Altersaarmut an Däitschland
Exportweltmeeschter a Motor vun der Europäescher Unioun awer net Amstand
Exportweltmeeschter a Motor vun der Europäescher Unioun awer net Amstand
De Luxembourg City Tourist Office (LCTO), d‘Stad Lëtzebuerg, d‘Arméi an
Um Vergaangene Freideg huet S.A.R. de Groussherzog Henri bei enger
Schonn zënter Méint kämpft Griicheland mat enger uerger Flüchtlingskris, d’Camps sinn iwwerlaf a mat der aktueller Coronakris riskéiert een eng rapid Verbreedung vum Virus.
Aktuell si méi wéi 5.000 Mannerjäreger ouni Begleedung a Griicheland, dovunner 1.600 op den Inselen vum Ägäesche Mier. Déi 12 Kanner, déi de Moien zu Lëtzebuerg gelant sinn, sinn tëscht 11 a 15 Joer jonk, hunn déi afghanesch, respektiv syresch Nationalitéit a komme vun de griicheschen Inselen Lesbos, Samos a Chios.
Empfaange goufen d’Flüchtlingskanner vum Minister Jean Asselborn an de Responsabelen vun der Caritas. Wärend 2 Woche gi si elo a Quarantaine gesat a ginn duerno am Norde vum Land ënnerbruecht. D’Caritas an den Office National de l’Enfance (ONE) këmmere sech ëm den Accueil, wéi och de sozialen Encadrement a bidden déi néideg Ënnerstëtzung fir déi alldeeglech Demarchen déi elo op d’Kanner duerkommen.
Virgesinn ass, datt d’Demandeure fir internationale Schutz, déi zu Lëtzebuerg relokaliséiert ginn, d’Prozedur duerchlafen, déi vum Gesetz vum 18. Dezember 2015 vum internationalen an temporäre Schutz virgeschriwwen ass.
Fotoen an der Galerie © SIP / Jean-Christophe Verhaegen