Search

You may also like

Wafferou fir Idlib
Stories

Wafferou fir Idlib

Um Mëtternuecht ass an der nordsyrescher Provënz Idlib eng weider

Haut gëtt a Spuenien gewielt…
Stories

Haut gëtt a Spuenien gewielt…

Et ass déi véiert Wal bannent véier Joer, an déi

Belsch: Dorunner hätt een denke kënnen
Stories

Belsch: Dorunner hätt een denke kënnen

A Krisenzäiten ass näischt einfach a villes gëtt an de

18 äiskal Filmer, déi s de fir Chrëschtdag kucke kanns

An nee, do sinn net nëmmen déi üblech verdächteg drënner

18 äiskal Filmer, déi s de fir Chrëschtdag kucke kanns

Dir kennt et all: D‘Feierdeeg sinn do, et hockt ee bei der Famill, oder d‘Famill hockt bei engem, an d‘Telee ass un. A wa grad näischt leeft, kroomt een am eegenen DVD Regal ronderëm oder och op engem Streamingdéngscht, fir en akzeptabele Film am Hannergrond lafen ze hunn. Fir sech noutfalls ofzelenken. Mir hunn eng kleng Lëscht opgestallt, voll mat Filmer, déi zur Saison passen.

Stirb Langsam

Et ass wahrscheinlech den eelsten Internetwitz, ze soen, datt Stirb Langsam engem säi léifste Chrëschtdagsfilm ass. Gäre gëtt mol vergiess, datt en tatsächlech zu där Zäit spillt, schlemmer nach: Op engem Chrëchtdagsfest vun enger Entreprise! Gott, déi sinn am schlëmmsten… Mee de John McClane huet et nach mi schlecht: Net nëmme muss en iwwert d’Feierdeeg seng Bezéiung mat senger Fra iergendwéi flécken, mee e muss sech och nach mat däitschen Terroristen ofginn. Puh!

Fargo

E weidere Film, deen een net direkt mat Chrëschtdag a Verbannung bréngt, awer gutt erapasst. Elleng de ganze Schnéi bréngt ee richteg a Stëmmung. Wien de komesche Film bis elo nach net gesinn huet, kéint et definitiv iwwert d’Feierdeeg nohuelen. Awer opgepasst: de kauzegen Humor an e puer grujeleg brutal Momenter kéinten hei ofschrecken.

Shining

Shining passt och perfekt an d’Saison. Firwat? Ma fir Chrëschtdag fiert een bei d’Famill. Dat ka scho mol eng länger Reess viraus setzen, a wann een länger Zäit mat der Famill an engem Raum verbréngt, kann ee scho mol liicht geckech ginn. Sou wéi den Jack Torrance. Et muss een awer dowéinst net zu Axt gräifen.

Dumm und Dümmer

Vun de Jim Carrey Filmer aus den 90er Joren ass dëse wuel mat ee vun de bekanntsten. Zwar spillt en net zur Chrëschtdagszäit, mee zwee Punkte schwätzen dofir, en awer zu där Zäit ze kucken: Dem Jim Carrey säi Personnage heescht Lloyd Christmas an d’Reess geet a Richtung Aspen – Wou gutt vill Schnéi läit!

The Thing

Näischt wiermt engem d‘Häerz wéi e gudden Horror-Film. Gemengt ass hei d‘1982er Versioun vun The Thing vum John Carpenter, mam Jack Russel an der Haaptroll. D‘Handlung spillt sech an der Antarktis of, wou an engem Wrack vun engem UFO e Liewewiesen entdeckt ginn ass, dat eng Gefor fir d‘Mënschheet duerstellt, falls et eng gréisser Populatioun sollt erreechen. Gutt, datt et fir d‘éischt emol laanscht d‘Mannschaft vun enger Fuerschungsstatioun komme muss.

Scrooged

En absolute Klassiker mam Bill Murray an der Haaptroll. Et ass eng Readaptatioun vun A Christmas Carol a packt et ouni Problem, witzeg an düster gläichzäiteg ze sinn. An hey, et ass de Bill Murray. Wie wëll net de Bill Murray op Chrëschtdag gesinn?

Groundhog day

Manner op Chrëschtdag fokusséiert, wéi Scrooged, awer trotzdem wanterlech: De Bill Murray spillt hei e Wiedermann, dee mat senger Crew an enger klenger Stad fest sëtzt. Eigentlech wollt en nëmmen eng Reportage do maachen an sech duerno verzéien, mee d‘Schicksal wëll et, datt en dëse verhaassten Dag esou laang ëmmer erëm an der Widderhuelung erlieft, bis en alles richteg mécht. Hunn ech erwähnt, datt de Bill Murray an der Haaptroll ass?

