Search

You may also like

dislike
Verspillte Massen
Kultur Neiegkeeten

Verspillte Massen

Gamescom ass dat gréissten Event fir Videospiller vun Europa. Och

money
D‘EZB hält um aktuelle Kurs fest a priedegt Optimismus
Kultur Neiegkeeten

D‘EZB hält um aktuelle Kurs fest a priedegt Optimismus

Déi europäesch Zentralbank (EZB) soll haut déi nei Previsioune verëffentlechen,

BnL: Ee Bléck hannert d’Kulisse gefälleg?
Kultur Neiegkeeten

BnL: Ee Bléck hannert d’Kulisse gefälleg?

D’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) wäert an Zukunft guidéiert Visitte fir Privatleit

21 Kanouneschëss um Fetschenhaff

Ouerestëpp un an opgepasst! D’Lëtzebuerger Arméi huet um Sonndeg 21 Kanouneschëss ofginn, dëst géint 11 Auer um Fetschenhaff. No der offizieller Zeremonie um Nationalfeierdag selwer war um Fetschenhaff den traditionellen „Tir d’honneur“.

Wien sech dann elo freet, firwat véier Kanoune mat jeeweils 7 Patrounen opgestallt waren, also u sech 28 Schëss, deem sief gesot, datt d’Kanoun Nummer 4 just als Ersatz geduecht war. Dëst huet eis de François Utter, Lieutenant en premier, erkläert.

Ënnert senger Leedung, zesumme mam Adjudant-Major Serge Maes, dem Adjudant Marcel Miny souwéi dem Sergent-Chef Steve Van Hille, huet et insgesamt 21-mol uerdentlech geknuppt.

An eiser Galerie sinn e puer Andréck ze gesinn.

Opmaacherfoto a Galerie: © Melvin Hatto/moien.lu

Related topics Fetschenhaff, Kanouneschëss, Lëtzebuerg, Lëtzebuerger Arméi, Nationalfeierdag, Tir d'honneur
Next post Previous post