Search

You may also like

Chantier Pont Buchler: Déi nächst Phas um 6. a 7. Februar
Neiegkeeten Stories

Chantier Pont Buchler: Déi nächst Phas um 6. a 7. Februar

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren doriwwer, datt een um 6.

Dëst Spill weist, datt de Mario sech bal an all Genre doheem fillt
Neiegkeeten Stories

Dëst Spill weist, datt de Mario sech bal an all Genre doheem fillt

Ëmmer wann s e mengt, datt Nintendo eng schlicht fuerchtbar

Turbulent Manifestatiounen zu Paräis
Neiegkeeten Stories

Turbulent Manifestatiounen zu Paräis

Bei der Demonstratioun fir de Klima, där sech gewaltbereet Anarchisten

12 Méint an 12 Geschichten: D’Fondatioun vu Familljen, fir Familljen (Deel 1)

Dëse Mount ass et endlech esou wäit: Happy Birthday FAL!

12 Méint an 12 Geschichten: D’Fondatioun vu Familljen, fir Familljen (Deel 1)

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Heivir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich, a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.

D’FAL gouf den 18. Juni 1996 vun engem Grupp vu betraffenen Eltere gegrënnt, déi eppes géint de Manktem un Ariichtungen an Déngschtleeschtunge fir Mënsche mat Autismus zu Lëtzebuerg ënnerhuele wollten. D’Ekippe vun der FAL si säit 25 Joer #ËMMERDO. #ËMMERDO fir alle Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung an hirem Ëmfeld breetgefächert an individuell Forme vun Ënnerstëtzung unzebidden. #ËMMERDO fir sech fir d’Rechter vun de Betraffenen anzesetzen a fir de Familljen an alle Liewensberäicher zur Säit ze stoen.

Vu Familljen, fir Familljen: Der Stëftung läit et um Häerzen, hir bestoend Déngschtleeschtunge sou gutt wéi méiglech un déi individuell Besoinen an Ufroe vun de betraffene Familljen ze riichten. Säit hirer Grënnung hu sech hir Servicer konstant weider ausgebaut: Wunnstrukturen, an deenen e Liewen an Dignitéit ugestrieft gëtt.

En Déngscht fir Dagesaktivitéiten deen zur Fërderung vun der Autonomie bäidroe soll. Vakanzekolonien a verschidde Fräizäitaktivitéiten déi déi perséinlech Entwécklung ënnerstëtze sollen. Formatiounen, déi dem Ëmfeld vun der betraffener Persoun méi eng kloer Siicht op den Handicap bidden. Ee Service fir den Diagnostik unzefroen an ee Service, an deem d’Ekipp ëmmer en oppent Ouer huet an de Familljen an alle Liewenslagen hir Ënnerstëtzung ubitt. 

Fir méi doriwwer gewuer ze ginn, a wéi enger Hisiicht d’FAL eng Hëllef fir déi betraffe Famillje ka sinn, hu mir eis mat verschiddene Beneficiairë vun der Stëftung getraff. Si alleguer profitéiere mol méi mol manner vun deene verschiddenen Déngschtleeschtunge vun der Fondatioun. Zudeem huet eis de President vun der FAL, de Claude Schmit, erzielt, wéi et deemools iwwerhaapt zur Grënnung vun der Stëftung komm ass.

12 Méint an 12 Geschichten
© JJ Ying / unsplash

Astrid an Aloyse: „Och als Autist wëll een net éiweg vun den Elteren ofhängeg sinn.“

Den Timo ass 16 Joer al an huet eng Autismus-Spektrum-Stéierung. Seng Elteren, d’Astrid an den Aloyse, verroden eis, a wéi enger Hisiicht d’FAL net nëmmen eng Beräicherung fir hire Jong, mä och eng Entlaaschtung fir si als Eltere ka sinn.

FAL: Dir huelt reegelméisseg un den Austausch-Gruppen, déi d’FAL fir betraffen Elteren organiséiert, deel. A wéi enger Hisiicht hëlleft Iech dësen Austausch?

Aloyse: Beim Austausch mat anere betraffenen Eltere kritt een d’Méiglechkeet, eng bestëmmte Situatioun aus méi Siichtweisen ze betruechten. Woubäi ee selwer villäicht net weess, wéi een an der Situatioun am beschten reagéiere soll, hunn aner Eltere fir genau déi Situatioun schonn eng passend Léisung fonnt. Esou kann ee sech géigesäiteg wäertvoll Iddien a Rotschléi mat op de Wee ginn, op déi een eleng wahrscheinlech ni komm wier.

