Search

You may also like

What the Fakt – Nintendo gouf virun 129 Joer gegrënnt
Neiegkeeten

What the Fakt – Nintendo gouf virun 129 Joer gegrënnt

Ronn honnert Joer virun der éischter Spillkonsol SNES gouf d’Firma

Eng universell medezinesch Ofsécherung fir jiddwereen!
Neiegkeeten

Eng universell medezinesch Ofsécherung fir jiddwereen!

Et ass eng Problematik, déi hei zu Lëtzebuerg just wéinege

Nee! Zum Klimakiller EU-Mercosur
Neiegkeeten

Nee! Zum Klimakiller EU-Mercosur

„Datt méi europäesch Ausseminister, dorënner och de Jean Asselborn, d‘Fräihandelsofkommes

17 Nei Petitiounen: …eng dovunner huet et a sech

Impfflicht, Body- an Dashcams, Eleng am Auto, Panachage bei Chamberwalen, a Villes méi...

17 Nei Petitiounen: …eng dovunner huet et a sech

Datt een déi sougenannte „Couverture Vaccinale“ net iwwer d‘Fräiwëllegkeet géif erreechen, dat dierft alle vu virera kloe gewiescht sinn. Datt et allerdéngs esoulaang géif brauchen, bis een sech traut de Steen an d‘Rullen ze bréngen, an d‘Impfflicht fuerdert, war net ofzegesinn.

Op der Petitiounssäit vun der Chamber verlaangt den Alain Kinn mat senger Petitioun 1904 eng generell Impfflicht. Woubäi hien dat an zwou Phase gestallte wëll: als éischt sollen all d‘Mënsche geimpft ginn, déi ee reegelméissegen an inevitabele Kontakt mam Client hunn. Och d‘Schüler an d‘Studente solle virun der Rentrée zur Impfung genéidegt ginn. Sollt bis Enn 2021 keng 80% kollektiv Immunitéit vun der Bevëlkerung erreecht ginn, misst d‘Impfflicht fir jidderee gëllen.

Eng Petitioun u sech, déi ugesiichts dem Impakt vun der sanitärer Kris duerchaus Sënn mécht, awer engersäits eppes Spéit kënnt (bezunn op déi enthale Fuerderungen) an sech esou guer net mat de vun der Regierung oft a widderholl gemaachten Aussoen deckt. Bis heihinner huet jo säitens dem Duo Bettel/Lenert ëmmer geheescht, datt Impfzwang net de Wee ass, deen d‘Regierung goe wëll.

Ob dem Alain Kinn seng Petitioun déi 4.500 Ënnerschrëfte wäert kréien? Méiglech awer net sécher, woubäi jo den Appell no enger Impfflicht, net nëmmen zu Lëtzebuerg en zimlech aktuelle Sujet ass. Stellt sech awer d‘Fro, wéi séier esou ee Gesetz kéint ausgeschafft an a Kraaft gesat ginn, a wéi eng Strofen oder Bestrofung virgesi gëtt. De gesellschaftlechen Debat awer dierft nees relancéiert sinn, an och de Fait, datt elo soll „gemëscht“ ginn, vun enger drëtter Dosis rieds ass, huet jo „Potential“.

Ee Forfait um Quadratmeter

Mat der Petitioun 1892 fuerdert de Bruno Gomes vun der Regierung ee Gesetz zur Reguléierung vun de Loyeren, dat mat engem Forfait um Quadratmeter. Et geet drëms ee Plafong anzeféieren, sief dat fir de Kaf oder d‘Locatioun vun engem Logement. Interessant hei: „D‘Proprietaire sollen duerch de neie System net benodeelegt ginn. De Staat bezilt d‘Differenz tëscht dem regionalen Héchstpräis an dem initiale Kafpräis“. Kléngt nees, wéi wann do ee gëllene Fallschierm géif gespaant ginn.

Vläicht ee bëssi, woubäi sech de Petitionnaire a sengem Text dann op d‘Lex Koller (Schwäiz) bezitt mat deem am Ausland residéierend Investisseuren dru gehënnert ginn Immobilien a Grondstécker zu Spekulatiounszwecker ze kafen. Woubäi et och vill lokal „Spekulanten“ huet, déi ville Leit de Kaf vun enger éischter Immobilie schwéier maachen ee Logement ze kafen. Hei kéint ee sech virstellen, datt een nëmmen eng gewëssen Unzuel un Immobilien dierft besëtzen. Ass dat méiglech?

