Search

You may also like

Chantier an der Märeler Strooss (23.-30.08.2021)
Neiegkeeten Stories

Chantier an der Märeler Strooss (23.-30.08.2021)

Duerch Uschlossaarbechten an der Märeler Strooss wäert et an der

What the Fakt – Wéi vill Bevëlkerung ass ze vill?
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Wéi vill Bevëlkerung ass ze vill?

Um haitegen 11. Juli dréit sech alles ëm d’Weltbevëlkerung. Nodeems

Zesummegefaasst: Wat ass elo wou an zu wéi vill erlaabt?
Neiegkeeten Stories

Zesummegefaasst: Wat ass elo wou an zu wéi vill erlaabt?

Nodeems bei der Chambersitzung vum 8. Januar dat neit Covid-Gesetz

12 Méint an 12 Geschichten: Autismus an der Aarbechtswelt an am Beruffsliewen (Deel 1)

12 Méint an 12 Geschichten: Autismus an der Aarbechtswelt an am Beruffsliewen (Deel 1)

Wéi kann ee sech als Persoun mam Asperger Syndrom an der Aarbechtswelt integréieren a wéi eng Erausfuerderunge ginn et net nëmme fir déi betraffe Persoun, mä och fir de Patron a fir d’Aarbechtskollegen?

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Heifir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich, a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.

Autismus ass een eeschten Handicap, vun deem méi wéi 1 Persoun vun 100 betraff ass.

Dëst mécht eleng hei zu Lëtzebuerg méi wéi 6.000 Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung (ASS). An awer wëssen nëmmen déi mannst, wat Autismus wierklech ass a wat dësen Handicap fir déi betraffe Persoun an hiert Ëmfeld bedeit.

Säit Januar interesséiere mir eis u ganz bestëmmte Liewensberäicher am Zesummenhang mat Autismus. Am Abrëll, Mount vum Weltautismusdag, hu mir eis Opmierksamkeet op  d’Behënnerung Autismus, souwéi op den Diagnostik vum Autismus-Spektrum geluecht. Wéi mir et bis elo scho gesinn hunn, ass all Persoun am autistesche Spektrum ganz individuell. An esou individuell wéi si och ass, esou individuell kënnen och hir Problemer sinn, bei deene si op Ënnerstëtzung ugewisen ass.

D’Aarbechtswelt ass keng einfach Welt. Déi meescht Leit am Spektrum hu Schwieregkeete fir eng sécher Plaz ze fannen a sech an enger Ekipp ze integréieren. Fir méi doriwwer gewuer ze ginn hu mir mat verschiddene Mënschen aus dem Autismus-Spektrum iwwert hir Erfarungen am Beräich vun der Aarbecht a vum Beruffsliewen geschwat.

Aus hiren Aussoe kann ee besser verstoen op wat een als Patron soll Récksiicht huelen a wéi een d‘Situatioun fir béid Säite kéint vereinfachen. Mir gesinn am Laf vum Artikel datt och net nëmmen repetitiv Aarbechten méiglech sinn wéi oft ugeholl gëtt. Alles hänkt vun de Kompetenze vun der Persoun an vun der Collaboratioun vun den Aarbechtskollegen of.

Zudeem huet eis d’Martine Weber, säit 2008 bei der Fondatioun a säit 2015 Responsabel vun der Gestioun vun de Ressources humaines, erklärt op wat ee soll oppassen wann een eng autistesch Persoun astellt. Si ass der Meenung, datt een net vu vir eran soe soll, dat ee bestëmmte Beräich näischt fir autistesch Leit ass.

Autismus an der Aarbechtswelt
© Lars Kienle / unsplash

„Ech muss schaffen! Ech brauch Schaffe fir mäi System am Kapp och bäizebehalen.“

De Joel schafft säit Abrëll 2021 als Interimaire an engem Labo zu Lëtzebuerg. Et soll awer nach fir e weidergoe, well en als Plang huet an der Educateur gradué’s Schoul zu Léck weider ze léieren.

Joel, du hues 15 Méint an enger Bus-Firma geschafft a bass elo an engem Lëtzebuerger Labo.  Wéi fills du dech op der aktueller Plaz ?  

Et ass interessant. Hei huet ee mol nach Zäit fir an d‘Cafeteria iessen ze goen. Et ass méi mënschlech, well och de Kader ginn ass fir et ze erlaben. Beim Labo ass den Aarbechtsklima ganz fein. Virdru war et esou : du sëtz dech an de Bus an du fiers… Dat war elo net dat esou fir mech, mee dat wousst ech am Ufank net…dat hunn ech esou eraus fonnt iwwert e Prozess.

Ass däin Aarbechtsëmfeld dann ugepasst ginn?

Nee, ech kommen als klasseschen Employé. Do muss ech dann dem normale Rhythmus nogoen. Heiansdo geet, jee no Tâchen déi ech deen Dag hunn, dann och d’Mëttegpaus drop. De Kontrakt ass just fir dräi Méint an e kéint erneiert ginn, mee ech wëll och en anere Patron fanne fir meng zukünfteg Studien.

