Search

You may also like

Ankara iwwerleet sech eng Äntwert op d‘US-Sanktiounen
Neiegkeeten Stories

Ankara iwwerleet sech eng Äntwert op d‘US-Sanktiounen

Nodeems Washington géint zwee tierkesch Minister Sanktiounen imposéiert huet –

Editorial: Europa an den tierkeschen Ugrëffskrich
Neiegkeeten Stories

Editorial: Europa an den tierkeschen Ugrëffskrich

D‘EU misst léieren „d‘Sprooch vun der Muecht“ unzewennen, esou gëschter

Covid19-Reprise: Privileg oder Risiko?
Neiegkeeten Stories

Covid19-Reprise: Privileg oder Risiko?

Fënnef Woche „Confinement“ huet d‘Land elo hannert sech, an wéi

12 Méint an 12 Geschichten: Ënnerstëtzung fir Persoune mat Autismus an hir Familljen (Deel 3)

12 Méint an 12 Geschichten: Ënnerstëtzung fir Persoune mat Autismus an hir Familljen (Deel 3)

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Heivir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich, a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.

Nodeems mir am leschte Mount gekuckt hunn, wéi Persounen am autistesche Spektrum op romantesch Bezéiunge blécken, riichte mir an dësem Mount eis Opmierksamkeet op d’Ënnerstëtzung fir déi betraffe Familljen. Wéi mir bei deenen éischten zwee Theme scho gesinn hunn, ass all Persoun am autistesche Spektrum ganz individuell. An esou individuell wéi si och ass, esou individuell kënnen och hir Problemer sinn, bei deenen si op Ënnerstëtzung ugewisen ass.

De Service Soutien vun der FAL ënnerstëtzt net nëmmen déi betraffe Persounen, mä och hir Familljen an alle Liewensberäicher. Heibäi passt d´Ekipp hir verschidden Ënnerstëtzungsformen un déi perséinlech Ufroen a Besoine vun de Familljen un.

Fir méi doriwwer gewuer ze ginn, wéi ënnerschiddlech esou eng Ënnerstëtzung kann ausgesinn, hu mir eis mat verschiddene Familljen, déi vun eisem Service Soutien begleet ginn, getraff. Zudeem hunn eis d’Gerardina an d’Anouschka, zwou Persounen aus der Ekipp vum Service, een Abléck an déi verschidden Aspekter vun hirer Aarbecht ginn.

Rosalba: „Einfach ze wëssen, datt een do ass, hëlleft mir psychesch immens vill, verschidde Situatiounen ze meeschteren.“

D’Rosalba ass Mamm vun zwee Bouwen, vun deenen een am Autismus-Spektrum ass. De Simone ass 20 Joer al a krut am Joer 2012 seng Diagnose Autismus-Spektrum-Stéierung. D’Rosalba hëlt de Service Soutien vill fir psychesch Ënnerstëtzung an Usproch. Zudeem besicht de Simone 1 mol de Mount d’Noutfallbetter vun der FAL a soll elo ufänken, zweemol pro Woch an den Déngscht fir Dagesaktivitéiten ze goen.

FAL: A wéi enger Hisiicht hëlleft Iech de Service Soutien, den Alldag mam Simone ze meeschteren?

Rosalba: Mäin éischte Kontakt mam Service Soutien krut ech am Joer 2012, nodeems de Simone seng Diagnose Autismus krut. Ab deem Moment krute mir och eng individuell Ënnerstëtzung ugebueden, dat heescht, datt 1 mol pro Joer eng Persoun aus dem Service bei eis heem kënnt a spezifesch Situatioune mat mir beschwätzt a mir doropshi gemeinsam Léisunge sichen, fir den Alldag mam Simone ze verbesseren. Nieft deenen Hausbesich hunn ech awer och reegelméissege Kontakt mam Service a ka mech zu all Moment telefonesch u si wenden.

Viru gutt 3 Joer hat de Simone dunn an enger anerer Institutioun, an der hien zu deem Zäitpunkt war, en traumatescht Erliefnis matgemaach, wat dozou gefouert huet, datt en elo scho säit 3 Joer eng enorm Angscht huet, d’Haus ze verloossen. Dëst bedeit, datt ech praktesch dozou gezwonge sinn, ëmmer mat him doheem ze sinn.