Astrid: Ech perséinlech fannen et och eng grouss Hëllef, ze gesinn, wéi aner Elteren mat verschiddene Problemer eens ginn – oder zumindest wéi si versichen, domadder eens ze ginn. Et gesäit een einfach, datt ee mat deene Problemer net eleng ass – an et fillt ee sech verstanen.

FAL: Den Timo geet reegelméisseg bei de Vakanzekolonië vun der FAL mat. Eng flott Erfarung fir hien, an eng Auszäit fir Iech…?

Aloyse: De Fait, ganz eleng ouni eis an d’Vakanz ze fueren, huet dem Timo säi Selbstwäertgefill wéi och seng Autonomie wierklech gestäerkt. Dir musst verstoen, och als Autist ass een net onbedéngt glécklech, wann ee mat 16 Joer ëmmer nëmmen doheem ass an nach esou ofhängeg vun den Elteren ass.

Dat deet dann och wéi, wann de Pappa an d’Mamma ëmmer bei allem mussen hannendru si fir datt et funktionéiert. D’Vakanzekolonië vun der FAL hunn ëm Timo erméiglecht, sech selwer ze beweisen datt hien och mol eppes ouni eis meeschtere kann. A mir kënnen hie mat rouege Gewësse goe loossen, vue datt hie jo vu Leit begleet gëtt, déi kompetent sinn a sech mam Autismus auskennen.

Astrid: Fir éierlech ze sinn, fille mir eis déi Woch, wou den Timo mat der FAL an der Vakanz ass, méi fräi. Da kënne mir endlech déi Saachen doheem maachen, déi net méiglech sinn, wann hien do ass. Dozou gehéiert et beispillsweis mat de Maschinnen am Gaart ze schaffen, déi Geräischer verdréit hien nämlech net. Natierlech kënne mir dëst och maache wann hien an der Schoul ass, mä esou si mir awer méi oppe mat der Zäitandeelung, wéini mir wat maache wëllen.

FAL: Wat wéilt Dir gären nach aneren Eltere vun engem autistesche Kand mat op de Wee ginn?

Aloyse: Wichteg ass et, esou fréi wéi méiglech en kloren, unerkannten Diagnostik ze kréien. Well wann een dëse bis huet, da gi bestëmmten Dieren op, souwuel bei den Administratioune wéi och bei den Organisatiounen, an déi soll een dann och notzen. Zudeem ass et wichteg sech doriwwer ze informéieren, wéi eng Rechter ee mat dësem Diagnostik huet, an dës dann och an Usproch huelen.

FAL: Eppes, wat Dir nach wëllt lass ginn…?

Aloyse: Vue datt d’FAL op finanziell Ressourcen ugewisen ass, hu mir eis 2 kleng Aktiounen iwwerluecht, wéi mir d’Fondatioun dës Joer ënnerstëtze kënnen: Eis éischt Iddi ass et mat eisem klenge Museks-Grupp, mam Numm „Chim&Chérie“, e puer Spende fir d’FAL ze sammelen.

Zudeem besëtze mir ee klenge Betrib, den „Atelier Sonneblumm“, wou mir Saachen, wéi beispillsweis Bijouen, selwer aus Glas hierstellen. Hei leeë mir elo fir all Saach, déi mir verkafen, e klenge Betrag vum Gewënn op eise Spendekonto fir d’Fondatioun zeréck. Mir hoffen, datt mir hinnen esou am Enn vum Joer eng kleng Hëllef sinn, fir déi néideg Servicer kënnen ze garantéieren.

Geschriwwe vum Jodie Schmit – FAL
Opmaacherbild: © Benjamin Davies / unsplash


  • 12 Méint an 12 Geschichten: D’Fondatioun vu Familljen, fir Familljen (Deel 2 den 29.06.2021)
  • 12 Méint an 12 Geschichten: D’Fondatioun vu Familljen, fir Familljen (Deel 3 den 30.06.2021)
  • 12 Méint an 12 Geschichten: D’Fondatioun vu Familljen, fir Familljen (Deel 4 den 01.07.2021)
Related topics 12 Méint 12 Geschichten, Atelier Sonneblumm, Austausch, Autismus, FAL, Fondation Autisme Luxembourg, Fräiheet, Jodie Schmit, Timo, Vakanzekolonie
Next post Previous post