Search

You may also like

D’Stad Lëtzebuerg an de Coronavirus: Informatiounen zu de Servicer an Evenementer
Neiegkeeten Stories

D’Stad Lëtzebuerg an de Coronavirus: Informatiounen zu de Servicer an Evenementer

Am Kontext vun de Moossnamen, déi d’Regierung duerch d’Pandemie vum

Kommentar – Brauch et zu Lëtzebuerg den totale Lockdown?
Neiegkeeten Stories

Kommentar – Brauch et zu Lëtzebuerg den totale Lockdown?

Nodeems Däitschland an Holland de Lockdown scho beschloss an ëmgesat

Tierkei schéckt auslännesch IS-Kämpfer heem
Neiegkeeten Stories

Tierkei schéckt auslännesch IS-Kämpfer heem

Ankara hat et ugekënnegt an elo maachen d‘Tierken eescht. Um

12 Méint an 12 Geschichten: Autismus an der Aarbechtswelt an am Beruffsliewen (Deel 4)

12 Méint an 12 Geschichten: Autismus an der Aarbechtswelt an am Beruffsliewen (Deel 4)

Wéi kann ee sech als Persoun mam Asperger Syndrom an der Aarbechtswelt integréieren a wéi eng Erausfuerderunge ginn et net nëmme fir déi betraffe Persoun, mä och fir de Patron a fir d’Aarbechtskollegen?

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Heifir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich, a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.

Autismus ass een eeschten Handicap, vun deem méi wéi 1 Persoun vun 100 betraff ass.

Dëst mécht eleng hei zu Lëtzebuerg méi wéi 6.000 Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung (ASS). An awer wëssen nëmmen déi mannst, wat Autismus wierklech ass a wat dësen Handicap fir déi betraffe Persoun an hiert Ëmfeld bedeit.

Säit Januar interesséiere mir eis u ganz bestëmmte Liewensberäicher am Zesummenhang mat Autismus. Am Abrëll, Mount vum Weltautismusdag, hu mir eis Opmierksamkeet op  d’Behënnerung Autismus, souwéi op den Diagnostik vum Autismus-Spektrum geluecht. Wéi mir et bis elo scho gesinn hunn, ass all Persoun am autistesche Spektrum ganz individuell. An esou individuell wéi si och ass, esou individuell kënnen och hir Problemer sinn, bei deene si op Ënnerstëtzung ugewisen ass.

D’Aarbechtswelt ass keng einfach Welt. Déi meescht Leit am Spektrum hu Schwieregkeete fir eng sécher Plaz ze fannen a sech an enger Ekipp ze integréieren. Fir méi doriwwer gewuer ze ginn hu mir mat verschiddene Mënschen aus dem Autismus-Spektrum iwwert hir Erfarungen am Beräich vun der Aarbecht a vum Beruffsliewen geschwat.

Aus hiren Aussoe kann ee besser verstoen op wat een als Patron soll Récksiicht huelen a wéi een d‘Situatioun fir béid Säite kéint vereinfachen. Mir gesinn am Laf vum Artikel datt och net nëmmen repetitiv Aarbechten méiglech sinn wéi oft ugeholl gëtt. Alles hänkt vun de Kompetenze vun der Persoun an vun der Collaboratioun vun den Aarbechtskollegen of.

Zudeem huet eis d’Martine Weber, säit 2008 bei der Fondatioun a säit 2015 Responsabel vun der Gestioun vun de Ressources humaines, erklärt op wat ee soll oppassen wann een eng autistesch Persoun astellt. Si ass der Meenung, datt een net vu vir eran soe soll, dat ee bestëmmte Beräich näischt fir autistesch Leit ass.

Autismus an der Aarbechtswelt
© Hannah Olinger / unsplash

„Déi betraffe Leit selwer wënsche sech oft datt si akzeptéiert ginn wéi si sinn, ouni datt se sech stänneg erkläre mussen.“

D’Martine Weber ass säit 2015 Responsabel fir d’Gestioun vun de Ressources humaines bei der Fondatioun.

Eng Persoun mam Autismus huet et schwéier fir sech an der Aarbechtswelt ze integréieren. Wéi eng Erausfuerderunge ginn et fir déi betraffe Persounen a wat fir eng fir de Patron?

Schwieregkeete komme virun Allem op, wann d’Aarbechtstâchen an d’Ëmfeld net un d’Persoun an hir Besoinen ugepasst sinn. Et ass oft net d’Aarbecht u sech, mee villméi déi sozial Ufuerderungen, déi zu Problemer féiere kënnen. Wann ee Patron sech dësem Punkt net vun Ufank u bewosst ass an eréischt méi spéit heiru denkt, dann ass d’Situatioun wahrscheinlech oft schonn ze komplizéiert gi fir dat esou eng Initiativ nach hir Friichten droe kann.

Fir Leit mat Autismus ass et méi schwiereg fir sech un neurotypesch Leit unzepassen, wéi ëmgekéiert, an dofir ass et un eis fir dee Schrëtt an hir Richtung ze maachen. Wann ee Patron mer géif soen, dat hien net bereet ass fir dat ze maachen, dann ass et wahrscheinlech besser den Defi net unzehuelen well d’Erfarung fir kee positiv wäert sinn.

Lifelong learning, flexibel sinn, Digitaliséierung – Wierder déi een oft an der Aarbechtswelt héiert! Ass et kompatibel mat de Leit déi am Spektrum sinn?

