Search

You may also like

Editorial: De Mëssbrauch gouf och vun der Politik vertuscht
Neiegkeeten Stories

Editorial: De Mëssbrauch gouf och vun der Politik vertuscht

Wann sech haut d‘Kierchemänner mat hirer Direktioun am Vatikan eng

Lëtzebuergesch ass Deel vun eisem Land an eiser Identitéit. Elo ginn d’Bierger gefrot, wéi een se weider stäerke kann
Neiegkeeten Stories

Lëtzebuergesch ass Deel vun eisem Land an eiser Identitéit. Elo ginn d’Bierger gefrot, wéi een se weider stäerke kann

Se gehéiert zu eisem Alldag. Et dierf een se bei

Wéi gutt kenns du Beetebuerg?
Neiegkeeten Stories

Wéi gutt kenns du Beetebuerg?

[onionbuzz quiz-id=169][/onionbuzz] Beetebuerg kennt all Kand – ënnert anerem wéinst

12 Méint an 12 Geschichten: D’Autismus-Spektrum-Stéierung a seng Diagnos (Deel 4)

12 Méint an 12 Geschichten: D’Autismus-Spektrum-Stéierung a seng Diagnos (Deel 4)

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Heivir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich, a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.

Nodeems mir an deenen éischten 3 Méint ganz bestëmmte Liewensberäicher am Zesummenhang mat Autismus beliicht hunn, riichte mir an dësem Mount vum Weltautismusdag eis Opmierksamkeet op d’Behënnerung Autismus souwéi op den Diagnostik vum Autismus-Spektrum. 

Autismus ass en eeschten Handicap, deen net heelbar ass a vun deem eleng hei zu Lëtzebuerg méi wéi 6.000 Persoune betraff sinn. Vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) gëtt Autismus méi präzis als eng déif gräifend neurologesch Entwécklungsstéierung definéiert. An éischter Linn weise Mënsche mat Autismus Schwächen hisiichtlech der sozialer Interaktioun a Kommunikatioun ob. Weider Symptomer kënne stereotypesch Verhalensweisen an ausgepräägt Spezialinteresse sinn. 

Allerdéngs ass Autismus e ganz breede Spektrum, dee bei all Persoun ënnerschiddlech Auswierkunge kann hunn. Woubäi déi eng Persoune just a verschiddene Beräicher bestëmmte Problemer hunn, sinn déi aner Persoune ronderëm d’Auer (24/7) op Ënnerstëtzung vun enger zweeter Persoun ugewisen a mussen hiert Liewe laang an enger spezieller Wunnstruktur fir Mënsche mat Autismus betreit ginn. 

De Service Diagnostique vun der FAL ass dofir do, fir wann eng Persoun sech d’Fro stellt, op si eventuell kéint am Spektrum vum Autismus sinn. 

Fir méi doriwwer gewuer ze ginn, wéi eng Auswierkungen den Autismus op dat eegent Liewe kann hunn, hu mir eis mat e puer betraffene Persoune getraff. Allen 3 Betraffener gehéieren zu deene Persounen, déi trotz dem Autismus en héije Funktiounsniveau hunn an hiert Liewe selbststänneg féiere kënnen. Si gehéieren zum fréieren „Asperger-Syndrom“. 

Zudeem hunn eis d’Elodie Hirtz, eng Psychologin vum Service Diagnostique vun der FAL, an den Psychiater Dr. Jacques Bernard, dee bei dësen Diagnosverfahre mat schafft, erkläert, wéi sou een Diagnosverfahre fir den Autismus-Spektrum ofleeft a wat da elo genee esou eng neurologesch Entwécklungsstéierung ass. 

12 Méint 12 Geschichten
© Youssef Naddam / unsplash

„Verständnis vum direkten Ëmfeld ass ganz wichteg, fir datt d’Persoun mat Autismus sech an alle Situatioune wuel fille kann.“

Fir méi iwwert d’Behënnerung Autismus souwéi och iwwert den Diagnostik vum Autismus gewuer ze ginn, hu mir eis mam Elodie Hirtz a mam Psychiater Dr. Jacques Bernard getraff dee schonn iwwert 10 Joer an senger eegener Praxis schafft a praktesch säit dem Ufank un mat der Fondatioun. D’Elodie schafft scho säit 3 Joer am Service Diagnostique vun der FAL als Psychologin. 

