Search

You may also like

Europa sicht nom Aldo Iamandi
Neiegkeeten Stories

Europa sicht nom Aldo Iamandi

Am Kontext vun „Europe‘s most wanted fugitives“ ass FAST-Lëtzebuerg op

Den Hugo, e verkannten Nationalheld?
Neiegkeeten Stories

Den Hugo, e verkannten Nationalheld?

Dir hutt et villäicht matkrut: Mir haten déi ganz Woch

Fir d’Affer vun Tréier: Den David Ianni beréiert mat „Lamento“
Neiegkeeten Stories

Fir d’Affer vun Tréier: Den David Ianni beréiert mat „Lamento“

Ganzer 6 Wochen ass et hir, dass en 51 järegen

12 Méint an 12 Geschichten: Den David zur Selbststännegkeet bei Persoune mat Autismus

12 Méint an 12 Geschichten: Den David zur Selbststännegkeet bei Persoune mat Autismus

An deenen nächsten 12 Méint wäerte mir Autismus vun eenzel Säite beliichten an Iech op dëser Rees mathuelen. Heivir treffe mir net nëmme betraffe Persounen an hir Familljen, mee och Fachleit vun der Fondatioun Autisme Luxembourg (FAL), fir esou e beschtméiglechst Gesamtbild ze kréien.

Autismus ass een eeschten Handicap, vun deem méi wéi 1 Persoun vun 100 betraff ass. Dëst erginn eleng hei zu Lëtzebuerg méi wéi 6.000 Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung (ASS). An awer wëssen nëmmen déi mannst, wat Autismus wierklech ass a wat dësen Handicap fir déi betraffe Persoun an hiert Ëmfeld bedeit.

Wéi d’Wuert „Autismus-Spektrum-Stéierung“ et scho seet, ass Autismus ee Spektrum. Dëst bedeit, datt et een Handicap ass, dee sech bei all Persoun méi oder manner staark weise kann an dee bei all Persoun ënnerschiddlech Auswierkunge kann hunn.

An trotzdeem gëtt an de Medien oft just ee Bild vun Autismus gewisen: nämlech Leit, déi héichintelligent sinn an eegenaarteg, charakterlech Opfällegkeeten hunn. Sou ass et dozou komm, datt sech dat eenheetlecht Bild vum bekannte Film „Rainman“ an de Käpp vun de Leit befestegt huet.

D’Fondation Autisme Luxembourg (FAL) ass am Joer 1996 vun engem Grupp vu betraffenen Eltere gegrënnt ginn a setzt sech zënterhier fir d’Rechter vu Persoune mat Autismus an a steet de betraffene Familljen an alle Liewensberäicher zur Säit.

Dëse Mount geet et ëm: Autismus a Selbststännegkeet.

Sech säi Liewe selwer ze organiséieren, eegestänneg Verantwortung ze iwwerhuelen an enger Aarbecht nozegoen ass ee Grondbedierfnes vun alle Mënschen an erhéicht d’Selbstwäertgefill souwéi d’Autonomie.

Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung brauchen heivir allerdéngs oft eng Uleedung an Hëllef. Mir hunn mam Lisa a mam David, 2 erwuessene Persounen aus dem Autismus-Spektrum, geschwat. Si hunn eis aus hirer Sicht beschriwwen, a wéi engem Mooss sech hiren Handicap op hir Selbststännegkeet auswierkt.

Dobäi war et hinnen awer wichteg kloerzestellen, datt si just aus hirer eegener Erfarung schwätzen an dës Aussoen op kee Fall fir all betraffe Persoun gëllen. Zudeem huet eis d’Johanna, eng Educatrice aus eisem Déngscht fir Dagesaktivitéiten, erkläert, wéi een d’Autonomie vu Persounen am autistesche Spektrum mat engem héijen Ënnerstëtzungsbedarf fërdere kann.

Den Interview mam Lisa ass gëschter verëffentlecht ginn, wärend den Interview mam Johanna muer erauskënnt. Esou soll eng interessant Rei presentéiert ginn.

Selbststännegkeet© Iona Cristiana / Unsplash

David: „Et kann ee keng global Aussoe fir autistesch Persounen treffen“

Den David ass 29 Joer al, ass eng asperger-autistesch Persoun, huet en IQ iwwert der Moyenne an huet elo viru Kuerzem ugefaangen, an eiser Fondatioun ze schaffen. An eisem Gespréich stellt hie kloer, wéi ënnerschiddlech Persounen am autistesche Spektrum kënne sinn. Och fir déi nächst 11 Themen ass hie bereet, seng eegen Erfarungen zum Thema matzedeelen.

FAL: A wéi enger Hisiicht géifs du soen, datt du an dengem Liewe selbststänneg bass?

David: Aus finanzielle Grënn wunnen ech nach bei menger Mamm, hunn awer scho geplangt fir net méi alt ze laang do ze bleiwen. Schliisslech wëll een och iergendwann méi selbststänneg ginn. Ech géif also soen, datt ech sou selbststänneg si wéi een et ebe ka sinn wann een nach doheem wunnt.

Ech hëllefe menger Mamm am Haushalt, och wann si dat meescht awer selwer mécht. Allerdéngs muss ech dozou soen, datt ech am Moment nach ganz frou sinn, net ganz eleng ze wunnen. Den Autismus bréngt mir scho säit e puer Joer och psychesch Problemer mat, wéi beispillsweis Depressiounen. A méi schlëmme Momenter wou d’Depressioun d’Iwwerhand hëlt ass et dann awer ëmmer gutt, wann nach eng zweet Persoun do ass.

