Search

You may also like

Mëttelmier: Operatioun Sophia gëtt ëm 6 Méint verlängert
Neiegkeeten Stories

Mëttelmier: Operatioun Sophia gëtt ëm 6 Méint verlängert

Als Ausseminister vun der Koalitiounsregierung huet de Jean Asselborn (LSAP)

D‘Batterie: Éischt Pannenursaach wärend dem Confinement
Neiegkeeten Stories

D‘Batterie: Éischt Pannenursaach wärend dem Confinement

Zanter eng Rei Joren, esou den ACL um Freideg, ass

LCGB: Fuerderung fir d’Existenzängscht vu vulnerabele Persounen ze besäitegen
Neiegkeeten Stories

LCGB: Fuerderung fir d’Existenzängscht vu vulnerabele Persounen ze besäitegen

Mat de fortschreidende Lockerungen hu sech vill als vulnerabel agestuuft

12 Méint an 12 Geschichten: D’Autismus-Spektrum-Stéierung a seng Diagnos (Deel 2)

12 Méint an 12 Geschichten: D’Autismus-Spektrum-Stéierung a seng Diagnos (Deel 2)

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Heivir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich, a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.

Nodeems mir an deenen éischten 3 Méint ganz bestëmmte Liewensberäicher am Zesummenhang mat Autismus beliicht hunn, riichte mir an dësem Mount vum Weltautismusdag eis Opmierksamkeet op d’Behënnerung Autismus souwéi op den Diagnostik vum Autismus-Spektrum. 

Autismus ass en eeschten Handicap, deen net heelbar ass a vun deem eleng hei zu Lëtzebuerg méi wéi 6.000 Persoune betraff sinn. Vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) gëtt Autismus méi präzis als eng déif gräifend neurologesch Entwécklungsstéierung definéiert. An éischter Linn weise Mënsche mat Autismus Schwächen hisiichtlech der sozialer Interaktioun a Kommunikatioun ob. Weider Symptomer kënne stereotypesch Verhalensweisen an ausgepräägt Spezialinteresse sinn. 

Allerdéngs ass Autismus e ganz breede Spektrum, dee bei all Persoun ënnerschiddlech Auswierkunge kann hunn. Woubäi déi eng Persoune just a verschiddene Beräicher bestëmmte Problemer hunn, sinn déi aner Persoune ronderëm d’Auer (24/7) op Ënnerstëtzung vun enger zweeter Persoun ugewisen a mussen hiert Liewe laang an enger spezieller Wunnstruktur fir Mënsche mat Autismus betreit ginn. 

De Service Diagnostique vun der FAL ass dofir do, fir wann eng Persoun sech d’Fro stellt, op si eventuell kéint am Spektrum vum Autismus sinn. 

Fir méi doriwwer gewuer ze ginn, wéi eng Auswierkungen den Autismus op dat eegent Liewe kann hunn, hu mir eis mat e puer betraffene Persoune getraff. Allen 3 Betraffener gehéieren zu deene Persounen, déi trotz dem Autismus en héije Funktiounsniveau hunn an hiert Liewe selbststänneg féiere kënnen. Si gehéieren zum fréieren „Asperger-Syndrom“. 

Zudeem hunn eis d’Elodie Hirtz, eng Psychologin vum Service Diagnostique vun der FAL, an den Psychiater Dr. Jacques Bernard, dee bei dësen Diagnosverfahre mat schafft, erkläert, wéi sou een Diagnosverfahre fir den Autismus-Spektrum ofleeft a wat da elo genee esou eng neurologesch Entwécklungsstéierung ass. 

12 Méint 12 Geschichten
© Devin Justesen / unsplash

David: „Et brauch ee keng Angscht virun der Diagnos „Handicap“ ze hunn!“

Den David, deen och schonn zu deenen éischten 3 Themen seng Erfarunge matgedeelt huet, krut am Joer 2019 seng Diagnos. Him ass et wichteg, de Leit mat op de Wee ze ginn, datt, just well een en Autist ass, een dofir net méi schlecht ass wéi all déi aner. 

