Search

You may also like

Lëtzebuergesch gëtt ëmmer méi aus dem Alldag verdrängt
Neiegkeeten Stories

Lëtzebuergesch gëtt ëmmer méi aus dem Alldag verdrängt

Et geet ëm d’Proportionalitéit. Nach ni louch d’Verhältnes fir d’Lëtzebuerger

Bojack Horseman ass depriméierend, an dat ass gutt esou
Neiegkeeten Stories

Bojack Horseman ass depriméierend, an dat ass gutt esou

Et dierft een um Animatiounsmaart wuel kaum eng esou komesch

Séisse Bäigeschmaach: D’Universitéit a Ferrero schaffen zesummen
Neiegkeeten Stories

Séisse Bäigeschmaach: D’Universitéit a Ferrero schaffen zesummen

Um Dënschdeg huet d‘Universitéit vu Lëtzebuerg e neien Accord mat

12 Méint an 12 Geschichten: D’Autismus-Spektrum-Stéierung a seng Diagnos (Deel 1)

12 Méint an 12 Geschichten: D’Autismus-Spektrum-Stéierung a seng Diagnos (Deel 1)

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Heivir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich, a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.

Nodeems mir an deenen éischten 3 Méint ganz bestëmmte Liewensberäicher am Zesummenhang mat Autismus beliicht hunn, riichte mir an dësem Mount vum Weltautismusdag eis Opmierksamkeet op d’Behënnerung Autismus souwéi op den Diagnostik vum Autismus-Spektrum. 

Autismus ass en eeschten Handicap, deen net heelbar ass a vun deem eleng hei zu Lëtzebuerg méi wéi 6.000 Persoune betraff sinn. Vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) gëtt Autismus méi präzis als eng déif gräifend neurologesch Entwécklungsstéierung definéiert. An éischter Linn weise Mënsche mat Autismus Schwächen hisiichtlech der sozialer Interaktioun a Kommunikatioun ob. Weider Symptomer kënne stereotypesch Verhalensweisen an ausgepräägt Spezialinteresse sinn. 

Allerdéngs ass Autismus e ganz breede Spektrum, dee bei all Persoun ënnerschiddlech Auswierkunge kann hunn. Woubäi déi eng Persoune just a verschiddene Beräicher bestëmmte Problemer hunn, sinn déi aner Persoune ronderëm d’Auer (24/7) op Ënnerstëtzung vun enger zweeter Persoun ugewisen a mussen hiert Liewe laang an enger spezieller Wunnstruktur fir Mënsche mat Autismus betreit ginn. 

De Service Diagnostique vun der FAL ass dofir do, fir wann eng Persoun sech d’Fro stellt, op si eventuell kéint am Spektrum vum Autismus sinn. 

Fir méi doriwwer gewuer ze ginn, wéi eng Auswierkungen den Autismus op dat eegent Liewe kann hunn, hu mir eis mat e puer betraffene Persoune getraff. Allen 3 Betraffener gehéieren zu deene Persounen, déi trotz dem Autismus en héije Funktiounsniveau hunn an hiert Liewe selbststänneg féiere kënnen. Si gehéieren zum fréieren „Asperger-Syndrom“. 

Zudeem hunn eis d’Elodie Hirtz, eng Psychologin vum Service Diagnostique vun der FAL, an den Psychiater Dr. Jacques Bernard, dee bei dësen Diagnosverfahre mat schafft, erkläert, wéi sou een Diagnosverfahre fir den Autismus-Spektrum ofleeft a wat da elo genee esou eng neurologesch Entwécklungsstéierung ass. 


© Dmitry Schemelev / unsplash

Mariella: „Duerch meng Diagnos hunn ech d’Chance op eng besser Liewensqualitéit.“

D’Mariella ass 38 Joer al a krut elo eréischt viru Kuerzem hir Diagnos Autismus-Spektrum-Stéierung. Lo, wou si versteet, wat d’Ursaach vun hire Problemer ass, schafft si intensiv dorun, hiert Liewen no hire spezifesche Bedierfnesser ze riichten, fir soumat eng besser Liewensqualitéit ze kréien.

FAL: Wéi sidd Dir dorop komm, datt Dir kéint autistesch sinn?

Mariella: Ech hat säit Klengem un ëmmer e grousse Problem mat Middegkeet an Erschëpfung. Dat Gefill vum „Burn-Out“ hat ech a menger Vergaangenheet schonn ëfters, an ech wollt endlech wëssen, wou den Ursprong vun deem Problem läit.  

Zudeem hunn ech mech a bestëmmte soziale Situatiounen ëmmer onwuel gefillt, wéi beispillsweis bei gemeinsame Molzäiten an der Ekipp, well do ze vill sensoresch Informatioune gläichzäiteg hu misste veraarbecht ginn, wat extrem belaaschtend fir mech ass. Allerdéngs hätt ech mir virun der Diagnos ni kéinte virstellen, datt dëst mat menger neurosensorescher Perceptioun zesummen hänkt. 

