12 Méint an 12 Geschichten: Familljeliewen an Autismus (Deel 4)

„Zudeem besteet de Prinzip, datt d’Fondatioun vu betraffenen Eltere soll geleet ginn.“

D’Nathalie Lehoucq ass scho säit 2001 bei der FAL dobäi an ass lo säit puer Joer d‘Directrice vun der Fondatioun. Hir ass et net nëmme ganz wichteg, dat déi familiär Approche, mat der eis Stëftung gegrënnt gouf, bäibehale gëtt, mä och, datt de Kontakt zur Famill gefërdert gëtt.

Nathalie, wéi géifs du déi familiär Approche vun der FAL beschreiwen?

Nathalie: Eis Fondatioun gouf am Joer 1996 vu betraffenen Eltere gegrënnt, déi eppes géingt de Manktem u passende Strukturen am Land ënnerhuele wollten. Hiert Zil war et, e Liewensëmfeld ze schafen, wou hir Kanner e Liewen an Dignitéit féiere kënnen, an dëst an engem familiäre Kader. Heivir hu mir eenzel kleng Foyeren, vu jeeweils 6 Bewunner, an deenen d’Residentë wéi eng Famill zesummeliewen a gläichzäiteg awer och Jidderengem seng Privatsphär, mat Hëllef vun individuelle Schlofkummeren, garantéiert ass. De Fait, datt mir keng grouss Wunnstrukture vun honnerte vu Leit hunn, erméiglecht och eisen Educateuren, sech méi Zäit fir déi eenzel Persounen ze huelen.

Zudeem besteet de Prinzip, datt d’Fondatioun vu betraffenen Eltere soll geleet ginn, och haut ëmmer nach. Eise Comité setzt sech ausschliisslech aus concernéierten Elteren, respektiv aus Frënn vun dësen Elteren, zesummen. Dëst erméiglecht, datt mir zwar wuel um Terrain mat Professionellen zesummeschaffen, mee d’Elteren ëmmer nach déi sinn, déi a Bezuch zu den eenzele Servicer an den ugewannte Methoden dat lescht Wuert hunn. An et ass mir perséinlech och ganz wichteg, datt dëst sou bäibehale gëtt.

Ënnerstëtzt gëtt dann déi familiär Approche doduerch, datt mir grousse Wäert dorop leeën, datt beim Ausbau souwéi der Entwécklung vun eisen Déngschtleeschtungen d’Familljen aktiv mat abezu ginn. Mir bauen dorop, datt d’Familljen eis hir Besoine matdeelen, a mir doropshin ugepasste Servicer schafe kënnen.

FAL: Wisou ass et wichteg, de Famillje vu Persoune mat Autismus ënnert d’Äerm ze gräifen?

Nathalie: Et ass ganz wichteg, Servicer unzebidden, déi d’Elteren entweeder ganz, oder wéinstens fir eng kuerz Zäit vun hire Flichten entlaaschten. Et muss ee sech virstellen, Eltere vu Kanner mat Autismus si ronderëm d’Auer fir hiert Kand do, an heiansdo, deemno wéi schlëmm déi Verhalensprobleemer sinn, déi den Autismus mat sech brénge kann, kann den Alldag fir eng Famill zu enger grousser Erausfuerderung ginn.

Et ass also ganz wichteg, den Eltere reegelméisseg eng Paus ze bidden, an der si sech och mol Zäit fir sech kënnen huelen, ganz am Wëssen, datt hiert Kand bei eis gutt opgehuewen ass. Heivir bidde mir verschidde Servicer, wéi beispillsweis Vakanzekolonien oder sougenannten « Noutfall-Better » un. Dës erlaben de Familljen, rëm nei Kraaft ze tanken, fir doropshi rëm déi Situatiounen, deene si am Alldag begéinen, besser geréieren ze kënnen.