FAL: Wéi ass et deemools zu denger Diagnos Autismus-Spektrum komm?

David: Nodeems ee Psychiater, bei deem ech wéinst psychesche Problemer a Behandlung war, festgestallt huet, datt bei mir eendeiteg Zich vun Autismus ze erkenne sinn, krut ech vun him schonn eng éischt kleng Diagnos. Ech hat mir zu deem Zäitpunkt zwar ni virstelle kënnen, datt verschidde vu menge Problemer, wéi beispillsweis mech net kënne richteg der Gesellschaft unzepassen, mam Autismus zesummenhänken, mä soubal ech mech do méi iwwert dësen Handicap informéiert hunn, konnt ech direkt feststellen, datt dës Beschreiwung scho relativ gutt op meng Situatioun passt.

Mat Hëllef vun dëser Diagnos krut ech dunn vun him e Zertifikat fir kënnen de Statut Salarié Handicapé unzefroen, dee beweise sollt, datt ech tatsächlech a menger Schafffäegkeet ageschränkt sinn. 

Allerdéngs war et menger Mamm sou wéi och mir wichteg, datt ech géif an eng Struktur kommen, déi op Autismus spezialiséiert ass, fir dann esou ugepassten Hëllef kënnen unzefroen. Aus deem Grond hunn ech dunn och nach eemol bei der FAL méi eng präzis Diagnos ugefrot, déi mir och ganz vill dobäi gehollef huet, mech selwer besser kennenzeléieren. 

FAL: Wéi eng Rotschléi hues du u Leit, déi mengen, si kéinten autistesch sinn?

David: Wat ech de Leit roden: Schummt Iech net dofir, eventuell en mentalen Handicap ze hunn. Et ass am Prinzip näischt aneres wéi wann ee beispillsweis am Rollstull géif sëtzen oder wéi wann ee blann wier. Et kann een näischt dofir. Et soll een sech esou akzeptéiere wéi een ass, an sech och esou hëllefe loossen. Sollt Dir och nëmmen de klengste Verdacht op Autismus hunn, da frot direkt eng Diagnos bei der FAL un. Net nëmmen datt ee wärend der Prozedure vum Diagnosverfahre wierklech vill iwwert sech selwer léiert, sou kann een och déi richteg Hëllef ufroe soubal een seng Diagnos huet. 

Zudeem ass et wichteg, ze verstoen, wou ee sech am Spektrum vum Autismus befënnt a wéi eng konkret Auswierkungen den Autismus op dat eegent Liewen huet. All Persoun mat Autismus kann an anere Beräicher Problemer hunn. Aus deem Grond ass et wichteg, seng eege Schwächen a Stäerke gutt ze kennen, fir esou och dat eegent Selbstwäertgefill oprecht ze erhalen. 

FAL: Leider schummen sech och vill Leit dofir, oppen iwwert hiren Handicap ze schwätzen. Wisou mëss du dat?

David: Ech sinn einfach der Meenung, datt et wichteg ass, opzeklären. Et kann een als Gesellschaft nëmme viru komme wann d’Leit sech richteg informéieren. A fir datt d’Leit sech iwwerhaapt kënnen informéieren, mussen si déi néideg Mëttel dozou hunn. An de beschte Wee fir dat kënnen ze maachen, ass, datt déi betraffe Leit sech selwer zum Thema äusseren. Wann kee sech déi Méi mécht, seng Erfarunge matzedeelen, da kann och kee se verstoen. 

Appell un d’Familljen

All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Problemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.

Sieft och dobäi wa mir am Februar eis Opmierksamkeet op romantesch Bezéiungen an op d’Sexualitéit bei autistesche Persoune riichten.

Geschriwwe vum Jodie Schmit – FAL
Opmaacherbild: © Christin Hume / unsplash


Related topics 12 Méint 12 Geschichten, Autismus, David, Diagnos, FAL, Fondation Autisme Luxembourg, Handicap, Opklärung, Rotschléi, Schimmt
Next post Previous post