Haut bréngt d‘POST Lëtzebuerg ganzer 14 nei Spezialtimberen eraus, déi an der Publikatioun PhilatéLux méi genee beschriwwe ginn. Mat dobäi si folgend Schmockstécker:
- Ronn Béierdeckel-Timberen (3);
- Éierentimber zum 50-järege Bestoe vun den Dokteren ouni Grenzen (1);
- Wëllblummen (4);
- D‘Lëtzebuerger Muselregioun (4);
- Wanterlech Feierdeeg 2021 (2).
Dës besonnesch Kreatiounen si fir Notzer a Sammler ab haut bei alle Post-Büroen, um Guichet op der Cloche d‘Or an natierlech online op www.postphilately.lu ze fannen.