Zu senger Zesummenaarbecht mat der FAL seet eis den Dr. Bernard: „Ech schaffe mat de Psychologen vun der Ekipp Diagnostik an déi gesinn, parallel, déi selwecht Leit ewéi ech. All zwou Wochen gesinn ech d’Ekipp wou mir dann, iwwert dee Patient dee si an ech gesinn hunn, kënnen austauschen fir d’Diagnos ze stellen. D’FAL brauch en zweeten Avis, deen ech als Dokter ginn. An der Psychiatrie ass d’Diagnos eng klinesch Aschätzung an ech als Dr maachen d‘Differentialdiagnosen fir aner Diagnosen auszeschléissen.

Den Autismus presentéiert sech oft mat aner Diagnosen an d’Zil vun der Differentialdiagnos ass et fir den Autismus net mat den Haut Potentiel, d‘Psychose, oder och nach mat aner Entwécklungsstéierungen wéi d’Dyslexie ze verwiesselen. Jo, dat muss een alles differenzéieren fir ze kucken ob dann elo wierklech d’Kär oder d’Haaptdiagnos Autismus ass. Wann een d‘Differentialdiagnos gemaach huet, gesäit een ob all Kritären erfëllt sinn.“

Op eis Fro hin, bei wéi engen Unzeechen et rotsam wier, eng Diagnos fir den Autismus-Spektrum unzefroen, huet d’Elodie eng kloer Äntwert: „Jiddefalls dierf ee keng Angscht hunn, eng Diagnos unzefroen! Vue datt Autismus e sou ee breede Spektrum ass, ass et elo schwéier ze soen, datt bei deenen an deene Symptomer ee sech ka sécher sinn, datt et Autismus ass.

Mee wann ee beispillsweis scho mierkt, datt an der Kommunikatioun eppes anescht ass an ee beispillsweis Problemer domadder huet, sech auszedrécken oder déi nonverbal Kommunikatioun richteg ze verstoen, oder wann ee ganz kloer Schwieregkeeten am soziale Beräich bemierkt, beispillsweis datt d’Kand net mat anere Kanner spille wëll a sech a soziale Situatiounen onwuel fillt, kënne schonn déi éischt Zeechen op Autismus sinn. Egal wéi ass et menger Meenung no bei all Zweiwel ëmmer dat Richtegt, eng Diagnos unzefroen.“

12 Méint 12 Geschichten
© Priscilla du Preez / unsplash

Wéi d’Elodie erkläert, ass et fir eng kloer Diagnos ze kréien, wichteg, datt d’Ekipp esou vill wéi méiglech Informatiounen iwwert d’Persoun zesumme kritt, fir dann ee komplett Bild vun dëser Persoun ze hunn: „Fir kënnen ze garantéieren, datt mir e richtegt Resultat kréien, grad well de Spektrum esou grouss ass, ass et wichteg, datt mir d’Persoun wierklech an allen Liewensberäicher beuerteelen an e Gesamtbild vun hir kréien. Et ginn also wierklech vill Saache berécksiichtegt, wéi beispillsweis d´Emotiounen, hir Verhalensweis a verschiddene Situatiounen, d´Reaktiounen op Verännerunge souwéi d´Empathie.“

Zu dësem Punkt seet och den Dr. Bernard : „Bei méi eeler Patienten wou een eng Diagnos mécht, wann do d’Infoe vun der Kandheet feelen oder d’Leit se net méi wëssen a leider kënne mir och net méi op d’Elteren, oder op Filmmaterial zum Beispill zeréckgräifen, dann ass et méi schwiereg. Bei enger eelerer Persoun, wéi bei anerer och, ass et wichteg ze wëssen ob et vun der Gebuert un do war“.