Du hues vu Tâchen vum Dag geschwat, kriss du se da laang am Viraus gemellt an erkläert?

Nee, et ass ëmmer vun Dag zu Dag. Elo geet et… awer am Fong well ech weess datt ech Mëttes mäi Planning fir den Dag drop kréien. Ech kucken et dann Owes doheem relax. Am Ufank sinn ech net eens gi mat der Situatioun, mee dat ass ëmmer de Fall wann een eppes Neies ufänkt.  Dat dauert dann eng bis zwou Wochen an dann ass et ok.

Bei verschiddenen Tâchen a wann d’Kommunikatioun net kloer ass, da gi ech net eens well ech et aneschters interpretéieren. A wann et fir deen ee kloer ass dann ass et dat vläicht fir mech net well ech méi Detailer brauch. Heiansdo ass da keng Zäit fir et besser erkläert ze kréien an et mécht een eenzel kleng Feeler.

Géifs du soen dass du schaffe muss fir dech ze strukturéieren ?  

Ech muss schaffen! Ech brauch Schaffe fir mäi System am Kapp och bäizebehalen. Ech ka moies net opstoen an ech hunn näischt um Plang. Ech hunn e Wocheplang doheem, dat hëlleft vill. Ech schreiwen drop wat opsteet, wat wichteg ass an der Woch. Ech war scho säit klengem een deen net konnt sëtze bleiwen. Wéi de Voltaire sot: „et soll ee säin eegene Gaart beaarbechten“. Et ass net nëmme fir säin Dag ze strukturéieren, mee fir sech och sënnvoll ze fillen. Net doheem ze setzen an ënner ze goen. Ech kann et an da wëll ech jo och schaffen.

Schaffen ass also och wichteg fir dech fir mat anere Leit zesummen ze sinn. D’sozial Interaktioune si bei dir also net limitéiert ?

D’Leit mengen mir wieren an deem soziale limitéiert, mee et ass jo e Spektrum an eenzel autistesch Persoune brauchen eben méi sozial Kontakter. Anerer brauchen der manner a si frou wann se de ganze Dag e Bildschierm viru sech hunn. Dat war bei mir ni de Fall…ech hunn natierlech och meng Phasen wou ech kee wëll gesinn. Mee ech sinn een dee soziale Kontakt brauch.

Hues du nach e Message fir d’Leit am Spektrum déi nach op der Sich sinn no enger Aarbecht ?

Se sollen sech net decouragéiere loossen a weider sichen. Mir autistesch Leit sinn eben aneschters an et hëlt da méi Zäit fir datt d’Gesellschaft dat versteet.

D’Hoffnung soll een op alle Fall net opginn, och wann et méi laang dauert. Et soll ee sech och net vergläichen, also keng “comparaison sociale” am Stil : deen een huet schonn eng Aarbecht, deen aneren huet schonn en Haus. Bei eis am Spektrum geet eben alles op engem anere Rhythmus. Mir erreechen eist Zil och.

Als lescht géif ech soen, datt et vill hëlleft wann een e Bilan sensoriel bei engem Psycholog opstellt. Et ass wichteg fir ze kucken wat ee wëll a wat ee kann oder wat ee net kann fir d’Echecen ze reduzéieren. Et soll ee sech net schummen. Et ass keng Schwächt fir extern Hëllef unzefroen. Déi Optioun soll een net direkt ewech sträichen.

Appel un d’Familljen

All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Probleemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen:

Wichteg Info: De Service Soutien vun der FAL ass fir all Persoun, déi zu Lëtzebuerg lieft oder cotiséiert, an déi eng Diagnose Autismus- Spektrum-Stéierung, souwéi fir hir Famill an hiren Entourage, zougänglech.

D’Familljen, déi vun dësem Service profitéiere wëllen, kënnen sech entweeder per Telefon ënnert der Nummer 26 91 11 – 1 oder per mail un soutien@fal.lu mellen. Déi ganz Ekipp mécht hir Bescht, fir de Famillje bei allen Froen oder spezifesche Besoinen zu all Moment zur Verfügung ze stoen.

D’Käschte vum Service Soutien gi vum Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région (MIFA) iwwerholl an ass soumat fir d’Famillje gratis.

Sieft och dobäi wa mir am Abrëll eis Opmierksamkeet op d’Fondation Autisme Luxembourg riichten.

Matgedeelt vun der Fondation Autisme Luxembourg (FAL)

Opmaacherbild: © National Caner Institute / unsplash


Related topics 12 Méint 12 Geschichten, Aarbechtswelt, Asperger-Syndrom, Autismus, Autismus-Spektrum-Stéierung, Beruffsliewen, FAL, Fondatioun Autismus Lëtzebuerg, Joel, Labo
Next post Previous post