Net alles deene „Groussen“ iwwerloossen

Eng weider ganz interessant Affär ass d‘Petitioun 1889 vum Maria de Lourdes Pinheiro de Almeida, déi ee „small business act“ (SBA) fuerdert. D‘EU-Kommissioun doktert schonn zanter 2016 un enger Direktiv, kënnt awer net virun, well et natierelch nees vill privat Interessen huet, esou eppes ze verhënneren. Op nationalem Niveau awer kéint een esou eng Mesure duerchaus duerchsetzen, an dat ganz ouni géint iergendwellech europäesch Reegelen an/oder Direktiven ze verstoussen.

Am Prinzip geet hei drëms, ee gewëssenen Undeel vun den ëffentlechen Ausschreiwunge fir kleng a mëttelgrouss Entreprise ze reservéieren. Déi hunn oft weder d‘Mëttel, nach déi gefuerdert Label an/oder Zertifikater, heiansdo och just een ze klengen Ëmsaz. Et gëtt awer fir ganz normal befonnt, datt déi da fir déi Grouss zu schlechte Konditiounen d‘Aarbecht erleedegen. Oft ginn se net emol fir dës bezuelt, well dee „Groussen“ ee Gauner war. Mee et huet och klenger mat béisen Absichten…

Richteg ass allerdéngs, datt besonnesch op kommunalem a regionalem Niveau méi Récksiicht sollt op déi lokal Entreprise geholl ginn. Zumindest da, wann et engem domadder sollt eescht gemengt sinn, datt een déi kleng a mëttelgrouss Betriber soll ënnerstëtzen, well si vill Aarbechtsplaze schafen an och soss generell eng gréisser Steierleeschtung erbréngen, wéi déi bevirdeelegt Konzerner. Dat dierft allerdéngs net vum Finanzminister gedroe ginn, deem d‘PMEen iergendwéi suspekt sinn.

Hei nach emol d‘Petitiounen an der Iwwersiicht:

  • 1914Keng Besteierung vum 13. Mount;
  • 1913Streng Iwwerwaachung vum Autosolismus zu Lëtzebuerg;
  • 1910Géint d‘Privatiséierung vum ëffentlechen Transport;
  • 1909Erlabnis fir mat engem 125ccm Moto-Führerschäin duerch ganz Europa däerfen ze fueren;
  • 1904Aféierung vun enger SARS-CoV2 Impfflicht;
  • 1901Demande fir Exekutiv-Walen, fir datt d‘Vollek sech seng Ministere selwer dierf aussichen;
  • 1893Ofschafe vum Panachage bei de Chamberwalen;
  • 1892Petitioun fir ee Forfait um Quadratmeter fir de Präis vu Logementer;
  • 1889Eng Partie vun den Ausschreiwungen/Soumissiounen de PME virbehalen;
  • 1885Eng Aarbecht-Dispens vun op d’mannst 2 Stonne fir all Bierger, déi Blutt spende wëllen;
  • 1882Erhéijung vun der Geschwindegkeetsbegrenzung;
  • 1881Unerkennung vum Handicap vun de Kanner déi ënner seelene Krankheete leiden;
  • 1880Obligatioun fir ëffentlech a privat Parkhaiser, Stellplaze fir Frae mat Kanner bereet ze stellen;
  • 1879Nee zur neier Reform betreffend d‘Ausbildung zum Erzéier;
  • 1878Finanziell Ënnerstëtzung vum Staat fir Elteren;
  • 1877Bezuelte Congé fir Salariéeë wou Blutt spenden;
  • 1879Boykott vun den olympesche Spiller a China 2022;
  • 1875An enger besserer Welt liewen an an enger méi grénger Schoul léieren;
  • 1856Demande fir ee Gesetz zu Schafung vun engem eenzege Kollektivvertrag fir de Secteur vum Handel;

Illustratioun: © Kelly Sikkema / unsplash

Related topics Chamber, Ënnerschrëft, Petitionnaire, Petitioun, Politik
Next post Previous post