Search

You may also like

Pyongyang versteet et Akzenter ze setzen
Kultur Neiegkeeten

Pyongyang versteet et Akzenter ze setzen

Mat enger grousser Militärparad – matten an der Nuecht –

US-Ausseminister mat neie Virwërf géint d‘WHO
Kultur Neiegkeeten

US-Ausseminister mat neie Virwërf géint d‘WHO

Zanter dem Ausbroch vun der Covid19-Pandemie gëtt es sech d‘US-Regierung

Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan
Kultur Neiegkeeten

Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan

Nodeems Netflix dëse Mount schonn mat Annihilation en neien Science

Alles Guddes un d’Philharmonie – 15 Joer voller Kultur!

15 Joer Philharmonie – dat muss gefeiert ginn! Schliisslech ass d’Concertsgebai domat een Teenager a ronn Gebuertsdeeg si souwisou eppes Besonnesches. Zu dëser Geleeënheet huet gëschter Owend den OPL mat sengem Chefdirigent Gutavo Gimeno ee festleche Concert zur Astëmmung fir d’Gebuertsdagskand organiséiert.

Mir sprangen zréck an d’Joer 2005, wou d’Philharmonie um 26. Juni déi éischt Kéier seng Dieren opgemaach huet. Ganzer 8 Deeg goufe mat Musek gefëllt, fir esou d’Erëffnung richteg ze zelebréieren, an engems och ze weisen, wat ee kann a wëlles huet. Lëtzebuerg huet laang op esou ee Concertshaus waarde missen, mee duerch d’Philharmonie hu sech nei Méiglechkeeten an eng nei Ära am Kulturliewen vum Land opgedoen.

Zënterhir hu Weltstars, grouss Soliste, bekannt Dirigenten, aussergewéinlech Orchesteren an nach vill méi hire Wee an d’Philharmonie fonnt, wou si duerch eng super Akustik och de Publikum faszinéieren duerften. Erënnere mir eis och un d’Fondatioun EME, déi 2009 dobäi komm ass, fir jiddwerengem den Zougang zur Musek ze erméiglechen. An zu „all Mënsch“ gehéiert och wierklech jiddwereen!

An dësem Joer koum dann d’Erausfuerderung duerch d’Pandemie dobäi. D’Concertsgebai huet missen temporär zoumaachen, mee d’Kultur huet ee sech net huele gelooss. Aus dësem Grond gouf d’Initiative Phil Live Doheem geschaaft, fir datt all Persoun aus den eegene véier Wänn Optrëtter a Concerte verfollege kann.

Philharmonie

© Philharmonie Luxembourg / Alfonso Salgueiro

Gëschter huet de Publikum, dorënner och d’Kulturministesch Sam Tanson, ganz gespaant der Éischter Symphonie vum Brahms an der Zwischenaktmusik N°3 vum Schubert sengem Musik zum Schauspiel Rosamunde nogelauschtert. An dësem Kader huet och de Stephan Gehmacher, Generaldirekter vun der Philharmonie, sech immens glécklech gewisen, datt een net nëmmen an ee besonneschen Dag erafeiert, mee och nach d’Aktivitéiten lues awer sécher nees ophuele kann.

De sougenannte „Fräiraim Festival“, dee jo eigentlech fir dëse Weekend fir de Gebuertsdag geplangt war, hätt zuelräich Kënschtler aus Lëtzebuerg an der Groussregioun empfaangen. D’Evenement huet missen duerch déi sanitär Kris op dat nächst Joer verréckelt ginn. D’Ekipp vun der Philharmonie wëll awer net ganz op d’Festivitéite verzichten.

Ënnert dem Motto „Back to Live“ ass an der leschter Woch den Jazz-Trio Reis/Demuth/Wiltgen opgetrueden. Bis zur Summerpaus sinn nach dräi weider Concerte geplangt:

  • 2. Juli 2020: Alena Baeva a Vadym Kholodenko
  • 9. Juli 2929: OPL mam Gustavo Gimeno
  • 16. Juli: Francesco Tristano

Duerch déi aktuell Moossnamen an Aschränkungen muss d’Zuel u Visiteure staark reduzéiert ginn. Sëtzplaze si Flicht, wouduerch ee seng Kaarten momentan per Email (tickets@philharmonie.lu) oder Telefon (26 32 26 32) bestelle muss.

Eng Billergalerie zum Optrëtt vu gëschter fannt Dir uewen © Philharmonie Luxembourg / Alfonso Salgueiro

Related topics 15. Gebuertsdag, Back to Live, Concert, Gustavo Gimeno, OPL, Orchestre Philharmonique de Luxembourg, Pandemie, Phil Live Doheem, Philharmonie
Next post Previous post