Trump jot FBI-Chef Comey bei der Däiwel
Den amerikanesche President suergt op ee neits fir gelleg Opreegung,
Den amerikanesche President suergt op ee neits fir gelleg Opreegung,
D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt de Recyclingszenter op der Areler Strooss
Madamm Minister Cahen, Madamm Minister Lenert, ewéi schonn an eisem
Nodeems mir am leschte Mount gekuckt hunn, op a wéi selbststänneg Persounen am autistesche Spektrum kënne sinn, blécke mir am Mount vu Vältesdag op romantesch Bezéiungen tëschent autisteschen an awer och net-autistesche Persounen. Zudeem erkläert eis de Jean-Michel, Ergotherapeut a Co-Responsabel vun eisem Service „Hébergement“, wéi eng Plaz d’Thema Sexualitéit an eise Wunnstrukture fir Mënsche mat engem héijen Ënnerstëtzungsbedarf huet.
Autistesch Persoune ginn oft als bezéiungsonfäeg an als op sech bezunnen Eenzelgänger ugesinn. Mä, wéi blécke si tatsächlech op Partnerschaften?
Mir hu mat verschiddene Mënschen aus dem Autismus-Spektrum iwwert hir Erfarungen am Beräich vun der Léift a romantesch Bezéiunge geschwat. Mat 2 Koppelen, déi säit laanger Zäit an enger fester Bezéiung sinn, a mat enger erwuessener Persoun, déi nach keng fest Bezéiung hat. Et war hinnen awer wichteg kloerzestellen, datt si just aus hirer eegener Erfarung schwätzen an dës Aussoen op kee Fall fir all betraffe Persoun gëllen.
D’Lisa an de Bob, 29 a 27 Joer al, sinn allebéid asperger-autistesch Persounen a liewe säit bal 2 Joer an enger fester Bezéiung. De Bob huet d’Lisa duerch deem säi Youtube-Kanal „Girl from Planet Aspie” kennegeléiert a wosst virdrun nach net, datt hie selwer am Autismus-Spektrum ass. Eréischt duerch d’Lisa koum hien op d’Iddi, sech diagnostizéieren ze loossen. Am Gespréich erziele si, wéi sech eng Bezéiung tëschent autistesche Persoune vun enger tëschent neurotypeschen, also net-autistesche Persounen, ënnerscheet.
FAL: Ass et fir d’Bezéiung vu Virdeel, wa béid Partner autistesch sinn?
Bob: De Fait datt een ähnlech Erfarungen huet an eventuell vergläichbar funktionéiert wat d’Psyche ugeet (beispillsweis wéi Emotioune wouergeholl ginn) ass et denken ech mat méi Versteesdemech fir déi jeeweileg aner Persoun verknëppt wéi wann eng neurotypesch Persoun mat enger neurodiverser Persoun (dorënner falen och autistesch Mënschen) an enger Bezéiung ass. Allerdéngs ginn et awer och Situatiounen, déi méi schwiereg ze geréiere sinn, wann wéi an eisem Fall, béid Partner neurodivers sinn. Dëst beispillsweis bei méi schlechten Deeg, wärend Overloads (Reiziwwerflutung) oder Meltdowns (en Ausbroch vu Roserei), déi den Autismus mat sech brénge kann.
FAL: A wéi enger Hisiicht ënnerscheet sech ärer Erfarung no eng Bezéiung tëschent autistesche Persoune vun enger Bezéiung tëschent net-autistesche Persounen?
Bob: Bezéiungen tëschent Autisten si vill méi gereegelt, och wann d’Reegelen net zwéngend ausgeschwat ginn – eleng schonn duerch déi repetitiv Verhalensmuster oder Routinnen. Als Beispill: fir anerer villäicht intuitiv Saache si fir eis net esou intuitiv a musse gereegelt sinn. Gëschter am Auto huet sech d’Lisa gefrot wéi vill Bëbeeën oder kleng Kanner un Iesse bräichten, ouni datt si ongesond ernäert ginn.
Lisa: Einfach fir eng spéider Familljeplanung geduecht. An dat ass éischter eng „autistesch“ Froestellung.
Bob: Zudeem ass eise Schlofrhythmus e ganz aneren. Mir sinn oft an der Nuecht méi aktiv a méi fit, wéi dagsiwwer, well et nuets méi roueg an donkel ass. Dagsiwwer wierken déi ganz Reizer wéi Kaméidi a Liicht op eis an.
Lisa: Jo, total. Mir genéissen d’Nuecht, well eis do keng Méimaschinn, keng Buermaschinn an och keng haart Mënsche stéieren. Zudeem sinn déi meescht Autiste sapiosexuell (sapiosexuell beschreift eng sexuell Orientéierung, déi virun allem op de Verstand vun enger anerer Persoun ausgeriicht ass). Dat heescht, wann een intelligent ass, mécht dat vill aus. Et gëtt ongär um klasseschen, neurotypeschen Emotiounsniveau geflirt, mee vill méi op Meenungsaustausch, Faktenchecks an engem sachlechen Niveau generell.
Bob: Genau. Wann eng Persoun mat Logik an Intelligenz punkte kann, da klappt dat och mat der Bezéiung. Eng reng emotional Bindung wäert bei Autiste warscheinlech net laang halen, wann do net nach méi ass. Dat trëfft zumindest op mech zou. Ech empfanne reng emotional Bindunge souguer als ustrengend.
FAL: Wat géift dir op dat Viruerteel „Persounen am Autismus-Spektrum si bezéiungsonfäeg“ erwiederen?
Lisa: Nujee, dat kann ee genausou widderleeë wéi d’Virurteel, Autisten hätte keng Gefiller. Mir féieren eis Bezéiungen anescht, dat heescht awer net, datt mir onfäeg sinn. Genausou wéi mir ons Gefiller och einfach nëmmen anescht ausdrécke wéi neurotypesch Persounen.
Bob: Verschidde Verhalensweise vun autistesche Mënsche wierken – reng äusserlech betruecht – warscheinlech schnell als falsch oder als net richteg. Villäicht sollt ee sech méi genau domat befaassen, wéi ënner anerem mat Gespréicher wéi dësen, fir Bezéiunge mat neurodiverse Mënsche besser verstoen ze kënnen.
All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Problemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.
Sieft och dobäi wa mir am Februar eis Opmierksamkeet op romantesch Bezéiungen an op d’Sexualitéit bei autistesche Persoune riichten.
Weider Informatiounen zum Thema Gefills- a Sexualliewe vu Mënsche mat Behënnerung fannt Dir an DËSER BROSCHÜR.
Geschriwwe vum Jodie Schmit – FAL
Opmaacherbild: © Fadi Xd / Unsplash
Zum éischten Thema Autismus a Selbststännegkeet fannt Dir HEI.