The Grey

Dir ass Chrëschtdag mat der Famill net intensiv genuch? Dësen Thriller, deen den albekannten Topos vu Mann géint Natur e Stéck méi eescht hëlt, kéint dorunner eppes änneren. No engem Fliger-Ofstuerz mussen sech d‘Passagéier géint a Pack Wëllef behaapten. An der Haaptroll ass de Liam Neeson ze gesinn.

Star Wars – Episode V: The Empire strikes back

Wien drop getippt hätt, datt ech d‘Star Wars Wanterspecials géif heihinner setzen, läit falsch. Déi sinn e bësschen ze schwéier fir ze fannen. Mee Episode V ass net nëmmen ee vun de beléiftste Filmer aus der Serie (muench ee géing souguer soen, et wier dee beschten), e fänkt och um Äisplanéit Hoth un.

Lethal Weapon

E weidere Film deen an d‘Kategorie „Ech hunn total vergiess, datt en zu Chrëschtdag spill“ fält. Dëse Kult-Action-Film mam Mel Gibson an Danny Glover an den Haaptrollen huet d‘Buddy-Komödie definéiert. Et geet zwar e bësschen haart hir, mee et ass ëmmer nach en exzellente Film.

In Bruges

Bruges ass eng wonnerschéi Stad. Oder wéi d‘Haaptfigur et sou schéin ausdréckt: Bruges is a shithole. D‘Komödie ass voll mat donkelstem Humor: En Optragskiller muss ënner tauchen, nodeems en aus versinn e Kannt erschoss huet. A wat fir eng Plaz kënnt do méi a Fro, wéi Bruges?

Batman Returns

Och wann et gläich e puer Batman-Filmer ginn, déi gutt an de Wanter passen, esou ass Batman Returns. Dobäi stells de der schonn d‘Fro, wéi waarm déi Kostümer halen. Niewebäi war Batman Returns wuel deen düsterste Batman-Film senger Zäit a ka richteg eekleg ginn, Pinguin säi Dank.

Eyes Wide Shut

Dem Kubrick säi leschte Film däerf hei net feelen, spillt en och op Chrëschtdag. Dës Adaptatioun vun enger Kuerzgeschicht huet net nëmmen d‘Plaz, wou d‘Geschicht statt fënnt geännert (vu Venedeg op New York), mee och d‘Zäit, an där se statt fënnt (Mardi Gras uersprénglech). De Kubrick packt et hei, Chrëschtdag stëmmungstechnesch gekonnt ëm ze deiten.

Gremlins

Yup, ee vun de witzegsten Monsterfilmer fënnt och während Chrëschtdag statt. Wien sech vir Special Effects vun der aler Maachaart interesséiert, kënnt hei voll op seng Käschten. D‘Kapitalismuskritik deet och alt gutt op Chrëschtdag.

Harry Potter und der Stein der Weisen

Wahrscheinlech ee vun de modernste Klassiker op dëser Lëscht, och, well e fir e jéngere Publik duerchaus ze gebrauchen ass.

You’ve got Mail

Och wann den Haapt-Plot-Gimmik (E-Mails, Computeren) aus haideger Siicht komplett veraalt ass, esou packt et dëse Film duerch seng gutt Struktur a säi Casting ëmmer nach ze beandrocken. Zwar spillt en nëmmen deelweis zu Chrëschtdag, mee dat soll eis net drun hënneren, en hei op der Lëscht ze hunn.

Kevin allein Zuhause

Wann et e Film gëtt, deen nohalteg d‘90er geprägt huet, da wuel dësen. An och no sou ville Joren ass d‘Geschicht ronderëm de Kevin, deen zu Chrëschtdag eleng doheem gelooss ginn ass an d‘Wunneng géint Abriecher verteidege muss, ëmmer nach e grousse Spaass.

Iron Man 3

Bei deene ville Marvel Filmer huet missen iergendwou een dobäi sinn, wou Chrëschtdag eng Roll spillt. An Tatsaach: den drëtten Iron Man Film spillt zu där Zäit. Als éischte Film original Avengers hat dëse vill ze beweisen… an huet net enttäuscht!

Related topics Chrëschtdag, Film, Kultur
Next post Previous post