Search

You may also like

LeDé Milestone – Lëtzebuerger Rapplines an der véierter Editioun
Neiegkeeten Stories

LeDé Milestone – Lëtzebuerger Rapplines an der véierter Editioun

Leschte Freideg krut d’Lëtzebuerger Rapzeen ee staarken Album dobäi. Den

Patient Zero mat „Unrequited Love“ – Léiwer kämpfen oder vergiessen?
Neiegkeeten Stories

Patient Zero mat „Unrequited Love“ – Léiwer kämpfen oder vergiessen?

Kennt Dir nach d’Lëtzebuerger Band Patient Zero? Am Abrëll lescht

Sécher am digitale Raum ënnerwee – T’ass nees Safer Internet Day!
Neiegkeeten Stories

Sécher am digitale Raum ënnerwee – T’ass nees Safer Internet Day!

Mam Safer Internet Day (SID) gëtt all Joer en internationalen

12 Méint an 12 Geschichten: D’Lisa zur Selbststännegkeet bei Persoune mat Autismus

12 Méint an 12 Geschichten: D’Lisa zur Selbststännegkeet bei Persoune mat Autismus

Stephen Hawking. Albert Einstein. Lionel Messi. Si all hunn eppes gemeinsam: Si sinn Persounen am autistesche Spektrum. An deenen nächsten 12 Méint wäerte mir Autismus vun eenzel Säite beliichten an Iech op dëser Rees mathuelen. Heivir treffe mir net nëmme betraffe Persounen an hir Familljen, mee och Fachleit vun der Fondatioun Autisme Luxembourg (FAL), fir esou e beschtméiglechst Gesamtbild ze kréien.

Autismus ass een eeschten Handicap, vun deem méi wéi 1 Persoun vun 100 betraff ass. Dëst erginn eleng hei zu Lëtzebuerg méi wéi 6.000 Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung (ASS). An awer wëssen nëmmen déi mannst, wat Autismus wierklech ass a wat dësen Handicap fir déi betraffe Persoun an hiert Ëmfeld bedeit.

Wéi d’Wuert „Autismus-Spektrum-Stéierung“ et scho seet, ass Autismus ee Spektrum. Dëst bedeit, datt et een Handicap ass, dee sech bei all Persoun méi oder manner staark weise kann an dee bei all Persoun ënnerschiddlech Auswierkunge kann hunn. An trotzdeem gëtt an de Medien oft just ee Bild vun Autismus gewisen: nämlech Leit, déi héichintelligent sinn an eegenaarteg, charakterlech Opfällegkeeten hunn. Sou ass et dozou komm, datt sech dat eenheetlecht Bild vum bekannte Film „Rainman“ an de Käpp vun de Leit befestegt huet.

D’Fondation Autisme Luxembourg (FAL) ass am Joer 1996 vun engem Grupp vu betraffenen Eltere gegrënnt ginn a setzt sech zënterhier fir d’Rechter vu Persoune mat Autismus an a steet de betraffene Familljen an alle Liewensberäicher zur Säit.

Dëse Mount geet et ëm: Autismus a Selbststännegkeet.

Sech säi Liewe selwer ze organiséieren, eegestänneg Verantwortung ze iwwerhuelen an enger Aarbecht nozegoen ass ee Grondbedierfnes vun alle Mënschen an erhéicht d’Selbstwäertgefill souwéi d’Autonomie.

Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung brauchen heivir allerdéngs oft eng Uleedung an Hëllef. Mir hunn mam Lisa a mam David, 2 erwuessene Persounen aus dem Autismus-Spektrum, geschwat. Si hunn eis aus hirer Sicht beschriwwen, a wéi engem Mooss sech hiren Handicap op hir Selbststännegkeet auswierkt.

Dobäi war et hinnen awer wichteg kloerzestellen, datt si just aus hirer eegener Erfarung schwätzen an dës Aussoen op kee Fall fir all betraffe Persoun gëllen. Zudeem huet eis d’Johanna, eng Educatrice aus eisem Déngscht fir Dagesaktivitéiten, erkläert, wéi een d’Autonomie vu Persounen am autistesche Spektrum mat engem héijen Ënnerstëtzungsbedarf fërdere kann.

Den Interview mam David a Johanna wäert d’Redaktioun en Dënschdeg an e Mëttwoch verëffentlechen, fir esou eng interessant Rei ze presentéieren.

Selbststännegkeet© Jakob Owens / Unsplash

Lisa: „Ech wënsche mir, datt den Austausch tëschent de Betraffene gestäerkt gëtt.“

D’Lisa, wat eigentlech anescht heescht awer anonym bleiwe wëll, ass 26 Joer al an ass eng asperger-autistesch Persoun. An eisem Gespréich erzielt hat, wisou hat scho fënnt datt säin Handicap gewëssen Auswierkungen op seng Selbststännegkeet huet.

FAL: Lisa, erziel eis bëssi vun dengem Liewen.

Lisa: Ech si mat 23 Joer vun doheem ausgezunn a wunnen elo säit 3 Joer eleng a mengem klengen Appartement. Am Groussen a Ganze klappt dëst och richteg gutt. Natierlech hat ech ufangs meng Startschwieregkeeten, souwéi wuel al Persoun déi fir d’éischte Kéier net méi bei sengen Eltere wunnt. Mëttlerweil kréien ech awer mäin Haushalt selwer gereegelt a weess, wéi ech mech ze organiséieren hunn, fir selbststänneg eens ze ginn. Am Moment hunn ech allerdéngs nach keng fest Aarbecht, wäert awer geschwënn an engem Atelier Protegé ufänken.

