Search

You may also like

De Luxembourg City Tourist Office adaptéiert d‘Ëffnungszäiten
Neiegkeeten

De Luxembourg City Tourist Office adaptéiert d‘Ëffnungszäiten

Am Kontext vun der Ouschtervakanz an der sech ukënnegender Summersaison,

Eng Klack fir eis Sprooch – ee limitéiert Sammelwierk
Neiegkeeten

Eng Klack fir eis Sprooch – ee limitéiert Sammelwierk

Ganzer 26 Joer Aarbecht, Suergen an d’Léift zu Lëtzebuerg si

De LCGB fuerdert d‘Weiderféierung vun Tripartite-Accord fir déi Lëtzebuerger Siderurgie
Neiegkeeten

De LCGB fuerdert d‘Weiderféierung vun Tripartite-Accord fir déi Lëtzebuerger Siderurgie

Ugesiichts der Ukënnegung vun ArcelorMittal Lëtzebuerg, sech engem Transformatiounsplang vun

171 Milliounen Euro fir den Ausbau vun der Stater Gare

171 Milliounen Euro fir den Ausbau vun der Stater Gare

Um 5. Januar huet sech de Regierungsrot fir den Ausbau vun der Stater Gare ausgeschwat. Véier zousätzlech Gleiser sollen e grousse Bäitrag zur Reorganisatioun vum ëffentlechen Transport leeschten, an esou eng nei Ära vun der Mobilitéit alauden.

D‘Erweiderung vun der Gare, an dat dierft kengem dee mam Zuch fiert entgaange sinn, geschitt op der Säit wou fréier d‘Ateliere vun der Eisebunn gestanen hunn. Virgesinn huet d‘CFL zwee Quaie mat véier Gleiser. Dat éischt Gleis soll schonn am Dezember 2019 operationell sinn, déi dräi aner bis Oktober 2021. Ganz ofgeschloss wieren d‘Aarbechten dann am Laf vun 2024.

An de Projet ass wichteg, ugesicht de Kapassitéiten, déi zumindest an de Spëtzestonnen, d’Passagéieropkommen net méi bewältegt kréien. Eng vun den Ursaachen heifir, déi stärefërmeg Gleisféierung, déi all Zuch duerch d‘Stater Gare zwéngt. Zudeem huelen d‘Passagéierzuele kontinuéierlech zou: waren et 2005 nach 14 Milliounen, esou waren et 2016 schonn 22,5 Millioune Passagéier.

Gare

Déi nei Passerell tëscht dem Quartier Gare a Bouneweg gëtt 106 Meter laang an 3,20 Meter breet. Si garantéiert och den Accès fir Mënsche mat ageschränkter Mobilitéit a soll bis 2022 fäerdeg gestallt sinn. © CFL

Déi nei Quaien a Gleiser sollen dann och an enger éischter Linn, eng Transversale erméiglechen, déi eng effizient Ubannung vun den Arrêten Houwald a Pafendall sécher stellt. Zudeem erlaabt et den Nord-Süd Trafic besser ze gestalten, well e Korridor gestalt ka ginn, wou sech d‘Linnen net méi kräizen. Domatter gëtt dann och d‘Gare selwer entlaascht, well d‘Ëmsteigen ewechfält.

Mee nei Quaie, bedeit och datt een muss dohinner kommen, an esou mussen déi zwee ënnerierdesch Passagen ëm 46 Meter verlängert ginn. Zudeem soll de nërdleche Passage op 7,5 Meter an de südleche Passage op 13 Meter verbreet ginn. Och d‘Passerelle Richtung Bouneweg gëtt erneiert. Dës Aarbechten, esou erhofft ee sech bei der CFL, solle bis 2022 ofgeschloss sinn.

Besonnesch freeën dierft et d‘Passagéier, datt bis 2022 vill neit Material ugeschaaft gëtt. Déi al Motricen an d‘Waggone maachen da Plaz fir nei, modern a virun allem, méi laange Rammen. Dëse Projet steet dann och am Zesummenhang mat der Modernisatioun vun den Infrastrukturen. Aarbechten déi parallel zum Ausbau lafen a bis 2024 ofgeschloss sollte sinn.

mam SIP/MDDI

Foto: Wou fréier den Atelier vun der Eisebunn stoung, ass elo Plaz fir zwee weider Quaien. Bis 2024 sollen d‘Aarbechten ofgeschloss sinn. © CFL

Related topics CFL, François Bausch, Infrastrukturministère, Stad Lëtzebuerg, Stater Gare
Next post Previous post