Search

You may also like

Géint d’Mënscherechter: Zwangsaarbecht an onmënschlech Zoustänn fir d’Uiguren
Neiegkeeten

Géint d’Mënscherechter: Zwangsaarbecht an onmënschlech Zoustänn fir d’Uiguren

D’Caritas Lëtzebuerg ass besuergt ëm déi uiguresch Minoritéit, déi am

“PInS on Wheels” – Aweiung vum PInS-Sciencemobil
Neiegkeeten

“PInS on Wheels” – Aweiung vum PInS-Sciencemobil

Déi kleng A.s.b.l. mam Numm PInS ass säit dem 21.

Covid19: Europa bereet sech nees op de Lockdown vir
Neiegkeeten

Covid19: Europa bereet sech nees op de Lockdown vir

Frankräich huet et gëschter annoncéiert, Däitschland setzt ab ee Méindeg

D‘Joer 2020 aus der Siicht vun der CSL

Presidentin vun der Salariatskummer fuerdert méi sozial Gerechtegkeet an eng equitabel Steierreform

D‘Joer 2020 aus der Siicht vun der CSL

D‘Nora Back steet un der Spëtzt vun der gréisster Gewerkschaftsorganisatioun am Land an leet och d‘Geschécker vun der Salariatskummer (CSL). Gëschter huet si an hirer Usproch zu Neijoerschdag nees e grousse Plaidoyer fir méi sozial Gerechtegkeet gehalen an – wann de Premier scho selwer uwiesend ass – eng Rei Léisungsusätz fir déi geplangte Steierreform an de Raum gestallt.

Et ass ëm d‘Aarmut gaangen, och déi wou Mënsche mat engem Vollzäitjob betrëfft, wéi och déi ëmmer gréisser sozial Problemer mat deenen sech eist Land ausenanersetze muss. Si deit un, datt d‘Steierreform déi d‘Regierung ugekënnegt huet, e gutt Instrument ass, fir den Ongerechtegkeeten ze begéinen, mee d‘Decideuren net wierklech den Androck erwächen, dat och ze wëllen.

Alles an der aktueller Fiskalpolitik géif engem ersiichtlech maachen, datt sech immens staark fir d‘Kapital agesat gëtt, während ee bei der Lounsteier d‘Salariat iwwert den Dësch zitt. Sécher hätt déi lescht Reform (2017) eng Verbesserung bei elengerzéiende Menage bruecht, mee wat dëse Steierkredit wierklech bruecht soll hunn, léisst sech nach net mat Zuelen a Statistike beleeën.

Wat sech och net beleeë léisst: Wéi eng Betriber/Entreprise bezuele wéi vill Steieren? Dat schéngt ee richtegt Staatsgeheimnis ze sinn an d‘Nora Back freet sech, ob et net ubruecht wier, d‘Fiskalitéit un déi nei Entwécklungen an de Beräicher Ekologie a Digitaliséierung unzepassen. Eng Fiskalitéit déi zudeem misst sozial an ëmwelt Kritäre berécksiichtegen. D‘Patronat huet hei net applaudéiert.

Zréck op Ufank

Wann der Koalitiounsregierung och nëmmen am Usaz dru geleeë wier ëmzesetze wat si versprach huet a behäerzege géif wat d‘Salariatskummer schonn ëmmer fuerdert, da wier et elo un der Zäit dëser Reform eng Paus ze gënnen, an dat Ganzt nach emol vun Ufank un mat de Sozialpartner op de Leescht ze huelen. An der Salariatskummer wäert ee jiddefalls net zécken sech anzemëschen.

Mee nieft der Steiergerechtegkeet muss sech d‘Salariatskummer och am Logement erëmklappen. D‘Nora Back stellt dréche fest datt et nëmme ganz wéineg „Glécklecher“ gëtt, déi d‘Bierger am Land finanziell ausquëtschen an d‘Land iwwert dësen Ëmwee gezillt a bewosst an eng sozial Kris féiere wëllen an dat och nach mat der manifester Ënnerstëtzung vun dëser Regierung.

Gemengt sinn hei déi „Spezialfongen“, déi ähnlech wéi déi sëllech Steierkaddoen un déi grouss Konzerner, eenzeg an eleng zu Laaschte vum Salariat ginn. Mee dat mam Logement ass net einfach esou ze reegelen, et sëtze schliisslech och genuch Notznéisser an der Regierung an um Krautmaart. De politesche Wëlle berout um Henri Kox (déi gréng) an deen eleng kann de Problem net léisen.

Dat selwecht léisst sech dann och zum Klima- an Energieplang vun der Regierung soen. Och nees ee Ressort deen déi gréng iwwerholl hunn. Si hätte sécher gutt Usätz, esou d‘Nora Back, mee eng gutt Klimapolitik ass eng Politik déi sozial gerecht ass, an den Ament géif alles wat bekannt ass drop hiweisen, datt „déi Kleng“ d‘Laascht an d‘Käschte ganz eleng ze droen hätten.

Bëlleg Phrasen

A wëll de Premierminister schonn uwiesend war, huet d‘CSL-Presidentin, dësen u säi Sproch: „Wann et dem Land gutt geet, muss et och senge Bierger gutt goen“ erënnert. Woubäi et jo awer méiglech ass, datt Héicht vum Akommes driwwer entscheet op een an den Ae vun dëser Regierung iwwerhaapt ee Bierger ass. Aus dem Staatsbudget géif net ervirgoen, datt all d‘Bierger gläich sinn.

An da war do och nach de Punkt vun der Produktivitéit. D‘Gewerkschaften hätten et gären, also och d‘Salariatskummer: eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit bei gläichem Loun. Dat ass awer weder mat engem liberale Premierminister, nach de neoliberale Gréngen ze bewierkstellegen. Hei op d‘Kaviar-Sozialisten ze setzen, och wann traditionell LSAP an OGBL oft enger Meenung sinn…

Et muss awer zwéngend driwwer nogeduecht ginn, wann d‘Harmoniséierung vum Beruffs- a Privatliewen – esou wéi et vun der DP promouvéiert gëtt – net nëmmen nees enger Elite soll virbehale bleiwen. Dat awer ass genee de Plang, well kee bei dëser Harmoniséierung och nëmmen am Usaz drop aus war, datt dës Doktrinn och fir de Niddreglounsecteur sollt Uwennung fannen…

Foto: (v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister; Nora Back, CSL-Presidentin; N.B.; Jean-Claude Reding, CSL-Vizepresident © Gouvernement (via Twitter)

Related topics CSL, Klimaplang, Logement, Neijoerschdagsempfang, Nora Back, sozial Gerechtegkeet, Steierreform
Next post Previous post