Search

You may also like

58% vun de Kanner profitéieren zu Lëtzebuerg vun enger Betreiung
Neiegkeeten Stories

58% vun de Kanner profitéieren zu Lëtzebuerg vun enger Betreiung

Dëst erginn aktuell Zuelen, déi den Eurostat verëffentlecht huet a

Luuchten a Pneue Campagne 2020: „schwaach Batterien“
Neiegkeeten Stories

Luuchten a Pneue Campagne 2020: „schwaach Batterien“

Den ACL, ee wichtege Partner vun den Automobilisten an Motarden,

PARITY EP-Release den 13. Mäerz 2020 an der Kulturfabrik!
Neiegkeeten Stories

PARITY EP-Release den 13. Mäerz 2020 an der Kulturfabrik!

Fir déi jonk Lëtzebuerger Band Parity ass et ee weidere

12 Méint an 12 Geschichten: Léift a Sexualitéit bei Persoune mat Autismus (Deel 3)

12 Méint an 12 Geschichten: Léift a Sexualitéit bei Persoune mat Autismus (Deel 3)

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Heivir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich, a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.

Nodeems mir am leschte Mount gekuckt hunn, op a wéi selbststänneg Persounen am autistesche Spektrum kënne sinn, blécke mir am Mount vu Vältesdag op romantesch Bezéiungen tëschent autisteschen an awer och net-autistesche Persounen. Zudeem erkläert eis de Jean-Michel, Ergotherapeut a Co-Responsabel vun eisem Service „Hébergement“, wéi eng Plaz d’Thema Sexualitéit an eise Wunnstrukture fir Mënsche mat engem héijen Ënnerstëtzungsbedarf huet.

Autistesch Persoune ginn oft als bezéiungsonfäeg an als op sech bezunnen Eenzelgänger ugesinn. Mä, wéi blécke si tatsächlech op Partnerschaften?

Mir hu mat verschiddene Mënschen aus dem Autismus-Spektrum iwwert hir Erfarungen am Beräich vun der Léift a romantesch Bezéiunge geschwat. Mat 2 Koppelen, déi säit laanger Zäit an enger fester Bezéiung sinn, a mat enger erwuessener Persoun, déi nach keng fest Bezéiung hat. Et war hinnen awer wichteg kloerzestellen, datt si just aus hirer eegener Erfarung schwätzen an dës Aussoen op kee Fall fir all betraffe Persoun gëllen.

Léift a Sexualitéit© Designecologist / Unsplash

Mä och de Beräich vun der Sexualitéit gehéiert zum Liewen dozou, egal op neurotypesch oder net

Wann ee sech mam Thema vun der Léift auserneesetzt, gehéiert et och dozou, e Bléck op d’Sexualitéit ze werfen. Wéi de Jean-Michel beschreift, ass dëst awer leider ëmmer nach e groussen Tabu am Beräich vum Handicap: „D’Sexualitéit ass e feste Bestanddeel vum Liewen a gehéiert zum Mënsch dozou. De Problem ass awer, datt dee Beräich net nëmme beim Autismus, mee allgemeng am Beräich vum Handicap ëmmer nach e grousst Tabu-Thema ass. Dobäi ass et een natierlecht Bedierfnis vun all Persoun, egal op neurotypesch oder net. Aus deem Grond leeë mir an eise Wunnstrukture Wäert dorop, oppe mat deem Thema ëmzegoen an näischt ze verstoppen. Ech hoffen, datt dësen Tabu endlech gebrach gëtt. Dat wier wierklech wichteg fir all Persoun mat engem Handicap, sou datt si sech och déi néideg Hëllef an Ënnerstëtzung an deem Beräich ufroe kéint, déi si brauch.“

All Persoun kann hir Sexualitéit anescht ausliewen. Grad esou wéi et bei neurotypesche Persounen sou ënnerschiddlech Ausriichtungen a Virléifte ginn, ginn et dës och bei Persounen am autistesche Spektrum.

Wéi de Jean-Michel eis erkläert huet, ass et bei eise Bewunner, déi e méi niddrege Funktiounsniveau an en héijen Ënnerstëtzungsbedarf hunn, esou, datt si méi op sech konzentréiert sinn a kee Besoin hunn, eng intim Bezéiung zu enger anerer Persoun opzebauen. Och géif ee bei hinnen net oft bemierken, datt si grad e staarkt Bedierfnis u Sexualitéit hunn.

Wann et awer de Fall ass, maache si alles, fir der Persoun sou gutt et geet ze hëllefen an net einfach fort ze kucken: „Hir Sexualitéit ass ganz individuell an op sech bezunn. Dat heescht datt et heiansdo, zum gréissten Deel bei eise männleche Bewunner, virkënnt, datt si sech selwer stimuléiere wëllen. Allerdéngs verstinn si déi sozial Reegelen net a passen dann net op, wou a wéini si dëst maache wëllen.

Ee Beispill: Mir haten ee Bewunner, dee sech vu Plastiks-Dëscheldicher ugereegt gefillt huet, a wollt dofir ëmmer an ee bestëmmte Restaurant goen, fir sech do kënnen un den Dëscheldicher ze stimuléieren. Mir hunn him do déi selwecht Dëscheldicher fir seng eege Schlofkummer kaf an hunn him Schrëtt fir Schrëtt erkläert, wou a wéini hien dat maachen dierf a wou net.

Awer och an der Aart a Weis, wéi si am beschten zur Satisfaktioun komme kënnen, ënnerstëtze mir si mat Tipps an Uleedungen. Et ass scho virkomm, datt eng Persoun net wousst, wéi si sech am beschten uleeë sollt, an doduerch eng Frustratioun mat doropshin ausgeléiste Verhalensprobleemer entstane sinn. Et ass also e wichtege Léierprozess, wärend deem mir hinnen déi zwou Saache bäibréngen, sou datt an deem Beräich keng weider Problemer entstoe kënnen“, sou de Jean-Michel.

Appell un d’Familljen

All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Problemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.

Sieft och dobäi wa mir am Februar eis Opmierksamkeet op romantesch Bezéiungen an op d’Sexualitéit bei autistesche Persoune riichten.

Geschriwwe vum Jodie Schmit – FAL


Opmaacherbild: © Nick Fewings / Unsplash

Weider Informatiounen zum Thema Gefills- a Sexualliewe vu Mënsche mat Behënnerung fannt Dir an DËSER BROSCHÜR.

Related topics 12 Méint 12 Geschichten, Autismus-Spektrum-Stéierung, FAL, Fondation Autisme Luxembourg, Jean-Michel, Jodie Schmit, Léift, Sexualitéit, Stimulatioun
Next post Previous post