Ech mengen ech muss net weider erklären, wisou dat extreem ermiddend ka sinn a wat fir eng enorm Kraaft dat vu mir ofverlaangt. Ma de Fait, datt ech zu all Moment weess, datt ech mech ëmmer un ee vun der Ekipp wende kann, hëlleft mir psychesch immens vill, verschidde Situatiounen ze meeschteren. Méi wéi ech Iech elo soe kann.

FAL: De Simone geet och reegelméisseg an de „Lits de Répit” vun der FAL. A wéi enger Hisiicht hëlleft dat Ärem Familljeliewen?

Rosalba: Genau. Mir hunn eis viru bal engem Joer dozou entscheet gehat, de Simone eemol pro Mount fir ee ganze Weekend an de „Lits de Répit“, also de sougenannten „Noutfallbetter“ vun der FAL, ze ginn. Dëst virun allem fir d’Wuelbefanne vu sengem Brudder.

Dir musst verstoen, wann een ee Kand mat Autismus an nach een anert Kand ouni Autismus huet, kënnt leider ëmmer dat Kand ouni Autismus ze kuerz. Net, well een ee Kand bevirdeelege wëll, mee einfach well ee Kand mat Autismus méi Opmierksamkeet brauch.

Natierlech deet mir dat als Mamm fuerchtbar wéi, ze gesinn, wéi ëm Simone säi Brudder keng aner Wiel huet, wéi sech domat ofzefannen. An zemools ze gesinn, wéi et fir hie mëttlerweil schonn Normalitéit ginn ass, datt d’Mamm jo owes ze midd ass, fir och nach senge Probleemer nozelauschteren…

Deen ee Weekend am Mount, wou de Simone bei der FAL verbréngt, kënne mir eis als Eltere voll a ganz op säi Brudder konzentréieren an him déi Opmierksamkeet schenken, déi hie wierklech verdéngt huet.

FAL: Wat wënscht dir Iech fir de Simone a fir Äert perséinlecht Liewen?

Rosalba: Viru Kuerzem krute mir lo déi gutt Noriicht vun der Fondatioun, datt si 2 mol pro Woch eng Disponibilitéit hunn, fir de Simone an hirem Déngscht fir Dagesaktivitéiten ze encadréieren.

Leider ass allerdéngs den éischte Versuch gescheitert, wou hie sollt fir déi éischte Kéier dohinner goen, well hie rëm ze vill Angscht hat, säi séchert Ëmfeld ze verloossen.

Ech wënsche mir wierklech, datt mir him déi Angscht an Zukunft huele kënnen a mir hien dozou beweegt kréien, dësen Déngscht fir Dagesaktivitéiten an Usproch ze huelen. Ech si mir sécher, och wann hie lo deen éischte Moment nach Angscht huet, datt et nëmme fir säi Bescht wier. Ech wéisst, datt en do gutt encadréiert wier an e kéint endlech rëm ufänken, aktiv um soziale Liewen deelzehuelen an zesumme mat anere Persounen, déi an der selwechter Situatioun si wéi hien, un Aktivitéiten deel huelen, déi him Spaass maachen.

Zudeem géif et mäi perséinlecht Liewen natierlech och verbesseren, vue datt ech soumat 2 Deeg an der Woch Zäit fir mech hätt an nei Kraaft tanke kéint.

Appell un d’Familljen

All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Problemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.

Sieft och dobäi wa mir am Februar eis Opmierksamkeet op romantesch Bezéiungen an op d’Sexualitéit bei autistesche Persoune riichten.

Geschriwwe vum Jodie Schmit – FAL

Opmaacherbild: © Andrew Lancaster / Unsplash

Related topics 12 Méint 12 Geschichten, Autismus, Ënnerstëtzung, FAL, Fondation Autisme Luxembourg, Hëllef, Interview, Perséinlech Geschicht, Rosalba, Service Soutien, Simone
Next post Previous post