Search

You may also like

Gen-Mais: Greenpeace kritiséiert EU-Kommissioun
International Neiegkeeten

Gen-Mais: Greenpeace kritiséiert EU-Kommissioun

Wéi Greenpeace-Letzebuerg um Donneschdeg matdeelt, huet d’Lëtzebuerger Parlament um 1.

ADAPTO: Wien eng Kaart huet, soll se kënne behalen
International Neiegkeeten

ADAPTO: Wien eng Kaart huet, soll se kënne behalen

D’ADR begréisst, datt den ADAPTO–Service elo gratis gëtt. Dëst ass

Covidiote-Versammlung zu Berlin
International Neiegkeeten

Covidiote-Versammlung zu Berlin

D‘Infektiounszuelen huele bei eisen däitschen Noperen nees zolidd zou, an

Dëse Mann war esou zefridde mam Iessen a Service, datt en 2.000 Dollar Drénkgeld ginn huet!

Et muss nawell geschmaacht hunn

Dëse Mann war esou zefridde mam Iessen a Service, datt en 2.000 Dollar Drénkgeld ginn huet!

De Client muss wierklech immens zefridde mam Service gewiescht sinn, well en huet ganzer 2.000 Dollar Drénkgeld ginn. Dat war zwee an en halleft mol esou vill wéi de Präis vu sengem iessen. D’Mannschaft vum chicke Restaurant zu Chicago wäert net schlecht gestaunt hunn.

De Restaurant Boka huet d’Foto vum Client, wéi e mat der Equipe poséiert, op Instagram publizéiert. Et ass net iergendee Restaurant: En huet e Stär am Guide Michelin huet gëtt un, saisonal amerikanesch Platen unzebidden.

Ganzer 260% vum Präis als Drénkgeld dohinner gebliedert

Ursprénglech hat en e Drénkgeld vun “nëmmen” 300 Dollar fir en Iesse vun 759 Dollar ginn. Duerno ass en awer an d’Kiche gaangen an huet alle 17 Employéeën 100 Dollar an de Grapp gedréckt, esou de Restaurant. An den USA ass et üblech, bis zu 20% vum Präis vum Iessen als Drénkgeld ze ginn. An dësem Fall sinn et 260%.

De Gaascht war also de genaue Contraire vum Mr. Pink.

“Et war iwwerraschend, datt sech dat zoufälleg an onerwaarterweis ofgespillt huet an een eis esou vill Unerkennung gewisen huet”, esou den Direkter vum Restaurant, Jon Leopold de Méinden am Chicago Tribune. “Dobäi handelt et sech net just ëm Geld, mee och ëm Zäit, déi e mam Personal aus der Kiche verbruecht huet, fir hinnen ze soen, wéi gutt d’Iesse war a wéi wichteg him d’Aarbecht vun de Käch ass.”

Dësen Evenement fält grad richteg, ass de Restaurant ënnert de Kandidate fir de James Beard Award ze fannen. De Präis wierdegt de Service a gëtt de 7. Mee a Chicago verginn.

Mat AFP nov/dw/Ich/phv

Next post Previous post