Search

You may also like

No Pessah an Ouschteren, kënnt de Ramadan
International Kultur Neiegkeeten

No Pessah an Ouschteren, kënnt de Ramadan

Et ass mat dat gréisste reliéist Fest vun der musulmanescher

Melancholesche Rock: Stelise an der Purple Lounge
International Kultur Neiegkeeten

Melancholesche Rock: Stelise an der Purple Lounge

En Donneschdeg, den 23. Mee 2019 luet déi sechskäppeg Band

Lëtzebuerger Wäin a Cremant: Optimistesch bleiwen!
International Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerger Wäin a Cremant: Optimistesch bleiwen!

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider

Virun 155 Joer hunn d’Amerikaner de Sklavenhandel ofgeschaaft

D'Sklaverei gouf offiziell 1865 an den USA ofgeschaaft, mä domat ass d'Geschicht vu Rassismus a Virurteeler nach net eriwwer.

Virun 155 Joer hunn d’Amerikaner de Sklavenhandel ofgeschaaft

Am leschte Joerhonnert (1950) hunn People of Color net dierfen aus ëffentleche Waasserspender drénken, Schoulen, Klinicken, Busser – iwwerall ass tëscht schwaarz a wäiss getrennt ginn. Nach haut ginn et an den USA Uertschaften an deene bal keng Wäisser ze gesi sinn. Oder ëmgedréit.

Schlëmm genuch,  mä net esou ewéi d’Situatioun virun 150 Joer. Sech op Plantagë futti geschafft, ewéi Déiere verkaf ginn, vergewaltegt an erniddregt. Et war onmënschlech. Nieft der Folter gouf et och eng mënschlech Säit vun der Sklaverei. Wann een dat esou nenne kann.

Verschidde Farmer hunn hier Kanner vu méi ale Sklavinnen erzéie gelooss, Frëndschafte sinn entstanen. No der Ofschafung hunn d’Besëtzer sech gewonnert, datt hier Sklaven net bei hinne bliwwe sinn. Si hunn sech ageriet, si hätten et dach gutt gehat. Verréckte Welt!

Buchtipp zum Thema

Liesenswäert an zum Thema passend ass de Roman Underground Railroad vum Colson Whitehead. E gouf mam National Book Award a mam Pulitzer Präis ausgezeechent a war e Joer op der New York Times-Bestsellerlëscht.

D’Protagonistin Cora schafft op enger Plantage a gëtt schlëmmer ewéi en Déier behandelt. Hatt dreemt, ewéi esou vill vun hinne vun der Fräiheet. Mä wéi? Wouhin? Mat der Zäit héiert hatt vum Underground Railroad, engem geheime Fluchtnetzwierk fir Sklaven. Hatt begëtt sech op d’Rees. All Staat huet aner Gesetzer, wat erwaart d’Cora um Schluss vun der Rees? Wat erlieft hatt?

Sklaverei

Am Buch geet et ëm d’Mënschlechkeet – a wat et heescht an Amerika schwaarz ze sinn. Nach haut! Et ass schwéier ze verdauen, wat een do liest, ebe well et e reaalt a grausaamt Kapitel Geschicht ass. Et entsti Biller am Kapp déi rose maachen, d’Emotioune gi mam Lieser duerch. Et ass keng einfach Kascht – mä derwäert!

Illustratioun: D’Statue vum Kunta Kinte, zu Annapolis am US-Bundesstaat Maryland. De Kunta Kinte ass d’Romanfigur vum afroamerikanesche Schrëftsteller Alex Haley. Ob de Personnage elo wierklech sollt existéiert hunn, doriwwer dierf gestridde ginn. Hie gëllt trotzdeem als Symbolfigur vun der Sklavenzäit an den USA. © Edouard Tamba / unsplash

Related topics Fräiheet, Mënscherechter, Sklavenhandel, Sklaverei, USA
Next post Previous post