A wann et da souwäit ass, datt d’Elteren hir Kanner eiser Fondatioun ganz uvertrauen, ass et natierlech och net ëmmer einfach, hir Kanner bemol „lass ze loossen“, nodeems si sou vill Jore laang hiert Liewen hirem Kand gewidmet hunn. Hei probéiere mir dann d’Famill sou gutt et geet bei deem Prozess ze begleeden, an hinnen eng gewësse Sécherheet ze bidden, datt si hiert Kand mat rouegem Gewësse bei eis loosse kënnen.

Mir erklären hinnen eis Aarbechtsweis, weisen hinne wéi mir schaffen, a mir maachen hinne kloer, datt mir si net ersetze wëllen, mä hirem Kand hëllefe wäerten, méi een autonoomt Liewen ze féieren. Natierlech kënnen d’Familljen sech zu all Moment bei eis mellen an och zu all Moment Kontakt zu hirem Kand ophuelen. Zudeem ginn d’Elteren och weiderhin ëmmer an all Entscheedung mat agebonnen, wat hinnen nach eemol ee gewëssent Matsproocherecht bitt.

FAL: Géifs du awer soen, datt och ons Educateuren, eng gewësse Famill fir d’Bewunner ginn…?

Nathalie: Et ass sécher, datt gewësse Bindungen tëschent eisen Educateuren an de Residenten entstinn. Schliisslech verbréngen si sou gutt wéi all Dag mateneen. Allerdéngs leeë mir grousse Wäert dorop, datt eis edukatiivt Personal trotzdeem ëmmer professionell bleift an eng gewëssen Distanz hält. Wann déi Relatioun tëschent Bewunner an Educateur ze enk gëtt, lafe mir nämlech Gefor, datt de Bewunner sech am Stach gelooss fillt, sollt den Educateur een Dag decidéieren, net méi wëlle bei eis ze schaffen. Heivir ass et rëm kruzial, datt de Kontakt zur Famill gefërdert gëtt.

Allerdéngs ginn et Familljen, jee nodeem wéi schwéier d’Verhalensprobleemer an der Famill waren, déi fir eng gewëssen Zäit Ofstand brauchen an de Kontakt bëssi „ofbriechen“ wëllen. Et ass dann un eis, d’Relatioun tëschent dem Kand an den Eltere rëm hierzestellen, andeems mir geziilt un dëse Verhalensprobleemer schaffen an d’Famill dann och gesäit, wéi eng Fortschrëtter hiert Kand scho gemaach huet.

FAL: Chrëschtdag steet virun der Dier. Wéi verbréngen eis kleng Familljen d’Feierdeeg an de Wunnstrukturen?

Nathalie: Natierlech loosse mir et eis net entgoen, eng kleng Feier ze organiséieren! Et gëtt e festlecht Iessen, e gemittlecht Zesummesëtzen an en Austausch vu Geschenker, déi vun der Fondatioun offréiert ginn. Natierlech dierf och de Chrëschtbeemchen net feelen. Verschiddener vun eise Residentë ginn iwwert d’Feierdeeg och gär heem bei d’Famill, déi eng just fir een Dag, anerer fir de ganze Weekend, dat ass ganz individuell.

Sécher ass awer, datt och déi, déi net heem ginn, e klengt Fest offréiert kréien. Zudeem hu verschiddener vun eise Bewunner dëst Joer och selwer Kaddoe fir hir Famillje gebastelt, wat ech perséinlech eppes ganz Besonnesches fannen.

Mir soen all Persoun, déi bereet dozou war, un engem Interview fir eise Projet „12 Méint – 12 Geschichten“ deelzehuelen, e grousse MERCI. Eleng mat der Hëllef vun dësen Temoignagen, geléngt et eis, op de breede Spektrum vum Autismus opmierksam ze maachen.


Appell un d’Familljen: All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Probleemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.
Tel.: 26 91 11 1
Email: autisme@fal.lu

Dernières nouvelles