Search

You may also like

De Syvicol ass nees gutt opgestallt
Neiegkeeten

De Syvicol ass nees gutt opgestallt

Beim Syvicol (Syndikat vun de Gemengen a Stied) kuckt een

Loscht op e gutt Buch?
Neiegkeeten

Loscht op e gutt Buch?

De Wanter steet net méi virun, mee iergendwéi scho matten

Galerie: Stroossekënschtler an der Haaptstad, eng Momentopnam
Neiegkeeten

Galerie: Stroossekënschtler an der Haaptstad, eng Momentopnam

Mat net manner wéi 29 international Kënschtlerensembele fir 95 Optrëtter

100 Joer Natur & Ëmwelt

„Gefeiert“ gouf am virtuelle Raum, woubäi de Kongress natierlech nees an éischter Linn op déi klimatesch Urgence huet missen hiweisen

100 Joer Natur & Ëmwelt

D‘Asbl Natur & Ëmwelt gehéiert scho länger zum nationale Patrimoine, mee leider muss een no 100 Joer Asaz vir de Natur- an Déiereschutz feststellen, de Mënsch, d‘Wirtschaft an d‘Politik hunn et net verstanen dëse Planéit ze schützen. Déi Dausende Memberen an Ënnerstëtzer vun der Asbl, hunn awer net wëlles sech ophalen ze loossen.

Fir de President Roby Biwer, dee sech doriwwer gefreet huet, datt d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg d‘Asbl Natur & Ëmwelt als „onëmgängleche Partner“ vun der nationaler Politik (gemengt ass d‘Regierung) bezeechent huet, war et wichteg kloerzestellen, datt et der Asbl net un Erausfuerderunge gefeelt huet, an esou wéi een ënnerwee ass, nach haart Kämpf bevirstinn.

De President, deen natierlech léiwer am grousse Krees mat engem fette Kuch a lecker Cremant dësen 100. Anniversaire gefeiert hätt, hofft allerdéngs, datt d‘Leit sech am Kontext vun der Covid19-Pandemie bewosst gi sinn, datt et esou net méi ka weidergoen. Woubäi et eigentlech längst ze spéit ass, et sief dann, d‘Welt wier bereet déi klimatesch Noutbrems ze zéien. Mee geet dat?

Wien och nëmmen eng Grëtz Verstand besëtzt a liese kann, weess datt och en direkten Emissiouns-Stopp net méi verhënnere kann, datt sech de Planéit ëm +1,5°C erhëtzt. Et dierft een esouguer gutt driwwer leien. Esou wéi Wirtschaft a Politik virginn, wäert eis d‘Pandemie 2030 wéi eng agreabel Vakanz virkommen. Eidel Verspriechen a Klimakonferenzen ouni „Aktioun“ bréngen eis grad ëm.

Wann ee sech selwer am Wee steet

An de Roby Biwer weess datt een net muss Expert sinn, an et eigentlech géif duer goen, wann een d‘Ae géif opmaachen an en Ament laang d‘Natur géif observéieren. Esou sollt ee sech emol d‘Fro stelle wou déi ganz Insekten hi sinn. Wéi ass et mat de Mécken déi ee „belästegen“ an eigentlech Fuddermëttel fir eis Vullepopulatioune sollte sinn? Wou sinn d‘Beien? Wou ass d‘Biodiversitéit?

Et huet natierlech missen iwwert d‘Klimakonferenz a Schottland (COP26) geschwat ginn. Eng vun den erwisenermoossen – a zwar zanter Kyoto – verlugenste Veranstaltungen op der Welt, där hire CO²-Foussofdrock net déi eenzeg Feelleeschtung ass. De Roby Biwer huet en Appell u Politik a Gesellschaft geriicht, elo – an zwar onmëttelbar – op d‘Brems ze trëppelen a sech ze besënnen.

A well de Mënsch an de Dag era lieft, dat ouni sech iwwert d‘Zukunft vun „anere“ Generatiounen ze maachen, gesäit et schlecht aus. Datt d‘Zoonose wéi de Klimawandel vum Mënsch gemaach sinn, léist sech net méi dementéieren, och wa grad Industrie a Wirtschaft Milliarden ausgi fir eis eppes weider an d‘Verdierwen ze dreiwen. Et muss elo eng geschéien, oder et kann een et loossen…

Illustratioun: © Jeremy Bishop / unsplash

Related topics CO²-Emissiounen, Covid19-Pandemie, Klimawandel, Natur an Ëmwelt, Naturschutz, Roby Biwer
Next post Previous post