D’Lëtzebuerger hu manner, dofir awer héichwäertege Wäi gedronk

Gëschter huet de Lëtzebuerger Wënzerverband zesumme mam Institut Viti-Vinicole (IVV) déi 14. Editioun vun de Lëtzebuerger Wäibaudeeg organiséiert, dat an digitaler Versioun. Heibäi huet de Minister Claude Haagen de Bilan vum Joer 2021 gezunn.

Mat 3,2 Millioune verkaafte Fläsche Cremant, hätt een am vergaangene Joer nees en Niveau vu virun der Kris erreecht. Insgesamt solle 57.000 Hektoliter Wäin a Cremant am Land consomméiert gi sinn. Ma, de Maart géif d’Tendenz weisen, datt de Konsument manner, dofir awer gären héichwäertege Wäin drénkt.

Am Bezuch op d’Drauwelies wier alles super verlaf. Zum engen sinn 2021 Schnelltester un all Wënzerbetriber verdeelt ginn, déi Saisonsaarbechter beschäftegt hunn. Zum aneren konnten, zesumme mat der ADEM, 31 Lëtzebuerger rekrutéiert ginn, déi bei dëser Aarbecht gehollef hunn.

Mam Solidaritéitsfong am Wäibau si Wënzer bei hirer Vermaartung vu Wäin a Cremant mat zousätzlechen 350.000 € Bäihëllef ënnerstëtzt ginn.

Ofschléissend huet de Minister Haagen ervirgehuewen, datt ëffentlech a privat Partner am Miselerland weider gestäerkt a mobiliséiert wäerte ginn, dat am Sënn vun der LEADER-Initiative, déi am Nationale Strategieplang ze fannen ass. Esou sollt d’Regioun déi noutwenneg Ënnerstëtzung fannen, innovativ Projeten Gehéier fannen an ëmgesat ginn. Zousätzlech soll, ganz dem PAN Bio 2025 no, den ekologesche Wäibau virun entwéckelt ginn

Dernières nouvelles