Search

You may also like

Annapolis: Schéisserei an der Zeitung, fënnef Mënsche musse stierwen
Neiegkeeten Stories

Annapolis: Schéisserei an der Zeitung, fënnef Mënsche musse stierwen

An Der Redaktioun vun der „The Capital Gazette“ zu Annapolis,

Mäertchen: E gudde Maufel op Invitatioun vun der Regierung
Neiegkeeten Stories

Mäertchen: E gudde Maufel op Invitatioun vun der Regierung

E ganze gebakene Fësch oder léiwer e Filet ouni Sprenzen?

D‘Kapassitéite beim Lëtzebuergeschen Sproochentest ginn erhéicht
Neiegkeeten Stories

D‘Kapassitéite beim Lëtzebuergeschen Sproochentest ginn erhéicht

Wien d’Lëtzebuergesch Nationalitéit wëll, muss zënter 2017 e Sproochentest packen.

12 Méint an 12 Geschichten: Autismus an der Aarbechtswelt an am Beruffsliewen (Deel 3)

12 Méint an 12 Geschichten: Autismus an der Aarbechtswelt an am Beruffsliewen (Deel 3)

Wéi kann ee sech als Persoun mam Asperger Syndrom an der Aarbechtswelt integréieren a wéi eng Erausfuerderunge ginn et net nëmme fir déi betraffe Persoun, mä och fir de Patron a fir d’Aarbechtskollegen?

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Heifir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich, a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.

Autismus ass een eeschten Handicap, vun deem méi wéi 1 Persoun vun 100 betraff ass.

Dëst mécht eleng hei zu Lëtzebuerg méi wéi 6.000 Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung (ASS). An awer wëssen nëmmen déi mannst, wat Autismus wierklech ass a wat dësen Handicap fir déi betraffe Persoun an hiert Ëmfeld bedeit.

Säit Januar interesséiere mir eis u ganz bestëmmte Liewensberäicher am Zesummenhang mat Autismus. Am Abrëll, Mount vum Weltautismusdag, hu mir eis Opmierksamkeet op  d’Behënnerung Autismus, souwéi op den Diagnostik vum Autismus-Spektrum geluecht. Wéi mir et bis elo scho gesinn hunn, ass all Persoun am autistesche Spektrum ganz individuell. An esou individuell wéi si och ass, esou individuell kënnen och hir Problemer sinn, bei deene si op Ënnerstëtzung ugewisen ass.

D’Aarbechtswelt ass keng einfach Welt. Déi meescht Leit am Spektrum hu Schwieregkeete fir eng sécher Plaz ze fannen a sech an enger Ekipp ze integréieren. Fir méi doriwwer gewuer ze ginn hu mir mat verschiddene Mënschen aus dem Autismus-Spektrum iwwert hir Erfarungen am Beräich vun der Aarbecht a vum Beruffsliewen geschwat.

Aus hiren Aussoe kann ee besser verstoen op wat een als Patron soll Récksiicht huelen a wéi een d‘Situatioun fir béid Säite kéint vereinfachen. Mir gesinn am Laf vum Artikel datt och net nëmmen repetitiv Aarbechten méiglech sinn wéi oft ugeholl gëtt. Alles hänkt vun de Kompetenze vun der Persoun an vun der Collaboratioun vun den Aarbechtskollegen of.

Zudeem huet eis d’Martine Weber, säit 2008 bei der Fondatioun a säit 2015 Responsabel vun der Gestioun vun de Ressources humaines, erklärt op wat ee soll oppassen wann een eng autistesch Persoun astellt. Si ass der Meenung, datt een net vu vir eran soe soll, dat ee bestëmmte Beräich näischt fir autistesch Leit ass.

Autismus an der Aarbechtswelt
© Jed Owen / unsplash

„Ech muss iergend eng Oflenkung hu wou ech beschäftegt sinn. Dat ass wichteg fir mech!“

De Raymond (säi Numm gouf geännert) schafft an engem Atelier protégé als Gäertner wou e sech ëm den Entretien vun de Gréngflächen, de Wisen an den Hecke këmmert.

Wéi gesäit deng Aarbecht aus. Och a Covid-Zäiten war genuch ze dinn. D’Natur hält ni op. Oder?

Mir schaffen no relativ normale Konditiounen. Mee mam Covid hu mir de Site och misse komplett zou maachen. Mir hunn do laang an enger Grupp A an an enger Grupp B geschafft. Jee nodeems a wéi enger Grupp dat ee war huet ee just zwee oder dräi Deeg d’Woch geschafft. Natierlech si mir do mat den Aarbechten hannendra komm.

Hues du da missen u Weiderbildungen deel huelen ?

Ech hätt der missten méi maachen, mee duerch de ganze Covid si praktesch keng gemaach ginn. Eng déi mir gemaach hunn ass zum Beispill den Éischt Hëllef Cours. Dat war och virgeschriwwen. Aner Formatiounen déi ech ugebuede krut hunn ech net matgemaach well ech déi net hu misse maachen.

Ech hätt kéinten, mee dat huet bei mech net gepasst wéinst dem Kierperkontakt deen ech net verdrin. Dat ass och esou acceptéiert ginn. Déi vum Éischt Hëllef Cours war eng ëffentlech Versammlung wou och Leit dobäi waren déi net am Atelier protégé sinn. Et war alles besat.

