreg sinn Wierker aus hirer Jugend erëmzegesinn a sech zeréck un fréier Zäiten z’erënneren, weisen Elteren hire Kanner wat Lëtzebuerg ausmécht a jonk Konschtinteresséierter erweideren hir artistesch Librairie.

100 Joer Lëtzebuerger Konscht
© Shari Pleimelding / moien.lu

E weidere grousse Raum bitt dofir Plaz fir weider Molereien, Skulpturen an aner Forme vu kreativer Diversitéit. D’Aarbechten vum Diddelenger Jean-Marie Biwer kucken dem Will Kesseler entgéint, bilden ee Ganzt mat ënnert anerem dem Théo Kerg senger Mixt-Technik, dem François Gillen sengen Uelegbiller, déi un de Bauhaus-Stil erënneren, dem Jeannot Bewing senger Eiseskulptur a laachen dobäi dem Marie-Josée Kerschen senger hëlzener „Geschlossene Gesellschaft“ an dem Charles Kohl sengem Bronze-Stéier zou.

Déi villfälteg Facette vun der Lëtzebuerger Konscht konnt een awer net all op enger Etage presentéieren – eigentlech wier d’Gebai u sech och net duergaangen, mee wéi et bei Ausstellungen esou ass, muss ëmmer e Choix getraff ginn.

100 Joer Lëtzebuerger Konscht
© Shari Pleimelding / moien.lu

Fir ee speziellen Higucker suergt dem Escher Will Lofy seng Bronze-Statue vun der bekannter Maus Ketty, a Kombinatioun mat zwee Nuen. E bësse Provokatioun braucht eng Expo schliisslech och. Och op der zweeter Etage vertruede si bekannte Gesiichter wéi d’Patricia Lippert an de Sumo. Den Ofschloss bilden ënnert anerem d’Su-Mei Tse, de Filip Markiewicz an de Michel Majerus – Nimm déi Kulturbegeeschterten e Begrëff sollte sinn.

Et kéint een nach esou vill méi zielen, an awer géif dat d’Visitt vun der Expo nimools a Wierder faasse kënnen. Mat den eegenen Aen ze gesinn a gläichzäiteg d’Emotiounen ze spieren ka keen Text ersetzen.

100 Joer Lëtzebuerger Konscht
© Shari Pleimelding / moien.lu

En Ofbild vun der Zäit

Schonn zënter senger Grënnung am Joer 1984 huet de LAC sech d’Zil gesat, den Dialog tëscht patren an der Ëffentlechkeet ze fërderen, wouduerch gläichzäiteg déi kënschtleresch Presenz vu Lëtzebuerger ervirgehuewe gëtt. Dëst ass déi fënneft grouss Ausstellung vum LAC a gouf erméiglecht duerch d’Zesummenaarbecht mat der Gemeng Stroossen an der Ënnerstëtzung vum Kulturministère.

A wéi wäert sech d’Konscht wuel an den nächsten 100 Joer entwéckelen? De LAC-President Jean Fetz mengt, datt et Ännerunge wäerte ginn, een awer ëmmer erëm zu den alen Techniken a Stiler zeréckfanne wäert. Och wann beispillsweis d’Fotografie e grousse Progrès maache wäert, esou kann eng klassesch Praktik wéi d’Molerei nimools ausstierwen. Wichteg wier et awer, datt d’Artisten hirem Stil trei bleiwen a sech net gezwonge fillen, sech der Zäit upassen ze mussen.

Nach bis e Sonndeg, den 11. Abrëll kann een zu Stroossen am Kulturzenter Paul Barblé (Rue des Romains) vun 10:00 bis 20:00 Auer d’Expo „100 Joer Lëtzebuerger Konscht“. D’Visitt ass gratis an Umelle muss ee sech och net. Fréi un ze sinn ass allerdéngs ee Virdeel an erspuert engem d’Waarden an der Schlaang.

Weider Informatioune ginn et op strassen.lu.

Mir wënsche vill Spaass!

Uewen fannt Dir eng Billergalerie © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics 100 Joer Lëtzebuerger Konscht, Ausstellung, Expo, Filip Markiewicz, gemeng Stroossen, Harry Rabinger, Jean Fetz, Joseph Kutter, Konschtgeschicht, Lëtzebuerger Artisten Center, Lucien Wercollier, Maus Ketty, Nico Klopp, Patricia Lippert, Su-Mei Tse, Will Lofy
Next post Previous post