Search

You may also like

En Tëschestopp am Vatikan virum „Ratelach” Bréissel
International Neiegkeeten

En Tëschestopp am Vatikan virum „Ratelach” Bréissel

Um Mëttwoch huet den amerikanesche President de populäre Poopst François

UN-Agenda 2030: „Ee Vull fir d‘Kaz“
International Neiegkeeten

UN-Agenda 2030: „Ee Vull fir d‘Kaz“

17 sozial-, wirtschaftlech-, ëmwelt- a friddenspolitesch Ziler sinn an der

Systematesch Ugrëff op zivil Séinoutrettungsorganisatioune gi weider
International Neiegkeeten

Systematesch Ugrëff op zivil Séinoutrettungsorganisatioune gi weider

De 7. Abrëll 2021 fënnt virum Verwaltungsgeriicht zu Cagliaei (Sardinien)

18 Méint fir eng ausgerëtschten Hand

18 Méint fir eng ausgerëtschten Hand

Den onmanéierleche Fransous wou dem Emmanuel Macron, d‘Hand op eng onkonventionell Aart a Weis gereecht hat, huet sech gëschter senge Riichter misse stellen. Gedreet hunn him maximal dräi Joer Prisong an eng Geldstrof vu bis zu 45.000 Euro. Säi Kolleg wou déi ganz Aktioun dokumentéiert huet, gëtt an ee puer Méint jugéiert.

Am Kontext vun dëser „comparutioun Immediate“, wou et net laang Diskussiounen huet an sech de Staat op d‘Dommheet vun den Ugeklote verléisst, huet den Damien T. d‘Dot – déi jo wierklech gutt dokumentéiert ass – de Virgank net bestridden. Bannent wéinege Minutte stoung d‘Urteel fest an den 28 järege Klatzkapp krut 18 Méint opgeschriwwen, dovunner 4 Méint wou hie muss ofsëtzen.

Et ass dem Mann zudeem verbuede ginn en ëffentlecht Mandat ze bekleeden an/oder Waffen ze besëtzen. D‘Affer vun der Dot huet en Donneschdeg nach emol géintiwwer de Medie betount, datt et sech bei dësem Virfall ëm eng isoléiert Dot handelt, déi keng gréisser „Ausso“ zur Bedeitung huet. D‘Land hätt zudeem elo aner Problemer ze léisen, wéi d‘Reprise vun de Feminiziden…

mat indymedia/par

Illustratioun: © Nong Vang / unsplash

Related topics Damien T, Emmanuel Macron, Frankräich, Tain-l‘Hermite, Tätlechkeet
Next post Previous post