Search

You may also like

Katastroph vu Genua: Rette wat nach ze retten ass
Neiegkeeten

Katastroph vu Genua: Rette wat nach ze retten ass

Déi ganz Nuecht iwwer hu Sauveteuren am Ëmfeld vum agestierzte

Wéi gutt kenns du d’Herrscher vu Lëtzebuerg?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Herrscher vu Lëtzebuerg?

[onionbuzz quiz-id=170][/onionbuzz] Lëtzebuerg huet a senger laanger Geschicht als Grofschaft,

Google bréngt eis näischt
Neiegkeeten

Google bréngt eis näischt

De Kaf vun Terrainen, en Ufank vun enger Geneemegungsprozedur, Spekulatiounen

100 Joer natur&ëmwelt: Maacht mat bei der Conscious Challenge!

100 Joer natur&ëmwelt: Maacht mat bei der Conscious Challenge!

An dësem Joer feiert natur&ëmwelt säin 100. Gebuertsdag. Nieft de Feierlechkeeten huet d’Vereenegung verschidden Aktiounen, wéi beispillsweis déi sougenannt Conscious Challenge fir sozial Netzwierker ausgeschafft.

Ab dem haitegen 1. Abrëll rifft natur&ëmwelt fir ee ganzt Joer d’Conscious Challenge op Instagram a Facebook an d’Liewen. Hir Follower an interesséiert Persounen ginn dobäi opgefuerdert un enger Wochenchallenge an enger eemoleger Erausfuerderung fir de Weekend deelzehuelen.

All Méindeg, bezéiungsweis Donneschdeg, erwaarden Iech 100 Aufgaben zum Thema Uechtsamkeet, Ressourcëschounung an Naturschutz. Déi spannend Aufgabe sollen dobäi zur geliefter Nohaltegkeet an dem konkreten Naturschutz inspiréieren. Egal ob Foto oder Video, Story oder Post, markéiert Äre Beitrag mam Hashtag #Conscious Challenge an #100joer.

Och op www.naturemwelt.lu/100joer ginn déi verschidden Challenges verëffentlecht, sou datt och Persounen ouni sozial Netzwierker deelhuele kënnen.

Related topics 100. Gebuertsdag, Aufgaben, Conscious Challenge, Facebook, Instagram, natur&ëmwelt, Naturschutz, Nohaltegkeet
Next post Previous post