Duerchaus! Awer et muss een oppassen dee richtege Kader fir autistesch Leit ze kreéieren an der sech stänneg verännerender Aarbechtswelt. Méiglech Léisungen sinn: D’Equipe ze sensibiliséieren, eng gewësse Stabilitéit a Previsibilitéit an der Aarbecht, keng duebeldeiteg Uweisungen ginn oder och Ëmweltreizer reduzéieren.

Ech sinn der Meenung, dat ee souwisou net vu vir era soe soll, dat ee bestëmmte Beräich näischt fir autistesch Leit ass. Hir Kompetenzen an Intressie sinn einfach ganz individuell an dofir kënnt et och méi op d’Persoun u wéi op de generelle Beräich.

Bei eis an der FAL z.B. schaffen d’Leit am administrative Beräich an erleedegen ganz verschidden Tâchen. Dat d’FAL et erméiglecht autistesche Persounen bei sech ze schaffen ass eppes wat ech mir scho laang gewënscht hunn, a soumat war fir mech ëmmer kloer, dat ech déi Zesummenaarbecht nëmme schätze kéint. …an d’FAL mécht hiert Bescht fir dës Entwécklung weiderhin aktiv ze ënnerstëtzen…

Gesäis du soss nach Limitten an der Aarbechtswelt fir eng Persoun mat Autismus?

Wa vun Autismus an der Aarbechtswelt Rieds ass, héiert een oft méi vun de Schwieregkeete vun den autistesche Leit wéi vun hire Stäerkten. D’Bewosstsinn, dat autistesch Leit duerch hir ongewéinlech Logik innovativ Léisungsusätz ausschaffe kënnen muss méi grouss ginn.

Vill hunn och eng héich Intelligenz, an een Erënnerungsverméigen a verschiddene Beräicher dat iwwert der sougenannter Norm läit. Verschiddener sinn héich qualifizéiert, awer wéinst hirer anerer sozialer Interaktioun ecke si un, gi falsch verstanen, hiert Verhale gëtt falsch interpretéiert.

Et sollt ee sech de Stäerkte bewosst sinn, z.B.: Grous Konzentratiounsfäegkeet wann dee fir si dofir richtege Kader ginn ass. Loyalitéit, Zouverlässegkeet, Éierlechkeet, Respekt vu Reegelen a Virgaben. An et ginn der nach zousätzlecher déi een awer all hei net kann opzielen.

Et soll een et also vun der positiver Säit gesinn. Hues du dann den Androck datt sech Saachen positiv entwéckelt hunn, a wou ee ka soen, dat do geet an déi richteg Richtung?

Den ëffentlechen Intressi um Autismus gëtt sécherlech méi grouss säit e puer Joer, an et gesäit een z.B. ëmmer méi Filmer, Serien a Bicher déi sech ëm dat Thema dréinen, an dat ass a mengen Aen eng positiv Entwécklung. Allerdéngs ginn doduerch natierlech just spezifesch Biller kommunizéiert an et feelt a mengen Aen weiderhin un Informatiounen iwwer d’Kommunikatiouns- an d’Interaktiounspezifitéiten déi den Autismus an der Aarbechtswelt mat sech bréngt.

Déi betraffe Leit selwer wënsche sech oft datt si akzeptéiert ginn wéi si sinn, ouni datt se sech stänneg erkläre mussen. Et ass sécherlech wënschenswäert, dass d’Leit mat Autismus keng Stigmatiséierung méi fäerte missten, an doduerch motivéiert kéinte ginn fir méi oppen iwwer hir Situatioun schwätzen, sou wéi si et fir richteg halen.

Dat d’FAL et erméiglecht autistesche Persounen bei sech ze schaffen ass eppes wat ech mir scho laang gewënscht hunn, a soumat war fir mech ëmmer kloer, dat ech déi Zesummenaarbecht nëmme schätze kéint. An d’FAL mécht hiert Bescht fir dës Entwécklung weiderhin aktiv ze ënnerstëtzen.

Appel un d’Familljen

All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Probleemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen:

Wichteg Info: De Service Soutien vun der FAL ass fir all Persoun, déi zu Lëtzebuerg lieft oder cotiséiert, an déi eng Diagnose Autismus- Spektrum-Stéierung, souwéi fir hir Famill an hiren Entourage, zougänglech.

D’Familljen, déi vun dësem Service profitéiere wëllen, kënnen sech entweeder per Telefon ënnert der Nummer 26 91 11 – 1 oder per mail un soutien@fal.lu mellen. Déi ganz Ekipp mécht hir Bescht, fir de Famillje bei allen Froen oder spezifesche Besoinen zu all Moment zur Verfügung ze stoen.

D’Käschte vum Service Soutien gi vum Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région (MIFA) iwwerholl an ass soumat fir d’Famillje gratis.

Sieft och dobäi wa mir am Abrëll eis Opmierksamkeet op d’Fondation Autisme Luxembourg riichten.

Matgedeelt vun der Fondation Autisme Luxembourg (FAL)

Opmaacherbild: © Jakob Owens / unsplash


Related topics 12 Méint 12 Geschichten, Aarbechtswelt, Akzeptanz, Autismus-Spektrum Stéierung, Beruffsliewen, FAL, Fondation Autisme Luxembourg, Interview, Martine Weber, Ressources Humaines
Next post Previous post