Search

You may also like

Mat der SAS op Stockholm an zréck
Neiegkeeten Stories

Mat der SAS op Stockholm an zréck

Lëtzebuerg ass attraktiv, egal ob fir doucen Tourismus oder knallhaarde

Nach herrscht Fridden tëscht dem OGBL an dem Aarbechtsminister
Neiegkeeten Stories

Nach herrscht Fridden tëscht dem OGBL an dem Aarbechtsminister

Bei enger éischter Entrevue tëscht dem OGBL an dem neien

Weess du, wat dës Lëtzebuergesch Wierder bedeiten?
Neiegkeeten Stories

Weess du, wat dës Lëtzebuergesch Wierder bedeiten?

[onionbuzz quiz-id=24][/onionbuzz] Lëtzebuergesch ass net ëmmer eng einfach Sprooch. Do

12 Méint an 12 Geschichten: Léift a Sexualitéit bei Persoune mat Autismus (Deel 2)

Autismus a romantesch Bezéiungen – dat passt dach guer net zesummen! Oder.. éieren dach?

12 Méint an 12 Geschichten: Léift a Sexualitéit bei Persoune mat Autismus (Deel 2)

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Heivir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich, a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.

Nodeems mir am leschte Mount gekuckt hunn, op a wéi selbststänneg Persounen am autistesche Spektrum kënne sinn, blécke mir am Mount vu Vältesdag op romantesch Bezéiungen tëschent autisteschen an awer och net-autistesche Persounen. Zudeem erkläert eis de Jean-Michel, Ergotherapeut a Co-Responsabel vun eisem Service „Hébergement“, wéi eng Plaz d’Thema Sexualitéit an eise Wunnstrukture fir Mënsche mat engem héijen Ënnerstëtzungsbedarf huet.

Autistesch Persoune ginn oft als bezéiungsonfäeg an als op sech bezunnen Eenzelgänger ugesinn. Mä, wéi blécke si tatsächlech op Partnerschaften?

Mir hu mat verschiddene Mënschen aus dem Autismus-Spektrum iwwert hir Erfarungen am Beräich vun der Léift a romantesch Bezéiunge geschwat. Mat 2 Koppelen, déi säit laanger Zäit an enger fester Bezéiung sinn, a mat enger erwuessener Persoun, déi nach keng fest Bezéiung hat. Et war hinnen awer wichteg kloerzestellen, datt si just aus hirer eegener Erfarung schwätzen an dës Aussoen op kee Fall fir all betraffe Persoun gëllen.

Léift a Sexualitéit© Will O / Unsplash

Serge & Diane: „Et ass dat Zesummespill tëschent neurotypesch an neurodivers, wat eis Bezéiung ausmécht.“

De Serge an d’Diane, 54 an 52 Joer al, sinn elo säit engem Joer eng fest Koppel a wunnen och zënterhier zesummen. Woubäi de Serge eng asperger-autistesch Persoun ass, ass d’Diane eng neurotypesch Persoun, déi sech vill fir d’Psychologie interesséiert an ëm Serge Mutt gemaach huet, sech diagnostizéieren ze loossen.

FAL: Wéi eng Rotschléi hutt dir u Leit, déi an enger frëscher Bezéiung mat enger autistescher Persoun sinn?

Diane: Fir d’éischt ass et wichteg, mat vill Verständnis fir déi aner Persoun an d’Bezéiung eran ze goen. Zudeem ass et enorm wichteg, wann ee mat enger neurodiverser Persoun zesummen ass, oppen dofir ze sinn, nei Denkweisen an Handlungsweise kennenzeléieren.

Et dierf een also net stuer bleiwen a soen: normalerweis géif een an dëser Situatioun awer sou oder sou reagéieren. Nee, et muss een oppe sinn a verstoen, datt och wann eng Persoun aneschters reagéiert, oder wann si d’Saachen aneschters reegelt, et dofir net falsch ass.

FAL: Hutt dir soss nach Tipps, fir eng gesond Bezéiung tëschent autisteschen an net-autistesche Persounen?

Diane: Den Autismus bréngt beim Serge eng Hypersensibilitéit mat sech, an d’Tatsaach, datt hie gewësse Situatiounen anescht gesäit oder wouerhëlt, kënne bei him wierklech en schlecht Gefill ausléisen. Aus deem Grond ginn ech ëmmer direkt op hien duer, wann ech mierken, datt hien e Problem huet, an ech analyséieren dann zesumme mat him, wat den Ausléiser vum Problem war a probéieren doropshin direkt eng Léisung ze fannen.

Serge: Genau. Mir hu ganz vill Briefingen an Diskussiounen doriwwer, wat mir wéi erlieft hunn a wou villäicht e Mëssverständnes opgetrueden ass. Dat géif ech och all anere Persounen uroden, déi mat enger neurodiverser Persoun zesumme sinn.

De Fait, datt mir autistesch Persounen oft Saache ganz anescht wouerhuelen, ka schnell zu Mëssverständnesser féieren. Aus deem Grond ass eng gutt Kommunikatioun de wichtegste Grondstee fir eng gesond Bezéiung.

FAL: Wat kann ärer Meenung no eng autistesch Persoun als Plus-value an eng Bezéiung mat erabréngen?

Diane: De Serge huet mir extrem vill bäibruecht a mäi Weltbild wierklech erweidert. An der Analyse vun den alldeegleche Saachen, am Verständnis, am Depassement vun den eegene Grenzen, an der Ouverture vun Horizonter, et ass wierklech esou, datt sech duerch hie meng komplett Denkweis a sou enger kuerzer Zäit verännert huet.

Eng autistesch Persoun kann enger neurotypescher Persoun also ganz vill bréngen, zemools an der perséinlecher Entwécklung.

Serge: Dozou muss ech awer och soen, datt et grad dat Zesummespill tëschent neurotypesch an neurodivers ass, wat eis Bezéiung ausmécht. Et stëmmt zwar wuel datt ech verschidde Stäerke vu mir mat an d’Bezéiung eran huelen, mee grad esou bréngt d’Diane och seng Stäerke mat eran. Andeems mir allebéid eis eege Qualitéite mat an d’Bezéiung erabréngen, entsteet e richtegen Austausch.

Et ass e bëssi wéi eng Teamaarbecht, bei der Jiddereen dat mécht, wat hie gutt kann. Ech gesinn dat Zesummespill tëschent neurotypesch an neurodivers wierklech als eng Chance, sech zesumme weiderzëentwéckelen a géigesäiteg vuneneen ze léieren.

Appell un d’Familljen

All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Problemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.

Sieft och dobäi wa mir am Februar eis Opmierksamkeet op romantesch Bezéiungen an op d’Sexualitéit bei autistesche Persoune riichten.

Geschriwwe vum Jodie Schmit – FAL


Opmaacherbild: © Sincerely Media / Unsplash

Weider Informatiounen zum Thema Gefills- a Sexualliewe vu Mënsche mat Behënnerung fannt Dir an DËSER BROSCHÜR.

Related topics Autismus-Spektrum-Stéierung, FAL, Fondation Autisme Luxembourg, Hypersensibilitéit, Jodie Schmit, Léift, Serge an Diane, Sexualitéit
Next post Previous post