Search

You may also like

US-President kritt d‘Geld fir seng Mauer
Neiegkeeten Stories

US-President kritt d‘Geld fir seng Mauer

Mat den 3,6 Milliarden, déi de Verdeedegungsministère fir dem Donald

Fligerofstuerz vun Teheran: War et eng Rakéit?
Neiegkeeten Stories

Fligerofstuerz vun Teheran: War et eng Rakéit?

Beim iranesche „Verdeedegungsschlag“ géint amerikanesch Militärbasen am Irak, deen d‘USA

D’Stad Ettelbréck stellt sech groussen Erausfuerderungen a gesäit sech als Motor
Neiegkeeten Stories

D’Stad Ettelbréck stellt sech groussen Erausfuerderungen a gesäit sech als Motor

Datt sech an der Nordstad vill deet, gesäit een: Am

12 Méint an 12 Geschichten: Ënnerstëtzung fir Persoune mat Autismus an hir Familljen (Deel 1)

12 Méint an 12 Geschichten: Ënnerstëtzung fir Persoune mat Autismus an hir Familljen (Deel 1)

„Soulaang déi betraffe Persoun sech selwer esou akzeptéiert, wéi si ass, kënne mir de ganze Recht ronderëm upassen.“

— Anouschka Steioff, Assistante Sociale vun der Fondation Autisme Luxembourg

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Heivir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich, a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.

Nodeems mir am leschte Mount gekuckt hunn, wéi Persounen am autistesche Spektrum op romantesch Bezéiunge blécken, riichte mir an dësem Mount eis Opmierksamkeet op d’Ënnerstëtzung fir déi betraffe Familljen. Wéi mir bei deenen éischten zwee Theme scho gesinn hunn, ass all Persoun am autistesche Spektrum ganz individuell. An esou individuell wéi si och ass, esou individuell kënnen och hir Problemer sinn, bei deenen si op Ënnerstëtzung ugewisen ass.

De Service Soutien vun der FAL ënnerstëtzt net nëmmen déi betraffe Persounen, mä och hir Familljen an alle Liewensberäicher. Heibäi passt d´Ekipp hir verschidden Ënnerstëtzungsformen un déi perséinlech Ufroen a Besoine vun de Familljen un.

Fir méi doriwwer gewuer ze ginn, wéi ënnerschiddlech esou eng Ënnerstëtzung kann ausgesinn, hu mir eis mat verschiddene Familljen, déi vun eisem Service Soutien begleet ginn, getraff. Zudeem hunn eis d’Gerardina an d’Anouschka, zwou Persounen aus der Ekipp vum Service, een Abléck an déi verschidden Aspekter vun hirer Aarbecht ginn.

Corinne: „Eis ganz Famill kann sech dank dëser Formatioun besser un de Robyn upassen.“

D’Corinne ass d´Mamm vum Robyn, ee 5 järege Jong mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung. Fir an hirer Erzéiung nach kënne besser op den Autismus vum Robyn anzegoen, huet si sech dozou entscheet gehat, d’Formatioun „Early Bird“, en Schoulungsprogramm fir Eltere vu Kanner mat Autismus, matzemaachen. Dës Formatioun gouf hir vun der FAL ugebueden.

FAL: Wéi géift Dir dës Formatioun an Äre Wierder beschreiwen?

Corinne: D‘Formatioun bitt den Elteren e Programm fir e bessert Verständnis vun Autismus souwéi konkreet Tipps a Strategien, fir net nëmmen dem Kand mat Autismus ze hëllefen, mee och fir den Alldag vun all de Membere vun der Famill ze verbesseren. D‘Formatioun geet iwwert eng Dauer vun 3 Méint an ass op 8 Coursen opgedeelt wärend deenen theoretesch Iddien an d’Praxis ëmgesat ginn.

FAL: Wat huet dës Formatioun Ärem Familljeliewe konkret bruecht?

Corinne: Nieft engem bessere Verständnis vun Autismus huet d’Formatioun mir gehollef, mech besser kënnen op de Robyn anzestellen a konkret Strategien am Alldag unzewenden.

Zudeem huet et mäi Selbstbewosstsinn als Mamm extrem gestäerkt, mam Wëssen, datt ech dem Robyn elo aktiv hëllefe kann.

Vue datt ech elo och ëm Robyn senge Geschwëster souwéi sengem Papp konnt konkret Iddie mat op de Wee ginn, déi ëm Robyn am Alldag besser hëllefen, konnt sech déi ganz Famill besser un dem Robyn seng spezifesch Bedierfnisser adaptéieren, wat him gehollef huet, méi aus sech erauszekommen. Just, wann d’Eltere genee wëssen, wéi si sech un d’Kand mat Autismus upasse kënnen, kann och d’Kand konkret Fortschrëtter erzielen.

FAL: Wéi wäit hëlleft den Austausch mat anere Familljen?

Corinne: Dës Formatioun ass definitiv eng gutt Geleeënheet fir den Austausch tëschent de betraffene Familljen ze fërderen. De Fait, datt een zesummen eenzel Situatioune beschwätzen an analyséiere kann, an doropshi gemeinsam Léisunge fanne kann, gëtt engem d’Gefill, net eleng ze sinn. An och wann den Internet scho vill wäertvollt Wëssen ubitt, sou geet dach näischt iwwert de mënschlechen Austausch.

FAL: Géift Dir d’Formatioun weider empfeelen? 

Corinne: Jo, jiddwerfalls. Dës Formatioun ass eng wäertvoll “Wierkkëscht“ mat effektive Methoden a Strategien, déi een am Familljenalldag ganz einfach uwende kann. Esou wéi all Kand mat Autismus ganz individuell ass, esou individuell kënnen och déi spezifesch Situatiounen am Familljenalldag sinn, bei deenen d’Famill op eng Léisung ugewisen ass. Aus deem Grond kann et nëmmen hëllefräich sinn, eng Formatioun matzemaachen, an der een op déi eenzel Situatioune kann agoen.

Appell un d’Familljen

All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Problemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.

Sieft och dobäi wa mir am Februar eis Opmierksamkeet op romantesch Bezéiungen an op d’Sexualitéit bei autistesche Persoune riichten.

Geschriwwe vum Jodie Schmit – FAL

Opmaacherbild: © Priscilla Du Preez / Unsplash

Related topics 12 Méint 12 Geschichten, Anouscka Steioff, Corinne, Early Bird, FAL, Fondation Autisme Luxembourg, Formatioun, Jodie Schmit, Robyn
Next post Previous post