FAL: Bass du dann an engem bestëmmte Liewensberäich op Ënnerstëtzung vun enger zweeter Persoun, ofgesi vun denger Mamm, ugewisen?

David: Nee u sech net. Fir dat meescht sinn ech relativ eegestänneg, och beispillsweis wat d‘Aarbeschtswelt ubelaangt. Éier ech elo déi Chance krut, hei bei der FAL unzefänken, war ech schonn um éischten Aarbechtsmarché an hat souguer fir 2 Joer meng eege Firma, wou ech also Independant war.

Am Joer 2016 krut ech meng Diagnose, datt ech am autistesche Spektrum sinn, déi mir wärend menger Aarbechtssich bei der ADEM gehollef huet, als „Salarié handicapé“ ugesinn ze ginn. Eleng schonn aus deem Grond géif ech all Persoun uroden, déi Zweiwel huet, datt se kéint am Spektrum sinn, eng Diagnose unzefroen.

FAL: Du plangs also, geschwënn eemol fir dech eleng wunnen ze goen. Ginn et da Beräicher, bei deenen du dir Hëllef ufroe wäerts?

David: Et gi scho verschidde Saachen, bei deenen ech nach net esou gutt eleng eens ginn, wéi ech et gäre wéilt. Beispillsweis sinn ech mir sécher, datt ech mäin Haushalt vernoléissege wäert, well et mir schwéier fält, mech dozou ze motivéieren, esou repetitiv Tâchen all Dag ze widderhuelen. Zudeem hunn ech meng Schwieregkeeten domat, selbststänneg enzwousch unzeruffen.

Wann ech also wierklech eemol fir mech eleng wunnen, wäert ech zesumme mat der Ekipp vum Service Soutien vun der FAL, déi d’Persounen an alle Liewensberäicher ënnerstëtzt, beschwätzen, op et méiglech wier, datt heiansdo eng Persoun laanscht kucke kënnt, op alles an der Rei ass.

Och wéinst menge psychesche Problemer wier et gutt, ze wëssen, datt ech mech zu all Moment un eng Persoun wende kéint. Zudeem wäert ech mir mat grousser Sécherheet, souwéi vill aner Persounen och, eng Haushaltshëllef zouleeën.

FAL: Kéint een dann elo allgemeng behaapten, datt sech den Autismus op d’Selbststännegkeet vun der betraffener Persoun auswierkt?

David: Nee, op kee Fall. All autistesch Persoun ass anescht, genausou wéi all „neurotypesch“ Persoun, also eng Persoun ouni Autismus, anescht ass. Aus deem Grond kann ee keng global Aussoe fir autistesch Persounen treffen. Fakt ass, datt Autismus ee Spektrum ass a bei all Persoun ënnerschiddlech Auswierkunge kann hunn.

FAL: Wat feelt denger Meenung nach hei am Land fir d’Selbststännegkeet vun autistesche Persounen ze fërderen?

David: Vue datt all autistesch Persoun an ënnerschiddleche Beräicher Problemer kann hunn, ass et enorm wichteg, datt d‘Hëllef fir all Persoun individuell ugepasst ass. Aus deem Grond wier et gutt, wann weider Wunnstrukturen, déi op den Handicap ugepasst sinn, géife kreéiert ginn.

Dëst kéint an enger Form vun engem betreite Wunne sinn, an deem d‘Persoun selbststänneg liewe kéint, mee wou heiansdo eng Persoun géif laanscht kucke kommen, op alles an der Rei ass. Esou kéint dann all Persoun Ënnerstëtzung an deem Beräich kréien, wou si der nach brauch.

Eng aner Iddi wier och eng Aart Wunngemeinschaft, an deem een zu méi asperger-autistesch Persounen zesummelieft an een sech da géigesäiteg an deenen eenzele Beräicher hëllefe kéint.

FAL: A wat géifs du Persounen am autistesche Spektrum a Bezuch op hir Selbststännegkeet roden?

David: A mengen Aen ass et dat Wichtegst, sech selwer gutt aschätzen ze kënnen. Ech sinn der Meenung datt ee muss, fir kënne selbststänneg ze ginn, seng eege Grenze kennen an ee keng Angscht dierf hunn, no Hëllef ze froen.

Et ass falsch, ze denken, datt ee just autonom ass wann ee mat allem eleng eens gëtt an een ni Hëllef bräicht. Just, wann ee sech déi richteg Hëllef freet, an een dës och kritt, kann ee lues a lues bäiléieren, an deem Beräich méi selbststänneg ze ginn.

Appell un d’Familljen

All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Problemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.

Sieft och dobäi wa mir am Februar eis Opmierksamkeet op romantesch Bezéiungen an op d’Sexualitéit bei autistesche Persoune riichten.

Geschriwwe vum Jodie Schmit – FAL

Opmaacherbild: © Javi Hoffens / Unsplash

Related topics 12 Méint 12 Geschichten, Aarbecht, Autismus-Spektrum-Stéierung, David, FAL, Fondation Autisme Luxembourg, Fondatioun Autismus Lëtzebuerg, Interview, Jodie Schmit, Selbststännegkeet, Wunngemeinschaft
Next post Previous post