12 Méint an 12 Geschichten: Medien an Autismus (Deel 4)

„An deem chaoteschen Alldag gëtt et hinnen Halt, wa si wëssen, wat op se duer kënnt.“

D’Judith schafft scho säit 10 Joer am Service „Soutien“ vun der FAL. Wéi hat eis verséchere konnt, kontaktéieren d’Leit zwar net oft wéinst Probleemer an deem Beräich eis Ënnerstëtzungs-Ekipp, allerdéngs hätte si och scho vun der eng oder anerer interessanter Erfarung vu betraffene Persounen héieren.

Him ass allerdéngs wichteg ze betounen, datt hat just vun deenen Erfarunge schwätze kann, déi hat am Kader vu senger Aarbecht um Terrain matkritt huet, an dës Aussoen op kee Fall op all Autist zoutreffen.

FAL: Judith, wat géifs du soen, si positiv Aspekter vun de Medie fir autistesch Persounen?

Judith: Spontan fale mir do dräi wichteg Punkten an:

  1. Verschidde betraffe Persounen, déi Schwieregkeete mat de sozialen Interaktiounen hunn, notze Serien a Filmer fir dës ze léieren. Si analyséieren da beispillsweis wéi d’Leit an de Filmer reagéieren a léiere sou och Gesiichtsausdréck an aner nonverbal Zeeche richteg ze interpretéieren.
  2. Et gi jo ganz vill autistesch Persounen déi ganz spezifesch Interessien hunn, déi net sou „typesch“ sinn, a sech och wierklech vill mat dëse befaasse wëllen. Den Internet bitt hinnen net nëmmen d’Méiglechkeet, sech nach méi mat dësen Theemen ze beschäftegen, mä och fir vläicht op verschiddene Plattforme Leit kennenzeléieren, déi dës Interessien deelen.
  3. Zudeem kënne Filmer oder Serien, déi si scho puer mol gesinn hunn, eng Hëllef fir autistesch Persoune sinn, fir en Ausgläich zum stressegen Alldag ze hunn. Et ass e Fait, datt dee chaoteschen, sech stänneg verännerenden Alldag si immens midd mécht, a wa si dann e Film kucken, bei deem si ganz genau wëssen, wat op si duer kënnt, gëtt hinnen dat e gewëssenen Halt fir owes ofzeschalten.

FAL: Déi sougenannte „sozial Reegelen“, mat deene vill autistesch Persounen hir Schwieregkeeten hunn dës ze verstoen, existéieren och an der Welt vun de soziale Medien.

Judith: Genau. Am Kader vu menger Aarbecht am Service „Soutien“ hunn ech scho betraffe Persoune betreit, déi, jee nodeem wéi een Niveau vum soziale Verständnis si hunn, sech beispillsweis net doriwwer bewosst waren datt si ze perséinlech Saache besser net poste sollen oder och am schlëmmste Fall kënne Probleemer kréien, wa si eppes vun enger anerer Persoun deelen, ouni den Accord vun dëser betreffender Persoun gefrot ze hunn.

Da goufen et awer och scho Persounen déi Probleemer domadder haten, ze verstoen, wéini eng Persoun nach iwwert déi sozial Medie Kontakt hale wollt a wéini net. Dozou gehéieren jo och déi „ongeschriwwe Gesetzer“, datt wa beispillsweis eng Persoun am Chat-Verlaf net äntwert, si och net méi weider mat engem schreiwe wëll. Bei deene Saache musse mir hinnen da ganz virsiichteg erklären, wat déi eenzel „Coden“, déi fir si vläicht net sou kloer ze erkenne sinn, bedeiten.

FAL: Wéi een Afloss kann dat oft ganzt stereotypescht Bild, wat vum Autismus an de Medie präsentéiert gëtt, op betraffe Persounen hunn?

Judith: Also dat wat ech wierklech schonn oft vu Leit héieren hunn, déi Richtung Asperger-Syndrom ginn, also déi en héije Funktiouns-Niveau hunn a keng opfälleg Symptomer hunn, sou datt een hinnen hiren Handicap net direkt ugesäit, datt déi dann nodeems si iergendwann am Erwuessenenalter mol hir Diagnos kruten, sech ëmmer rëm géigeniwwer anere Leit rechtfäerdege mussen.

Déi Leit hunn dann opgrond vun deem stereotypesche Bild, wat ëmmer vum Autismus an de Filmer duergestallt gëtt, sou en extreemt Bild am Kapp a kënne sech einfach net virstellen datt Autismus och anescht ka sinn. An dat ass wierklech ee grousse Problem fir vill Leit well si doduerch den Androck vermëttelt kréien datt si dach just géife simuléieren oder datt si kee Recht dozou hätten, iwwert hiren Autismus ze schwätzen, well e bei hinne jo schliisslech net sou schlëmm wär. An dat wierkt sech da leider schonn och op hiert Selbstwäertgefill aus.


Appell un d’Familljen: All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Probleemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.
Tel.: 26 91 11 1
Email: autisme@fal.lu

Dernières nouvelles