Search

You may also like

Dem Donald Trump säin Ofgesang
Neiegkeeten

Dem Donald Trump säin Ofgesang

Esou lues awer sécher schéngt sech ofzezeechnen, datt et wuel

money
Auchan gëtt 23 Chômeuren eng onbefrist Aarbechtsplaz
Neiegkeeten

Auchan gëtt 23 Chômeuren eng onbefrist Aarbechtsplaz

Gutt Nouvelle soll een net zréckhalen, an esou eng huet

Den erzwongene Sozialkonflikt
Neiegkeeten

Den erzwongene Sozialkonflikt

Wann een e Bléck op d‘Konjunktur wërft, sech d‘Chômageszuelen zu

Fondatioun Hëllef fir d’Natur: 20 Uebstbeem fir S.A.R. de Groussherzog

Fondatioun Hëllef fir d’Natur: 20 Uebstbeem fir S.A.R. de Groussherzog

Iwwer 20 Joer representéiert S.A.R. de Groussherzog Henri schonn d’Land Lëtzebuerg. D’Fondatioun Hëllef fir d’Natur vun natur&ëmwelt gëtt dobäi schonn zanter 2008 duerch seng héich Schiermherrschaft ënnerstëtzt, an huet decidéiert seng Herrschaft mam Planze vun 20 Beem an engem restauréierte Bongert zu Fluessweiler ze zelebréieren.

Nodeems den Terrain vun 1,3 Hektar um Lieu-Dit „Am Kazebierg“ an d’Vergiessenheet geroden an doduerch net méi gefleegt gouf, huet d’Natur hire Laf geholl an d’Fläch mat Gestrëpp zouwuesse gelooss. Am Hierscht 2020 huet d’Fondatioun Hëllef fir d’Natur déi éischt Entretiens- a Restauratiounsaarbechten duerchgefouert. De gréngen Duercherneen konnt nees a Form bruecht ginn an esou Plaz fir d’Plantatioun vun den Uebstbeem schafen.

Als Frënd vun der Flora a Fauna ass et dem Groussherzog eng Freed säin Deel dozou bäizedroen, datt och zukünfteg Generatioune vun der Schéinheet vun der Natur profitéiere kënnen. Ëmsou méi engagéiert huet hie sech beim Planze vun den 20 regionalen an traditionellen Uebstbeem gewisen.

20 Uebstbeem fir S.A.R. de Groussherzog

Am viraus krut de Grupp mam Fondatiouns-President Patrick Losch, dem Roger Barthelemy, Buergermeeschter vun der Gemeng Betzder an der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg nach e puer Erklärungen zu dësem Projet, der Restauratioun an de Beem selwer.

D’Gäscht waren houfreg esou och en Abléck an d’Aarbecht ze kréien, wéi zu Lëtzebuerg d’Biodiversitéit erhale soll ginn. An dësem Kader huet de Groussherzog der Fondatioun fir déi exzellent Kollaboratioun an déi super Projeten zum Naturschutz Merci gesot. Och d’Ministesch Carole Dieschbourg huet et him gläich gedoen, d’Aarbecht an den Engagement fir d’Natur gelueft.

Dëse Bongert zu Fluessweiler kompletéiert den Ensembel aus ale landwirtschaftlechen Terrainen. E läit nieft engem Bësch an ass no Osten a Süd-Osten ausgeriicht. Am nationale Kadaster vun de Biotopen steet en och (BK09). E Mosaik aus verschidde Landschaften ënnerstëtzt den héijen ekologesche Wäert fir d’Landschaft an d’Biodiversitéit.

Related topics Am Kazebierg, Bongert, Carole Dieschbourg, Fluessweiler, Fondatioun Hëllef fir d‘Natur, natur&ëmwelt, Patrick Losch, regional Uebstbeem, Roger Barthelemy, S.A.R. de Groussherzog Henri
Next post Previous post