Search

You may also like

Police: Campagne Moto
International Neiegkeeten

Police: Campagne Moto

Um Donneschdeg huet déi national Verkéierspolice an Zesummenaarbecht mat de

Schueberfouer 2019: „Bis elo ass alles perfekt!“
International Neiegkeeten

Schueberfouer 2019: „Bis elo ass alles perfekt!“

Um vergaangene Freideg ass eist gréisst Volleksfest nees an eng

Transsexualitéit – de couragéierten Emgang mat der Realitéit
International Neiegkeeten

Transsexualitéit – de couragéierten Emgang mat der Realitéit

Wien mengt, datt Transsexualitéit zu Lëtzebuerg kee grousst Thema ass

Zeréck vum Cap Vert: 171 Persounen sinn duerch d’Luxair zeréck an hirer Heemescht

Zeréck vum Cap Vert: 171 Persounen sinn duerch d’Luxair zeréck an hirer Heemescht

Nodeems duerch déi aktuell Kris vun der Covid-19-Pandemie Passagéierflich gestrach gi sinn, sëtzen nach ëmmer zuelräich Lëtzebuerger am Ausland fest. Ma, genau esou ass et de Fall fir Reesend, déi op de verschiddenen Insele vum Cap Vert blockéiert sinn. Aus dësem Grond huet den Aussen- an Europaministère decidéiert ee Speziafluch vun der Luxair ze organiséieren.

Um 25. Mäerz 2020 konnt een esou 171 Persounen mat den ënnerschiddlechsten Nationalitéiten vun der Insel Sal zeréck an Europa bréngen. Si deele sech op an 52 Lëtzebuerger, respektiv Residenten am Groussherzogtum, 52 Däitscher, 42 Belsch, 5 Hollänner, 9 Schwäizer, 4 Éisträicher, 3 Spuenier, 3 Fransousen an eng Persoun aus Litauen.

No hirer Arrivée um Findel sinn all noutwenneg Moossname getraff ginn, fir déi Reesend schnell an ouni gréisser Schwieregkeeten zeréck an hir respektiv Heemescht ze bréngen.

Opmaacherfoto: © Sebastián León Prado / Unsplash

Related topics 171 Reesend, Ausseministère, Cap Vert, Coronavirus, Covid-19, Lëtzebuerger, Luxair, Pandemie, Passagéierflich
Next post Previous post