100 Minutte Weltpolitik

Den Ausseminister Jean Asselborn hat nach Terminer an esou gouf déi international politesch Situatioun a kompriméierter Form duerchgeholl

Wann et sécher richteg ass, datt de Lëtzebuerger Bierger zu Stonn, aus nationaler Siicht, genuch ëm d‘Oueren huet, esou dierf net vergiess ginn, dat de Cyclist vu Stengefort, seng Aussepolitik och am Déngscht vun de Bierger a Residente vu Lëtzebuerg mécht. An esou verwonnert wuel och keen, datt de Covid19 an d‘Iwwerzeegungsaarbecht bezunn op d‘Impfen, vill Plaz ageholl hunn.

De Jean Asselborn (LSAP) setzt sech esou och perséinlech fir d‘Impfung an, well et dat eenzegt ass wat hëlleft dem Covid19 Här ze ginn. Ee Covid19, deen, esou erënnert den Ausseminister, iwwert ee gewëssen Zäitraum ewech, dat europäescht Gerëscht zolidd duerchzerëselen. De fräie Verkéier – hei fir d‘Mënschen – war jo kuerzfristeg eppes ausser Kraaft gesat ginn, an ass et partiell och nach.

Eisen Ausseminister ass op déi gehéiereg Präisdeierecht am Kontext vun der post-Pandemescher Wirtschaftsreprise agaangen. Zu Lëtzebuerg ass et jo besonnesch de Bausecteur a folgerichteg d‘Handwierk, datt duerch dës Haussen an/oder Penurie u Réistoffer grad eng kritesch Period erdroe loossen. Dat kann een esou och op d‘Hausse vun de Pëtrol, Gas a Stroum Präisser behaapten.

Asselborn
© Chambre des Deputes

An dësem Kontext begréisst den Ausseminister, datt et bannent der Unioun Incitatiounen huet, déi nees zu enger gréisserer europäescher Autonomie féiere sollen. Et ass dann nach iwwert de Klima geschwat ginn, woubäi hei de Fokus op de „Green Deal“ geluecht gouf, also de wirtschaftleche Volet vun enger Kris, déi esou fortgeschratt ass, datt de Bremswee bis zur Mauer net anzehalen ass.

Beklot huet de Jean Asselborn, dat engersäits weltwäit, awer mëttlerweil och bannent der Unioun, den Ëmgang mat der Rechtsstaatlechkeet ze wënsche léist. Hien ënnerstëtzt, datt d‘Kommissioun sech fir eng Budget-Konditionalitéit entscheet huet. Wien sech un EU-Recht an d‘Wäerter vum Staatebond hält, soll weder Geld kréien, nach dierfen iwwert nei Direktive matentscheeden.

Asselborn
© Chambre des Deputes

Dat dierft komplizéiert ginn, well et brauch jo Unanimitéit fir dës Konditiounen ëmzesetzen. Déi brauch et iwwregens och bei der Ausgestaltung vun der Migratiouns- an Asylpolitik. Et sollt eng gemeinsam, op Solidaritéit opgebaute Politik sinn. Dat gesinn awer Éisträich, Polen an Ungarn, mee mëttlerweil och Griicheland, Italien a Malta eppes anescht. Dänemark huet schonn duerchgegraff.

Am Kontext vun de verännerte Muechtverhältnisser am Afghanistan, wou Lëtzebuerg sech wuel als eenzeg Natioun anstänneg beholl huet, notéiert de Sozialist, datt Lëtzebuerg sech fir eng den internationalen an europäesche Verflichtungen entspriechend Virgoensweis entscheet hätt. D‘EU misst sech als Referenz fir d‘Solidaritéit, d‘Mënscherechter an d‘Rechtsstaatlechkeet beweisen.

Asselborn
© Chambre des Deputes

D‘Osterweiderungspläng vun der Europäescher Unioun goufen net vergiess. Hei notéiert de Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie, datt et mat den ugestriefte Reformen net esou klappt wéi ee sech dat erhofft huet. Bezunn op d‘Demokratieverständnes vu gewësser Länner, kann een dat nëmme bestätegen. Dat trëfft esou och op d‘Tierkei zou, mee den NATO-Partner léist sech net zëssen.

Mat dem Zar Vladimir I. A Russland generell huet et och Dissonanzen, a China mécht aktuell och éischter Problemer. Et gëtt hei esouwuel ëm komplizéiert Handelsbezéiungen, Sanktiounen an déi – jee no politescher Wiederlag – emol méi, emol manner wichteg Mënscherechter. EU a Lëtzebuerg missten sech méi um afrikanesche Kontinent abréngen, wou China op Expansiounskurs ass.

Asselborn
© Chambre des Deputes

Bleift ofschléissend nach den Hiwäis vum déngschteelsten EU-Ausseminister, datt d‘Zukunft vun der Unioun an den Hänn vu de Jonke läit. Firwat dann awer d‘Politik weder op déi Jonk lauschtert, nach op hir Besoinen a Fuerderungen ageet (dat ass an der Nationalpolitik net anescht) huet den Mann op der Tribün vun de Chamber net erkläert… Haut gëtt et dann awer en Debat zur Ried.

Foto(en): © Chambre des Deputes

Dernières nouvelles