An och wann ech mech eigentlech ni wierklech „anescht“ gefillt hunn, sou konnt ech dach verschidde Verhalensweise vun anere Persounen ni novollzéien an hu mech dofir ëfters „Feel op der Plaz“ gefillt. 

Wou ech dunn e Buch iwwert „Overthinking“ – also „ze vill nodenken“ gelies hunn, an deem verschidde Mierkmoler vum Asperger-Syndrom erwäänt gi sinn, hunn ech mech direkt an deene beschriwwene Mierkmoler erëm erkannt. Doropshin hunn ech ugefaangen, mech méi mam Asperger-Syndrom a mam Autismus auserneen ze setzen. No enger kuerzer Internetrecherche sinn ech op d’FAL opmierksam ginn, wou ech mech dunn och direkt gemellt hunn, fir erauszefannen, op dëst villäicht de Schlëssel zu menge Problemer kéint sinn. 

FAL: Oft héiert ee vu Frae mam Asperger-Syndrom, datt si de sougenannte „Chameleon-Effekt“ ausüben. War dat bei Iech och de Fall?

Mariella: Allerdéngs. Wou ech déi éischte Kéier vum „Chameleon-Affekt“ héieren hunn, war ech mir net doriwwer bewosst, datt ech en ausüben. Mee mir ass opgefall, datt ech heiansdo de Standpunkt vu mengem Gespréichspartner iwwerhuelen, ouni dësen onbedéngt ze deelen. Dëst läit awer virun allem dorun, datt een a soziale Situatiounen oft schnell op eng Fro äntwere muss, op déi een net wierklech virbereet war. An ech mengen datt dëst, am Zesummenhang mat all deenen anere Faktoren, déi ee wärend sou enger Situatioun ze geréieren huet (Geräischer, Ëmgéigend, méi Persounen, déi schwätzen etc.) et mir onméiglech mécht, dee Moment fir mech selwer anzestoen, sou datt ech dann einfach d’Meenung vun der anerer Persoun iwwerhuelen. 

Och wat d’Ausdrocksweis ugeet, wéi beispillsweis d’Héiflechkeetsformen, den Tounfall an d’Duzen oder d’Siezen, beobachten an imitéieren ech meeschtens einfach mäin Gespréichspartner.

FAL: A wat genee huet dës Diagnos elo an Ärem Liewe verännert?

Mariella: Trotz, datt ech Angscht hat, datt ech mech duerch dës Diagnos kéint „stigmatiséiert“ fillen, wënschen ech mir réckbléckend souguer, datt ech se scho vill éischter kritt hätt. Et war eng grouss Erliichterung, d’Ursaach vu menge Problemer ze verstoen a virun allem eng Aussiicht op Besserung ze hunn, elo wou geziilt kann un dëser Ursaach geschafft ginn. Doduerch, datt ech lo e bessert Wëssen iwwert meng spezifesch Bedierfnesser hunn, hunn ech d’Chance op eng besser Liewensqualitéit. 

Meng éischt Prioritéit ass elo den Ëmgang mat der Middegkeet ze geréieren, an heivir sinn ech ëmgaangen ze léieren, meng perséinlech Grenzen ze erkennen an dës och anere Leit matzedeelen. Ech si mir elo bewosst, datt dës Middegkeet vu Reiziwwerflutungen ausgeléist gëtt, déi entstinn, wann ze vill Reizer vu baussen op meng sensoresch Nerve wierken. 

Zudeem hunn ech duerch dës Diagnos geléiert, datt ech Problemer domat hunn, bestëmmte Gesiichtsausdréck ze deiten. Dëst huet a menger Vergaangenheet oft zu Mëssverständnesser a menger Kommunikatioun mat anere gefouert. Dank dësem Wësse bieden ech mäi Gespréichspartner elo ëmmer schonn direkt, opzepassen, sech kloer an däitlech auszedrécken.

Appell un d’Familljen

All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Problemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.

Sieft och dobäi wa mir am Februar eis Opmierksamkeet op romantesch Bezéiungen an op d’Sexualitéit bei autistesche Persoune riichten.

Geschriwwe vum Jodie Schmit – FAL
Opmaacherbild: © Wes Hicks / unsplash


Related topics 12 Méint 12 Geschichten, Autismus-Spektrum-Stéierung, Diagnog, Ëmgang, FAL, Feel op der Plaz, Fondation Autisme Luxembourg, Liewensqualitéit, Mariella, sENSORESCH pERCEPTIOUN, Service Diagnostique, sozial Situatiounen
Next post Previous post