Search

You may also like

moneysurprise
D‘Konsumente gi net zouversiichtlech an dat neit Joer
Neiegkeeten Stories

D‘Konsumente gi net zouversiichtlech an dat neit Joer

Déi Lëtzebuerger Zentralbank (BCL) huet eng Enquête lancéiert, an aus

Stockholm: Mat engem Ëmweltpräis rette mir de Klima net
Neiegkeeten Stories

Stockholm: Mat engem Ëmweltpräis rette mir de Klima net

Ob ee fir oder géint déi Jonk Klimaaktivistin ass, eng

D’ULC gesäit der Taxireform skeptesch entgéint
Neiegkeeten Stories

D’ULC gesäit der Taxireform skeptesch entgéint

Nodeems déi lescht Taxireform am Joer 2016 zu enger immenser

12 Méint an 12 Geschichten: Ënnerstëtzung fir Persoune mat Autismus an hir Familljen (Deel 2)

12 Méint an 12 Geschichten: Ënnerstëtzung fir Persoune mat Autismus an hir Familljen (Deel 2)

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Heivir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich, a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.

Nodeems mir am leschte Mount gekuckt hunn, wéi Persounen am autistesche Spektrum op romantesch Bezéiunge blécken, riichte mir an dësem Mount eis Opmierksamkeet op d’Ënnerstëtzung fir déi betraffe Familljen. Wéi mir bei deenen éischten zwee Theme scho gesinn hunn, ass all Persoun am autistesche Spektrum ganz individuell. An esou individuell wéi si och ass, esou individuell kënnen och hir Problemer sinn, bei deenen si op Ënnerstëtzung ugewisen ass.

De Service Soutien vun der FAL ënnerstëtzt net nëmmen déi betraffe Persounen, mä och hir Familljen an alle Liewensberäicher. Heibäi passt d´Ekipp hir verschidden Ënnerstëtzungsformen un déi perséinlech Ufroen a Besoine vun de Familljen un.

Fir méi doriwwer gewuer ze ginn, wéi ënnerschiddlech esou eng Ënnerstëtzung kann ausgesinn, hu mir eis mat verschiddene Familljen, déi vun eisem Service Soutien begleet ginn, getraff. Zudeem hunn eis d’Gerardina an d’Anouschka, zwou Persounen aus der Ekipp vum Service, een Abléck an déi verschidden Aspekter vun hirer Aarbecht ginn.

David: „E grousse MERCI un de Service Soutien.“

Den David, deen och schonn zu deenen éischten zwee Theemen seng Erfarunge matgedeelt huet, kritt elo scho säit ongeféier 2 Joer reegelméisseg Ënnerstëtzung vum Service ugebueden. Am Januar 2021 krut hien dunn déi gutt Noriicht, kënnen an eiser Fondatioun ze schaffen.

FAL: A wéi enge Beräicher huet dir de Service Soutien schonn Ënnerstëtzung ugebueden?

David: Nodeems ech am Joer 2019 meng Diagnose bei der FAL krut, sinn ech déi éischte Kéier mam Service Soutien a Kontakt komm.

Vue datt et mir zu deem Zäitpunkt psychesch guer net gutt gaangen ass, ech ënner anerem mat Depressioune souwéi mat enger Aarbechtslosegkeet ze kämpfen hat, huet de Service mir dunn mol fir d’alleréischt eng psychesch Ënnerstëtzung ugebueden. Zudeem hunn si mech dozou motivéiert, mech trotz der Aarbechtslosegkeet, bëssi beschäftegt ze halen an eng Struktur an den Dag ze kréien. Heivir hunn si mech beispillsweis och dozou motivéiert, mech fir Onlinecoursen anzeschreiwen an ee Benevolat am Service Kommunikatioun vun der FAL ze maachen.

Zudeem sinn ech an hirem „Groupe de Compétences Sociales“ dobäi, an deem een sech a reegelméissegen Ofstänn mat enger Persoun aus der Ekipp Soutien souwéi mat anere betraffene Persounen trëfft fir ee reegelméissegen Austausch ze hunn. Dëst huet mir ganz vill dobäi gehollef, aktiv um soziale Liewen deelzehuelen, vue datt ech vun Ufank un ëmmer Probleemer am soziale Beräich hat.

Zudeem konnt sech och ëmmer meng Mamm bei der Ekipp mellen, fir beispillsweis Rotschléi ze kréien, wéi mir eist Zesummeliewe méi harmonesch gestalte kënnen.

Wat mir awer wuel am meeschte gehollef huet war einfach ze wëssen, datt ech mech zu all Moment, an egal wéi enger Liewenslag, bei hinne melle konnt an ëmmer een do ass, dee mir nolauschtert a mir weiderhëllefe kann.

FAL: An dunn hues du ugefaangen, bei der FAL ze schaffen.

David: Jo genau. Dat war definitiv dee Beräich, bei deem si mir lo schlussendlech am meeschten hëllefe konnten. Zu der Zäit wou ech nach keng Aarbecht hat krut ech schonn Ënnerstëtzung vun der Assistante Sociale aus dem Service betreffend de Relatioune mat der ADEM, souwéi verschidde Renseignementer wat de Fonds national de solidarité (FNS) ugeet, ugebueden.

Wou ech dunn elo viru puer Méint gesot krut, datt d’FAL dorun interesséiert wier, nach weider Persoune mat Asperger anzestellen, hunn si mir dobäi gehollef, déi passend Aarbecht fir mech hei bei der FAL ze fannen.

Säitdeem kréien ech lo och nach e klenge „Suivi au travail“, fir zesummen ze kucken, op ech mech gutt agelieft hunn a keng gréisser Probleemer op der Aarbecht bestinn.

FAL: Géifs du soss nach gären eppes lass ginn?

David: Ech wëll mech ganz häerzlech beim Service Soutien fir alles, wat si elo an der Zäit scho fir mech gemaach hunn, bedanken. Och wëll ech nach eemol däitlech maachen, wéi wichteg hir Aarbecht fir déi betraffe Familljen ass an och wéi gutt si dës ëmsetzen. Si bréngen de Familljen an alle Beräicher sou eng grouss Ënnerstëtzung a si passen sech ëmmer ganz un d’Situatioun un. Also wierklech e grousse Merci a Bravo un déi ganz Ekipp!

Appell un d’Familljen

All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Problemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.

Sieft och dobäi wa mir am Februar eis Opmierksamkeet op romantesch Bezéiungen an op d’Sexualitéit bei autistesche Persoune riichten.

Geschriwwe vum Jodie Schmit – FAL

Opmaacherbild: © Tim Marshall / Unsplash

Related topics 12 Méint 12 Geschichten, Aarbecht, ADEM, Assistent, Autismus, David, Ënnerstëtzung, FAL, FNS, Fondation Autisme Luxembourg, Geschicht, Jodie Schmit, Service Soutien
Next post Previous post