Search

You may also like

Rappell: Glasstécker an de Bio Schoko Kichelcher vu GEPA
Kultur Neiegkeeten

Rappell: Glasstécker an de Bio Schoko Kichelcher vu GEPA

D‘Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet rifft d‘Bio Schoko Cookies vun

Beaufort Knights: Een intensiivt Spill mat déiereschem Besuch!
Kultur Neiegkeeten

Beaufort Knights: Een intensiivt Spill mat déiereschem Besuch!

Mat de Mechelen Golden Sharks haten d’Beaufort Knights sech ee

surprise
Fleegeversécherung: De Minister ruddert zréck
Kultur Neiegkeeten

Fleegeversécherung: De Minister ruddert zréck

Bei enger Entrevue tëscht dem Sozialminister Romain Schneider an dem

100 Joer Russen zu Lëtzebuerg – Geschichte vun enger atomiséierter Diaspora

Ee Buch vun der Fondatioun Lydie Schmit, an Zesummenaarbecht mat dem C2DH vun der Universitéit Lëtzebuerg

100 Joer Russen zu Lëtzebuerg – Geschichte vun enger atomiséierter Diaspora

Dat historescht Wierk 100 Jahre Russen in Luxemburg vun der Migratiounsfuerscherin Dr Inna Ganschow, selwer mat russesche Wuerzelen, beschreift d’Migratioun vun de Russen op Lëtzebuerg am 20. an 21. Joerhonnert. Déi breet Duerstellung vun de Wanderstréim tëscht béide Länner gëtt mat villen Daten a Fakten, wéi och zuelräichen, bis ewell nach onverëffentlechten Dokumenter a Biller presentéiert.

Eng Villzuel vu Schicksaler, sief et vun Eenzelpersounen oder och ganze Familljen, ginn gewisen. Bis haut kënnen hir Geschichten an der Lëtzebuerger Bevëlkerung noverfollegt ginn. Dëst Buch stellt déi éischt ëmfaassend Publikatioun zum Thema duer.

Dobäi bezitt ee sech op eng Fuerschungsaarbecht vun e puer Joer, déi am Kader vum Zentrum fir zäitgenëssesch an digital Geschicht vun der Universitéit Lëtzebuerg (C2DH) duerchgefouert ginn ass. Dank hire Sproochkenntnisser konnt d’Auteurin russesch Archiver benotzen an nei Asiichten, ënnert anerem och an d’Geschicht vun de Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierten an Tambow gewannen.

An diverse Gespréicher mat den Nokomme vun den Emigranten konnt hir Geschicht weider ausgebaut ginn. Ma, och déi rezent russesch Emigratioun gëtt hei duergestallt.

Weider Informatiounen

De Band, mat sengen 380 Säiten, gëtt Enn Abrëll 2020 verëffentlecht. Fir 45,00 € kritt een d’Wierk bei der Librairie Ernster, der Librairie Diderich (Esch) an der Librairie um Fieldgen (Gare).

Related topics 100 Jahre Russen in Luxemburg, 100 Joer Russen zu Lëtzebuerg – Geschichte vun enger atomiséierter Diaspora, C2DH, Dr Inna Ganschow, Migratioun, Nokommen, Schicksal, Uni.lu, Vergaangenheet
Next post Previous post