Et ass ni en einfache Prozess, an oft ass e laang, mee wat kéint ee maachen fir dëst Zäitspan ze verkierzen ? Dozou äntwert den Dr. Bernard :“ D’Elteren déi gesinn datt et Symptomer ginn wéi ee Retard an der Sprooch oder zum Beispill Interaktiounsproblemer mat anere Kanner,solle si sech direkt bei engem Pedopsychiater mellen deen se herno weiderleede kann. De Gang bei de Kannerpsychiater gëtt menger Meenung no nach ëmmer stigmatiséiert. D’Leit solle virun engem Psychiater keng Angscht hunn,…et muss jo kee gewuer ginn datt ee beim Dokter war.“

D’Tester hu sech an de leschte Joren weider entwéckelt an ëmmer nees verbessert. Ëmmer méi fréi kënnen d’Kanner getest ginn. Wéini et rotsam ass eng Diagnos ze froen mengt den Dr. : „ Wat éischter wat besser! Da kann ee scho fërderen, also eng konkret Hëllef. Anerersäits ass et awer och datt wat méi fréi wat et méi schwiereg ass. Et ass jo eng Entwécklungskrankheet, dat heescht datt wa mat engem Joer dat een oder anert net do ass da kënnt et vläicht nach no. Dofir ass et méi virsiichteg ze soen ab 3 Joer.“

Mir wollten awer och wëssen ob d’Prevalenz vun enger Persoun op 100 déi vun Autismus getraff ass och stëmmt an wat verbessert kéint ginn? Den Dr. Bernard: „ Ech krut wärend mengem Studium gesot datt wann ech a mengem Liewen een eenzege Autist géif gesinn dann hätt ech Chance…elo gesinn ech 6-7 Leit d’Woch. Mir wëssen elo méi wéi virdrun awer zu den Ursaachen déi dozou féieren nach net esou vill. Aktuell ginn eng Rei Krankheeten bei Kanner beim Pediater iwwerpréift an et kéint een esou Diagnosen zum Beispill mat afléisse  loossen fir ze kucken wéi ass seng Sproochentwécklung an sozial Interaktioun ? Dat géif sécherlech hëllefen. Et misst ee nach kucken wien datt géif maachen oder och ob eventuell eng Ekipp an de Schoule géif goen…oder vläicht och souguer bei der FAL ?“

Zu gudder Lescht mécht d’Elodie dorop opmierksam, datt den éischte Schrëtt zur Besserung ëmmer an der Akzeptanz läit: „Wat fir mech perséinlech am wichtegsten ass, ass ze akzeptéieren, dat jiddereen anescht ass. Et gi keng zwou Persounen déi genau d‘selwecht sinn, mir funktionéieren all anescht. Verständnis vum direkten Ëmfeld ass also ganz wichteg, fir datt d´Persoun mat Autismus sech an alle Situatioune wuel fille kann.“ Fir den Dokter Bernard heescht et datt ee just aneschters ass wéi déi meeschte aner Leit. Dat heescht awer net besser oder méi schlecht wéi déi aner. D’Gesellschaft ass ëmmer op d’Majoritéit vun hire Leit ausgeriicht an wann een aneschters ass da gëtt een do net esou gutt eens“.

Wéi den Dr. Bernard ënnerstrach huet : „Trotz eenzele Schwieregkeeten déi kënne opkommen setzen mir eis d’Zil grad bei der Fondatioun eng ganz kloer Diagnos ze stellen: Jo oder Nee. Dovun hänkt och of ob de Patient hëllef ka kréien oder net.“

Appell un d’Familljen

All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Problemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.

Sieft och dobäi wa mir am Februar eis Opmierksamkeet op romantesch Bezéiungen an op d’Sexualitéit bei autistesche Persoune riichten.

Geschriwwe vum Jodie Schmit – FAL
Opmaacherbild: © Ashley Batz / unsplash


Related topics 12 Méint 12 Geschichten, Autismus, Diagnos, Dr. Jacques Bernard, Elodie Hirtz, FAL, Fondation Autisme Luxembourg, Interview, Psychiater, Service Diagnostique
Next post Previous post