Search

You may also like

Statec: Wann et vir an hannen net méi opgeet
Neiegkeeten Stories

Statec: Wann et vir an hannen net méi opgeet

Aus enger Etüd vum Statec geet ervir, datt eng Famill

déi Lénk zur Ministerpresidentewahl: Tabubroch an Thüringen
Neiegkeeten Stories

déi Lénk zur Ministerpresidentewahl: Tabubroch an Thüringen

De liberale FDP-Kandidat Kemmerich gouf mat de Stëmme vun der

Se wiere propper an hätten eng Primm verdéngt, soen se
Neiegkeeten Stories

Se wiere propper an hätten eng Primm verdéngt, soen se

Zënter dem 1. August 2019 kann een eng Primm fir

12 Méint an 12 Geschichten: D’Autismus-Spektrum-Stéierung a seng Diagnos (Deel 3)

12 Méint an 12 Geschichten: D’Autismus-Spektrum-Stéierung a seng Diagnos (Deel 3)

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Heivir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich, a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.

Nodeems mir an deenen éischten 3 Méint ganz bestëmmte Liewensberäicher am Zesummenhang mat Autismus beliicht hunn, riichte mir an dësem Mount vum Weltautismusdag eis Opmierksamkeet op d’Behënnerung Autismus souwéi op den Diagnostik vum Autismus-Spektrum. 

Autismus ass en eeschten Handicap, deen net heelbar ass a vun deem eleng hei zu Lëtzebuerg méi wéi 6.000 Persoune betraff sinn. Vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) gëtt Autismus méi präzis als eng déif gräifend neurologesch Entwécklungsstéierung definéiert. An éischter Linn weise Mënsche mat Autismus Schwächen hisiichtlech der sozialer Interaktioun a Kommunikatioun ob. Weider Symptomer kënne stereotypesch Verhalensweisen an ausgepräägt Spezialinteresse sinn. 

Allerdéngs ass Autismus e ganz breede Spektrum, dee bei all Persoun ënnerschiddlech Auswierkunge kann hunn. Woubäi déi eng Persoune just a verschiddene Beräicher bestëmmte Problemer hunn, sinn déi aner Persoune ronderëm d’Auer (24/7) op Ënnerstëtzung vun enger zweeter Persoun ugewisen a mussen hiert Liewe laang an enger spezieller Wunnstruktur fir Mënsche mat Autismus betreit ginn. 

De Service Diagnostique vun der FAL ass dofir do, fir wann eng Persoun sech d’Fro stellt, op si eventuell kéint am Spektrum vum Autismus sinn. 

Fir méi doriwwer gewuer ze ginn, wéi eng Auswierkungen den Autismus op dat eegent Liewe kann hunn, hu mir eis mat e puer betraffene Persoune getraff. Allen 3 Betraffener gehéieren zu deene Persounen, déi trotz dem Autismus en héije Funktiounsniveau hunn an hiert Liewe selbststänneg féiere kënnen. Si gehéieren zum fréieren „Asperger-Syndrom“. 

Zudeem hunn eis d’Elodie Hirtz, eng Psychologin vum Service Diagnostique vun der FAL, an den Psychiater Dr. Jacques Bernard, dee bei dësen Diagnosverfahre mat schafft, erkläert, wéi sou een Diagnosverfahre fir den Autismus-Spektrum ofleeft a wat da elo genee esou eng neurologesch Entwécklungsstéierung ass. 

12 Méint 12 Geschichten
© Ahmad Dirini / unsplash

Charles & Thérèse: „Mir wollten einfach endlech d’Gewëssheet hunn, op et elo Autismus ass oder net.“

Den Charles ass 22 Joer al a krut elo am Oktober 2020 endlech seng Diagnos Autismus-Spektrum-Stéierung. Nodeems hien als Kand mat 8 Joer negativ op den Autismus getest gouf, huet seng Mamm Thérèse sech ëmmer missten unhéieren, si hätt Schold un sengem „Anescht sinn“. 

FAL: De Charles ass am Alter vun 8 Joer negativ op Autismus getest ginn. Wisou hutt Dir Iech dozou entscheet gehat, nach eng zweet Diagnos bei der FAL unzefroen?

Thérèse: Nodeems de Charles mat 8 Joer negativ op den Autismus getest gouf, hunn seng Proffen an der Schoul ëmmer gesot, datt hien awer anescht wier wéi seng Matschüler an datt hien an eng Schoul fir handicapéiert Kanner goe misst. Vue datt ech hinnen awer do ëmmer gesot hunn, datt bewise wier, datt hie keen Handicap hätt, ass mir vun alle Säite virgehäit ginn, ech hätt Schold un sengem Behuelen, well ech hie jo net richteg erzéie géif. 

