Search

You may also like

Esch: Brigang klaut eeler Damm d‘Posch an lant an Untersuchungshaft
Neiegkeeten Sport

Esch: Brigang klaut eeler Damm d‘Posch an lant an Untersuchungshaft

Wéi d‘Police matgedeelt huet, hat e Brigang e Sonndeg um

Bilansgespréicher: Net nëmmen e Buch, mee e wierklecht Konschtwierk
Neiegkeeten Sport

Bilansgespréicher: Net nëmmen e Buch, mee e wierklecht Konschtwierk

„De Wanter kënnt, kaf der Buch“ sot ee mer an

Neien Temperaturrekord zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten Sport

Neien Temperaturrekord zu Lëtzebuerg

Mat 35,2°C déi gëschter de 15. September zu Steesel gemooss

14 Juli: Alles op de Vëlo!

De nächste Sonndeg gehéieren d‘Stroosse vum Mamerdall nees de Cyclisten

14 Juli: Alles op de Vëlo!

De Mouvement Ecologique (MeCo) a seng regional Sektioun „Miersch an Ëmgéigend“, déi wéi gewinnt vun der Lëtzebuerger Vëlosinitiativ (LVI) an de Gemengen: Koplescht, Mamer a Miersch ënnerstëtzt ginn, organiséieren nächste Sonndeg 14 Juli, déi 24. Editioun vun „Alles op de Vëlo!“.

Op dësem Dag, och dat misst mëttlerweil an d‘Blutt vun de Lëtzebuerger iwwergaange sinn, ginn am Mamerdall 18 Kilometer Strooss de Vëloe virbehalen. Gespaart fir d‘Autoe gëtt Streck Mamer-Miersch vun 10 bis 18 Auer fir de motoriséierte Verkéier gespaart. Esou ka séchergestallt ginn, datt d‘Cyclisten – virun allem eis Butzen – a Rou an onbekëmmert e flotten Dag verbrénge kënnen.

An datt et e flotten Dag wäert ginn, dat kann een dem duerchaus attraktive Programm vum Dag enthuelen. Et ass natierlech fir Iessen (aus biologeschem Ubau, mat enger grousser Offer u vegan a vegetaresch Platen) a Gedrénks gesuergt. Doriwwer eraus gëtt et masseg Animatiounen a wien u seng Carte d‘Identité geduecht huet, kann de Vëlo „encodéiere“ loossen. Dat ass einfach cool.

Vëlo

Wien den „Tour hannert sech bruecht huet“ dee ka bestëmmt mat de Frënn an de Kollegen, beim Patt dem Tour de France op der riseger Leinwand eppes ofgewannen, fir déi aner bitt sech dat flott Mierscher „Draachefest“ un. (Org. Mierscher Musek – Wou? Op der Méchelsplaz ab 11.30 Auer).

Bleift nach drop hinzeweisen, datt sech d‘Departe vum Parcours zimlech onmëttelbar bei de Gare vu Miersch a Mamer befannen, et also duerchaus Sënn ergëtt vum ëffentlechen Transport gebrauch ze maachen. D‘CFL sinn dann och Partner vun dësem Evenement a bidden als „extra-Service“ all Stonn en Halt um Arrêt „Mamer-Lycée“ un, dee knapp ee Steeworf vum Parcours geleeën ass.

Illustratioun: © Mouvement Ecologique (MeCo)

Related topics Alles op de Vëlo, CFL, LVI, Mamer, MECO, Miersch, Vëlo
Next post Previous post