12 Méint an 12 Geschichten: Medien an Autismus (Deel 1)

David, eng erwuesse Persoun aus dem autistesche Spektrum: „D’Medie bombardéieren een non-stopp mat Informatiounen a Sënnesreizer. Da kënnt hei rëm eng Reklamm, déi jo och onbedéngt nach grell liichten a Musek maache muss, an da kënnt do rëm eng schlëmm Neiegkeet, déi verschafft gi muss...“

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Heivir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich, a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.

An dësem Mount riichte mir eis Opmierksamkeet op den Afloss vun de Medien am Zesummenhang mam Autismus. D’Medie sinn an dëser moderner Zäit net méi fort ze denken. Egal ob et d’Noriichte moies um Radio ënnerwee fir op d’Schaff sinn, owes déi nei Serie um Netflix oder de Facebook fir tëschenduerch. D’Medien hu sech zu eisem stännege Begleeder entwéckelt.

Mir hunn eis gefrot, wéi een Afloss d’Medien, ënner anerem och wéi den Autismus an de Medien duergestallt gëtt, op Persounen aus dem autistesche Spektrum hunn. Och si ginn dagdeeglech mat Informatioune vun de Medie bombardéiert, a mussen dës veraarbecht kréien, an dat an engem Alldag, dee fir si oft scho chaotesch a stresseg genuch ass.

Heivir hu mir eis mat 3 erwuessene Persounen aus dem Autismus-Spektrum getraff a mat hinnen iwwert hire Bezuch zur Mediewelt geschwat. Sie allen 3 hu mol méi mol manner dëse Beräich an hiren Alldag integréiert. Zudeem huet eis d’Judith, Ergotherapeutin vun der FAL, e puer Beispiller zu deem ginn, wat eis Ekipp aus dem Service Soutien scho vun Erfarunge vu betraffene Persounen aus deem Beräich matkritt huet.

„Déi hektesch Welt an der mir liewen ass sou schonn Erausfuerderung genuch fir autistesch Persounen.“

Den David, deen zu all Theeme vun eisen „12 Méint – 12 Geschichten“ eppes matdeelt, mécht dorop opmierksam, wisou et wichteg ass, opzepassen, datt ee seng Medien ëmmer ganz bewosst konsuméiert.

FAL: Wéi géifs du däi Mediekonsum beschreiwen?

David: Ech géif soen datt ech e ganz bewosste Mediekonsum hunn, dat heescht ech probéieren et wierklech ëmmer dorobber ze beschränken, wat fir mech och relevant ass. Ech verbrénge beispillsweis vill Zäit mat Bicher oder datt ech mech um Internet iwwert bestëmmten Theemen informéieren, a kucke beispillsweis vill Dokumentatiounen um Youtube. Op de soziale Medien dogéint sinn ech manner aktiv, an och vun der Aktualitéit halen ech mech gréisstendeels ewech, well dës einfach wierklech depriméierend ka sinn.

FAL: Wisou kënnen d’Medien en Challenge fir autistesch Persounen duerstellen?

David: Ech mengen datt déi hektesch Welt an der mir hautdesdaags liewen esou scho wierklech eng Erausfuerderung fir autistesch Persounen ass, well mir eben eng neurodivers Manéier hu fir d’Welt wouerzehuelen a mir déi Informatiounen, mat deene mir an eisem Alldag bombardéiert ginn, nach fir d’éischt bewosst veraarbechte mussen.

Wann dann awer nach d’Medien dobäi kommen, vun deenen ee wierklech ronderëm d’Auer ëmmer rëm mat neie Sënnesandréck an Informatioune beworf gëtt, mécht dat eisen Alldag sécher net méi einfach. Sief et ob een de Fernsee u mécht, oder sech och nëmme kuerz op sengem Facebook-Account alogge wëll.

Da kënnt hei rëm eng Reklamm, déi jo och onbedéngt nach grell liichten a Musek maache muss, an da kënnt do rëm eng schlëmm Neiegkeet, wou alt rëm eng Katastrophe geschitt ass.. Do kënnt een dann natierlech op ee Punkt, wou een déi Informatioun och fir d’éischt eemol verschaffe muss.

FAL: Wéi eng Tipps hues du dann, fir dësen Challenge besser ze packen?

David: Ech mengen et ass wichteg, datt een do bëssi seng eege Strategië fënnt a sech selwer bewosst gëtt mat wéi vill Informatiounen a mat wéi vill Mediekonsum ee sech selwer nach wuel fillt. Do kann ee sech da beispillsweis och selwer eng gewëssen Disziplin setzen andeems ee sech bewosst gëtt, wat ee vun Informatioune wëll mat kréien a wat net.

Also datt ee sech beispillsweis selwer Reegele setzt a sech seet: „sou déi Reklamm interesséiert mech net, also blenden ech se komplett aus, an ech gi lo och net nach fir d’éischt eng Stonn op Facebook, mee ech sichen direkt dat um Internet, woumat ech mech lo wierklech befaasse wollt…“.

FAL: Wéi fënns du, datt den Autismus an de Medien duergestallt gëtt?

David: Fir d’éischt emol wëll ech soen, datt ech et gutt fannen, datt den Autismus iwwerhaapt an de Medie behandelt gëtt. De Problem beim Autismus ass awer datt et en immens breede Spektrum ass, sou datt et onméiglech ze definéieren ass, wéi een e Personnage an engem Film autistesch duerstelle kéint. Fakt ass, all Autist ass anescht, an an engem Film kann een da just ëmmer eng Variant weisen, vun deem, wéi sech den Handicap bei enger Persoun äussere kéint.

A sou leeft et da leider ëmmer rëm op déi zwee selwecht Klischeeën eraus: entweeder et ass deen immens intelligenten Autist dee Richtung Genie geet, oder eben um aneren Enn vum Spektrum: Autisten déi e staarke Retard Mental hunn, déi net schwätzen oder sech ganz wéineg ausdrécken, a Krise maachen.

FAL: Wéi géifs du dir da wënschen, datt den Autismus an de Medien duergestallt gëtt?

David: Ech kéint mir spontan virstellen, datt et beispillsweis eng gutt Iddi wier, am Film respektiv an der Serie kloer ze kennzeechnen, datt dat just ee klengen Deel vum Autismus ass deen do duergestallt gëtt an datt dës Verhalensweisen op kee Fall fir all Autist zoutreffen. Dat wier dann einfach bëssi sou eng Warnung am Ufank oder Schluss vum Film.

Eng aner Méiglechkeet wier och et an d’Geschicht selwer mat anzebauen, datt beispillsweis einfach eng aner Persoun eemol am Film géif soen „et ass net all Autist selwecht, et ginn och déi an déi Autisten“. Mee mir ass bewosst datt dat net ëmmer einfach ass a Filmer ëmzesetzen, déi fir de grousse Public gemaach sinn a wou alles relativ einfach muss gehale sinn.


Appell un d’Familljen: All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Probleemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.
Tel.: 26 91 11 1
Email: autisme@fal.lu

Dernières nouvelles