Mat de Joren ass datt awer dann ëmmer sou weider gaangen, a mir krute vu Jidderengem, deen em Charel hëllefe wollt (Orthophonisten, Psychologen, Logopeden,…) ëmmer erëm déi selwecht Äntwert: „Madamm, Äre Jong huet een Handicap. Mellt Iech onbedéngt nach eemol bei der FAL, just si kënnen Iech hëllefen.“

Charles: Genau. An iergendwann wollte mir et do einfach wëssen. Ech wollt net méi zweiwele mussen, op ech da elo Autist sinn oder net. Ech wollt mech selwer besser kenneléieren an endlech eng Erklärung fir meng verschidde Problemer kréien. Dowéinst hunn ech mech do mat 21 Joer dozou entscheet gehat, nach eemol eng Diagnos bei der FAL unzefroen.

FAL: Wéi war dee Moment fir Iech, wou de Charles dunn endlech seng positiv Diagnos krut?

Thérèse: Deen Dag wou hien dunn endlech seng positiv Diagnos krut war extrem emotional fir mech. Ech weess nach, datt ech nom Resultat näischt méi dovu matkrut, wat nach geschwat ginn ass. Alles, wat all déi Jore virdru geschitt ass, all déi schlecht Erfarungen an alles, wat ech mir ëmmer hu misste vun de Leit unhéiere loossen, ass mir dee Moment erëm héich komm.

Dir musst Iech virstellen, nodeems ech vu sou ville Leit d´Schold um Charles senge Problemer virgehäit krut, hunn ech selwer jorelaang mat deem Gedanke gelieft, et wier alles meng Schold gewiescht. An dee Moment wou ech dunn héieren hunn, datt de Charles wierklech Autist ass an datt schlussendlech kee Schold u senger Situatioun huet, hunn ech mir einfach nëmme gewënscht gehat, mir hätten déi Diagnos scho vill éischter kritt gehat.

Zudeem war ech natierlech dee Moment och einfach frou fir hien, datt hien endlech eng Äntwert op säin „Anescht sinn“ krut. Ech hunn hien an de vergaangene Joren sou oft kräische gesinn, einfach well hien net wousst, wat mat him net stëmme géif. Elo mat der Diagnos krut mäin Jong endlech d´Méiglechkeet, sech selwer richteg kennen ze léieren. 

Aus deem Grond wëll ech op dëser Plaz all deenen Elteren, déi och nëmmen de klengsten Zweiwel hunn, hiert Kand kéint autistesch sinn, dringend uroden, direkt eng Diagnos bei der FAL unzefroen. Esoubal een d´Gewëssheet huet, wat lass ass, kann de ganze Recht ronderëm ugepasst ginn. 

FAL : A wéi engem Beräich huet den Autismus dann am meeschten Auswierkungen op Äert Liewen?

Charles: Ganz kloer, am soziale Beräich. Dir wësst jo, et ginn déi sougenannte „sozial, gesellschaftlech Reegelen“. Also wéi een sech an der Gesellschaft ze behuelen huet. Wougéint all aner Leit dës Reegelen einfach ganz selbstverständlech unhuelen an och ausféieren, kann ech se net novollzéien. Ech verstinn net, wouhier een dës Reegele kennt, a wéi een sech un déi Reegelen adaptéiere soll, wann se mol néierens kloer opgeschriwwe sinn. Fir mech missten déi Reegele genau sou am Gesetz festgehale ginn, wéi all aner Gesetz och. Da kéint ech se och esou léieren.

FAL: Ass Iech nach eppes wichteg, bäizefügen?

Thérèse: Hei dat geet un aner Elteren, déi wéi ech e Kand mat Autismus hunn: si kënnen et packen, genau sou wéi all aner Kanner et packe kënnen. De Charles huet säi BAC mat „Mentioun: Bien“ gepackt, trotz datt sou vill Leit ëmmer doru gezweiwelt hunn, op hien seng Schoul iwwerhaapt an engem normale Lycée maache kéint!

Appell un d’Familljen

All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Problemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.

Sieft och dobäi wa mir am Februar eis Opmierksamkeet op romantesch Bezéiungen an op d’Sexualitéit bei autistesche Persoune riichten.

Geschriwwe vum Jodie Schmit – FAL
Opmaacherbild: © Jayden Sim / unsplash


Related topics 12 Méint 12 Geschichten, Anescht sinn, Autismus, Charles, Diagnos, Erliichterung, FAL, Fondation Autisme Luxembourg, Schold, Thérèse
Next post Previous post