FAL: Säit wéini weess du da schonn, datt s du am autistesche Spektrum bass?

Lisa: Heizou muss ee fir d’éischt wëssen, datt ech scho säit e puer Joer mat psycheschen Erkrankungen ze kämpfen hunn, wourop ech awer elo net méi spezifesch wäert agoen. Wou ech am Joer 2010 dowéinst an enger Klinik war, ass schonn den éischte Verdacht opkomm, datt ech kéint am Autismus-Spektrum sinn. Lescht Joer am Juli krut ech et dunn vu menger Doktesch, déi souwuel Psychiaterin wéi och Psychotherapeutin ass, déi eendeiteg Diagnose Asperger. Dës Diagnose huet mir vill dobäi gehollef, mech selwer souwéi och verschidde Reaktioune vu mir besser ze verstoen.

FAL: Ginn et da bestëmmte Liewensberäicher, an deenen du op eng Ënnerstëtzung vun enger zweeter Persoun ugewise bass?

Lisa: Jo. Trotz datt ech a mengem Liewe scho relativ selbststänneg sinn, brauch ech a verschiddene Beräicher nach eng kleng Uleedung. Beispillsweis hunn ech Probleemer domat, mat mengem Geld richteg ëmzegoen, an et fir dat auszeginn, wat ech wierklech brauch… Mee no laanger Sich no der passender Hëllef hunn ech mir elo Ënnerstëtzung vum Service Ligue Médico-Sociale ugefrot. Zudeem hëlleft mir meng Doktesch, bei déi ech reegelméisseg an d’Therapie ginn, och dobäi, selbststänneg ze bleiwen.

Mat hirer Ënnerstëtzung wëll si verhënneren, datt ech eemol an eng Klinik oder an e Foyer komme misst, wou ech jo e groussen Deel vu menger Selbststännegkeet verléiere géif. Zu gudder Lescht sinn do nach meng Elteren. Net nëmme finanziell ënnerstëtze si mech nach, mee och bei menger Mobilitéit. Ech hunn zwar wuel e Führerschäin, awer keen eegenen Auto, well ech mech net wuel fillen, eleng mam Auto ze fueren.

Och den ëffentlechen Transport vermeiden ech sou gutt et geet, well ech do, opgrond vun de ville Mënschen, engem ze héije Stress-Level ausgesat sinn. Wann ech also beispillsweis mol méi grouss akafe muss oder iergendwou hin muss, wat méi wäit fort ass, kann ech mech ëmmer dorop verloossen, datt meng Eltere mech mam Auto siche kommen.

FAL: A wéi engem Beräich géifs du da soen, datt sech den Autismus am meeschten op deng Selbststännegkeet auswierkt?

Lisa: Ganz kloer: d‘Aarbeschtswelt. Ech wéilt wierklech gären op den éischten Aarbechtsmarché goen, mee dat ass a mengen Aen net méiglech. Hei wiere wahrscheinlech d’Ufuerderunge vum Patron ze héich an ech misst komplett autonom schaffen, wat mir net gelénge géif.

Eleng schonn de Fait, datt ech meng Schoul net gepackt hunn, well ech ëmmer Problemer domat hat, mech selwer ze organiséieren a selbststänneg meng Hausaarbechten ze maachen, léisst mech dorun zweiwelen, datt ech et um éischten Aarbechtsmarché packe géing. Zudeem hunn ech grouss Problemer am soziale Beräich, wat och nach e weidere Problem um éischten Aarbechtsmarché kéint duerstellen.

Aus deem Grond hunn ech mech elo zesumme mat menger Doktesch dofir entscheet, datt en Atelier Protegé wuel déi beschte Léisung fir mech ass.

FAL: Gëtt et nach eppes, wat s du gären zu dësem Thema bäifüge géifs?

Lisa: Fir d’éischt ass et wichteg, sech genuch iwwert Autismus ze informéieren, esou datt ee richteg versteet, wat een iwwerhaapt genau huet a wéi eng Auswierkungen den Handicap op déi verschidde Liewensberäicher kann hunn. Just esou kann een och Léisunge fannen a sech déi richteg Ënnerstëtzung an dëse Beräicher ufroen.

Zudeem géif ech mir wënschen, datt den Austausch tëschent de Betraffenen hei zu Lëtzebuerg géif gestäerkt ginn, sou datt een sech géigesäiteg hëllefe kéint an zesummen no Léisunge siche kéint.

Appell un d’Familljen

All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Problemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.

Sieft och dobäi wa mir am Februar eis Opmierksamkeet op romantesch Bezéiungen an op d’Sexualitéit bei autistesche Persoune riichten.

Geschriwwe vum Jodie Schmit – FAL

Opmaacherbild: © Dwi Ma Ruf / Unsplash

Related topics 12 Méint 12 Geschichten, Autismus-Spektrum-Stéierung, FAL, Fondation Autisme Luxembourg, Fondatioun Autismus Lëtzebuerg, Interview, Jodie Schmit, Lisa, Selbststännegkeet
Next post Previous post