12 Méint an 12 Geschichten: Medien an Autismus (Deel 3)

Steve: „Firwat soll een ëmmer grad sou maache wéi déi aner?“

De Steve, säin Numm gouf geännert, hält net vill dovunner, datt d’Medien hautdesdaags sou ee grousse Stellewäert an eiser Gesellschaft hunn.

FAL: Wéi ass deng perséinlech Meenung zu de Medien?

Steve: Éierlech gesot halen ech net vill vun de Medien. Also u sech beschäftegen ech mech scho vill domat, mee ech fannen awer net datt dat wierklech eng sënnvoll Beschäftegung ass. Et ass oft einfach fir d’Zäit bëssi ëm ze kréien.

Ech fannen och et hänkt ëmmer dovun of woufir een d’Medie konsuméiert, ech perséinlech kucken dann och mol Saachen iwwert Champignonen, fir déi ech e groussen Interessi hunn. Et kann ee sech jo mam Internet wierklech vill wäertvollt Wëssen uneegnen, mee et ass ebe leider sou datt d’Leit et oft net fir sënnvoll Saachen notzen.

FAL: Wat genau stéiert dech da sou um Mediekonsum vun de Leit?

Steve: Et si virun allem déi sozial Medien, mat deenen ech einfach näischt ufänke kann. Also soe ma mol sou: u sech fannen ech déi Iddi, déi hannert deene Saache stécht, guer net mol sou schlecht: mat der Hëllef vun dëse Plattforme kann ee sech beispillsweis mat Leit austauschen, déi op der anerer Säit vun der Welt liewen.

Leider ass awer de Gros vun de Leit net richteg un dëser Iddi interesséiert an notzt et, fir a mengen Aen, sënnlos Saachen. Déi maachen dann eng Foto vun hirem Iessen a posten déi, a freeë sech da wann si e „Like“ oder eppes kréien…

Da sinn awer och nach aner Faiten, wisou ech mech net op sou enger Plattform umelle géif. Net nëmmen datt et doduerch och vill Cybermobbing gëtt, et weess ee jo och ni mat Sécherheet, wien op der anerer Säit vun der Leitung sëtzt… Also éier ech nach op iergendeen Hacker oder sou stousse géif, deen dann op all meng Donnéeën zréck gräife kéint, loossen ech léiwer ganz d’Fangeren dovun.

FAL: Hues du dann net heiansdo awer d’Gefill, mussen dozou ze gehéieren?

Steve: Nee, iwwerhaapt net. Et war mir eigentlech ëmmer total egal, wat déi aner gemaach hunn. Et huet mech net interesséiert. Ech hunn do ni mat gemaach an ech sinn och stolz drop. Firwat soll een ëmmer grad sou maache wéi déi aner? Ech gi mäin eegene Wee an ech fanne wann een sech an iergendenger Form deenen anere Leit muss upasse fir als vollwäertege Member vun der Gesellschaft ugesinn ze ginn dann ass et dat net der Wäert.

FAL: A wéi enger Hisiicht kann een dann denger Meenung no d’Medien awer och positiv notzen?

Steve: Also wéi gesot notzen ech d’Medien och fir mech mat mengen Interessien auserneen ze setzen a mech weiderzebilden. Genau sou wéi d’Champignonen zu mengen Interessie gehéieren, gehéiert och de Lego do derzou. An do gëtt et och ee sougenannten „Influencer“, also een deen ëmmer Videoen zu neie Lego-Sette mécht. An deem seng Videoe kucken ech och relativ gäre fir den Zäitverdreif an an deem Sënn fannen ech sinn sou Saachen dann awer och eng gutt Chance fir einfach mol bëssi aus dem Alldag ze flüchten.

Natierlech kritt een doduerch dann och mol Loscht déi Saachen, déi dee Mann da virstellt, ze kafen, mee et ass awer lo net sou datt ech mech do zu 100% beaflosse loossen. Ech ka mir allerdéngs virstellen datt dat awer och rëm kann eng Gefor sinn, datt verschidde Leit, déi eben och den Internet fir hir spezifesch Interessien notzen, sech ze vill vun der Reklamm leede loossen an déi Produiten dann och direkt um Internet kafe wëllen.

Leider kënnen awer déi Saachen, déi een sou einfach beispillsweis op Ebay bestelle kann, och mol manipuléiert sinn oder net dat sinn, wéi se um Bild duergestallt ginn… Mee heivir géif ech jidderengem uroden, sech ee Verkeefer ze sichen, dee vertrauenswierdeg ass.


Appell un d’Familljen: All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Probleemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.
Tel.: 26 91 11 1
Email: autisme@fal.lu

Dernières nouvelles