D‘Osmane beschlagnahme Varosha
D‘Regierung vun Nordzypern, déi jo no de Wale vum Oktober
D‘Regierung vun Nordzypern, déi jo no de Wale vum Oktober
Déi CSV-Deputéiert Gilles Roth an Diane Adehm haten eng „urgent“
De Fall gesat dir hutt iech fir dëse Weekend nach
An der Knesset, dem israelesche Parlament, huet den US-Vizepresident Mike Pence ee Méindeg bestätegt, datt d‘US-Ambassade bis 2019 zu Jerusalem etabléiert gëtt. Dofir gouf eng „standing ovation“. Bei den arabeschen Deputéierten an de Palestinenser ass déi „Ausso“ net gutt ukomm, an och déi international Communautéit begréisst dës Entscheedung net.
D‘Unerkennung vu Jerusalem als Haaptstad vun Israel suergt och weiderhi fir vill Emotiounen an Onrou. Eng Dosen arabesch Deputéiert (vun 120 Parlamentarier) sinn dann och „manu militari“ aus der Knesset expulséiert ginn. Si hate grad emol genuch Zäit sech ze erhiewen an en Trakt héich ze halen, dee Jerusalem als Haaptstad vu Palestina proklaméiert.
Ënner groussem Zousproch (Applaus) huet d‘Waachpersonal vun der Knesset „d‘Onroustëfter“ aus dem Parlament gejot, iert de Mike Pence seng Ried an ugefaangen huet. Eng Ried, vollgepaakt mat biblesche Referenzen, dem ervirhiewe vum „israelesche Wonner“, an der enker Verbindung tëscht béide Länner, déi ënnert dem President Trump entstanen ass.
Aus Palestina koum dann och ganz séier d‘Veruerteelung vun dësem „messianeschem Discours“, deen e „Kaddo fir d‘Extremiste“ wier. Zur gläicher Zäit war de palestinensesche President zu Bréissel, wou hie beméit war, d‘Ënnerstëtzung vun Europa ze erhalen. De Mahmoud Abbas huet net manner wéi d‘Unerkennung vum Staat Palestina gefuerdert.
Um Sonndegowend zu Jerusalem ukomm, ass den US-Vizepresident, mat allen Éiere vun den Israelien empfaange ginn, während a Palestina amerikanesch an israelesch Fändele verbrannt goufen. Den 48Stonne-Besuch vum Mike Pence steet dann och ganz am Zeeche vun der Entscheedung, déi den Donald Trump de 6. Dezember getraff huet.
Domatter hunn d‘USA mat enger Joerzéngte laanger US-Politik gebrach, an och den internationale Konsens ad absurdum gefouert. Si hunn de Palestinenser däitlech gemaach op wéi enger Säit se stinn, wéi an der arabescher Welt fir vill Protest gesuergt. Et huet zudeem och zu Ausenanersetzungen tëscht Palestinenser a Israelie gefouert, déi 19 Affer gefuerdert hunn.
Laut dem Mike Pence, huet „den Donald Trump de 6. Dezember eng 70 Joer al Ongerechtegkeet korrigéiert“ an „d‘US-Ambassade wäert nach virun Enn vum nächste Joer seng Dieren zu Jerusalem opmaachen“. Eng Ausso déi deen israeleschen Deputéierten d‘Freedestréinen an d‘Ae gedriwwen huet, an vum Premierminister Benjamin Netanyahu ganz emotional begréisst ginn ass.
Fir d‘Palestinenser huet sech den Trump de 6. Dezember entscheet, fir Israel a géint Palestina ze sinn. Den US-President hätt sech zugläich selwer als Mediateur fir de Fridden diskreditéiert. Esou ass et verständlech, datt d‘Palestinenser dem Mike Pence net wëlle begéinen. Dat ass dann och eng Première, déi awer e laange Schied op erhoffte Friddensbeméiunge werft.
Als ferventen Evangelist, mécht den US-Vizepresident keen heel dorausser, Afloss op d‘Entscheedung vum Donald Trump geholl ze hunn, déi och als Konzessioun un eng fir de President wichteg „Wielerschaft“ muss ugesi ginn. „Mir invitéiere mat groussem Nodrock d‘Palestinenser nees un de Verhandlungsdësch zréckzekommen“, esou de Mike Pence.
Am gläichen Ament zu Bréissel, huet de Mahmoud Abbas déi 28 EU-Memberlänner dozou opgeruff, Palestina als onofhängege Staat unzëerkennen. De palestinensesche President huet d‘EU als „richtege Partner a Frënd“ bezeechent, an dierft sech erhoffen, datt si d‘Roll als Verhandlungspartner fir Friddensgespréicher iwwerhuelen.
Hei muss een dann och drun erënneren, datt et zanter 2014 keng Verhandlungen tëscht Israel a Palestina ginn huet. Mat der eesäiteger Entscheedung vum Donald Trump, Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, ass ee vun engem méigleche Fridden esouwäit ewech wéi nach ni. Et ass dann och deen éischten US-President, deen de Statut vu Jerusalem a Fro stellt.
Dat stéiert de Mike Pence wéineg, a seng Ried huet mat kenger Silb d‘Besetzung oder d‘Koloniséierung vum palestinenseschen Territoire ugeschwat. Dofir huet den US-Vizepresident awer widderholl betount, datt den Donald Trump de Virsëtz vu Friddensgespréicher wëll iwwerhuelen, och wann d‘Konditioun wier, Palestina als Staat unzëerkennen.
A senger Ried huet de Mike Pence net vergiess déi „ongebrachen Ënnerstëtzung“ vun den USA ze betounen, a versprach „datt een sech ëm den Iran a seng nuklear Aktivitéite wëll këmmeren“. Esouvill hätt et guer net gebraucht, fir dem Benjamin „Bibi“ Netanyahu säin Zousproch ze kréien. Hien dann awer nach ënnerstrach, datt Israel ni e besseren Alliéierten am Wäissen Haus hat.
Dorops huet de Mike Pence gemengt: „Den Donald Trump huet méi gemaach wéi all President virun him, fir béid Länner ze verbannen, säit et Israel gëtt“.
Um haidegen Dënschdeg gëtt nach eng Gerbe bei der Holocaustgedenkplaz, néiergeluecht, woubäi den US-Vizepresident et dem Donald Trump gläich mécht. Deen als éischten US-President iwwerhaapt, beim Denkmal e Kranz néiergeluecht a sech eng Gedenkminutt operluecht. Dat mam Bewosstsinn, datt hien hei am vun Israel annexéierten Deel vu Jerusalem war.
Verschidde palestinensesch Organisatiounen haten dann och fir haut zu massive Manifestatiounen an engem Generalstreik an der „Westbank“ opgeruff. Eng Gebitt dat vun Israel zanter 1967 besat gëtt. Déi selwecht Organisatiounen hunn dann och dem Mike Pence matdeele gelooss, datt hien net wëllkomm wier.
mam Laurent Lozano/AFP
Foto: Den US-Vizepresident Mike Pence mat senger Fra Karen (l) zesumme mam israelesche Premierminister Benjamin Netanyahu, a senger Fra Sara, an der Residenz vum Premierminister zu Jerusalem. © Ariel Schalit/pool/AFP