Wéi ass deng Relatioun mat den Aarbechtskollegen ?

Ech hale mech ëmmer e bësse méi fir mech, d’Responsabel loosse mech ganz vill Aarbechten eleng maachen wou anerer léiwer zu 2 oder zu puer maachen. Ech hu mäin eegene Rhythmus a sinn och manner gestresst. Mat Eenzele verstinn ech mech ganz gutt, vun anerer halen ech mech ewech.

Et kléngt jo alles ganz gutt an trotzdeem wëlls du d‘Aarbecht wiesselen. Firwat ?

Den Haaptgrond firwat ech elo well d‘Aarbecht wiesselen ass d’Distanz an d’Aarbechtszäiten. Mir fänken mueres relativ spéit un an mueres huelen ech den Capabs wéinst der Assurance. De Bus ka mech Owes awer net ënnerwee eraus loosse fir den ëffentleche Transport ze huelen an dee géif mir Zäit spueren fir net onnéideg Zäit am Stau ze verbréngen.

Mam normalen ëffentlechen Transport ass et ganz schwéier, well een iwwert Ëmweeër vun doheem bis op der Schaff muss fueren. Bei eenzele Verbindungen do sinn ganz laang Waardezäiten dertëschent. Eenzel Linne si ganz gestrach oder fueren net méi esou oft.

Also zäitlech fir do pünktlech unzekommen misst een dann entweder Moies um 5 Auer fortfueren oder et kënnt een ze spéit op d‘Aarbecht. Ech hunn de Führerschäin an sinn am Ufank och mam Auto dohi gefuer, mee wärend dem Wanter hunn ech Problemer mat de Luuchten an dat ass och e Problem.

Ech fille mech elo och vill besser an ech hunn nees vill Saachen wéi meng Hobbyen oder bauen un anere Saachen. Et feelt mir un Zäit fir déi Saachen, an déi sinn fir mech och wichteg.

Manner schaffen, wär dat eppes fir dech ?  

Ech sinn elo mëttlerweil um iwwerleeën wann ech elo näischt anescht fannen wou ech d’Zäit ka reduzéieren iwwert dem Aarbechtswee oder éischter ufänken fir dann awer op Hallefzäit ze reduzéieren. Ech muss iergend eng Oflenkung hu wou ech beschäftegt sinn. Dat ass wichteg fir mech…d’Aarbecht. Ech sinn awer all Dag um 5 Auer Moies op, och Weekends, an ech fänken dann géint 4 Auer Mëttes esou richteg midd ze sinn. Méi fréi ufänken dat wär ideal fir mech.

Deng Middegkeet ze geréieren ass och wichteg. Waars du scho méi oft krank ?

Et geet ëmmer a ganz laange Phase bei mir. Ech mierken ëmmer datt ech Wochen hannertenee Power hunn an dann op eemol kënnt esou eng Phase wou et guer net gutt geet. Da kommen ech an eng Phase wou et net méiglech ass ze schaffen. Et ass awer just een Dag geschitt. Ech hat och schonn e normale Krankeschäin awer nach ni en Ausfall wéinst Iwwermiddegkeet. Ech mierken trotzdeem datt déi Zäit, wou ech méi schlecht sinn, ëmmer méi kuerz ass. 

Ginn et Limitten fir eng autistesch Persoun an der Aarbechtswelt ?

Als autistesch Persoun huet een einfach eng aner Virstellung vu verschiddene Saachen. Et gëtt ee ganz oft mëssverstanen a Saachen di kommen ganz anescht u wann een elo eppes gesot kritt. Ech fannen ganz passend wat de Wittgenstein sot : „Die Grenzen meiner Sprache bedeuten die Grenzen meiner Welt.“

Appel un d’Familljen

All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Probleemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen:

Wichteg Info: De Service Soutien vun der FAL ass fir all Persoun, déi zu Lëtzebuerg lieft oder cotiséiert, an déi eng Diagnose Autismus- Spektrum-Stéierung, souwéi fir hir Famill an hiren Entourage, zougänglech.

D’Familljen, déi vun dësem Service profitéiere wëllen, kënnen sech entweeder per Telefon ënnert der Nummer 26 91 11 – 1 oder per mail un soutien@fal.lu mellen. Déi ganz Ekipp mécht hir Bescht, fir de Famillje bei allen Froen oder spezifesche Besoinen zu all Moment zur Verfügung ze stoen.

D’Käschte vum Service Soutien gi vum Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région (MIFA) iwwerholl an ass soumat fir d’Famillje gratis.

Sieft och dobäi wa mir am Abrëll eis Opmierksamkeet op d’Fondation Autisme Luxembourg riichten.

Matgedeelt vun der Fondation Autisme Luxembourg (FAL)

Opmaacherbild: © Vince Fleming / unsplash


Related topics 12 Méint 12 Geschichten, Aarbechtswelt, Atelier Protégé, Autismus-Spektrum Stéierung, Beruffsliewen, Entretien, FAL, Fondation Autisme Luxembourg, Gäertner, Interview, Raymond, Ustrengung, Wiessel
Next post Previous post