Search

You may also like

Richteg Äddi soen
Neiegkeeten

Richteg Äddi soen

Eng onëmgänglech Stuf vum Liewen ass den Dout. Och wann

De Stater Maart plënnert!
Neiegkeeten

De Stater Maart plënnert!

Ab dem 13. Januar 2021 wäert de Stater Maart net

What the Fakt: Virun 51 Joer koum Dschungelbuch vu Walt Disney an de Kino
Neiegkeeten

What the Fakt: Virun 51 Joer koum Dschungelbuch vu Walt Disney an de Kino

Oh dubidu ech wier sou gär wei duhuhu – esou

Déi 22. Editioun vum Concours „Mission Nichtrauchen“

Déi 22. Editioun vum Concours „Mission Nichtrauchen“

Scho säit iwwer zwee Joerzéngten organiséiert d’Fondation Cancer de Concours „Mission Nichtrauchen“, deen d’Zil verfollegt, déi Jonk dran ze bestäerken net ze fëmmen. Un der dësjäreger digitaler Editioun hunn 2.027 Schüler deelgeholl.

Fëmmen bréngt en eeschthafte Gesondheetsrisiko mat sech: Hei zu Lëtzebuerg stierwen all Joer ëm déi 1.000 Mënschen un de Folgen. Déi éischt Erfarunge mat der Zigarett ginn am heefegsten an der Jugend gemaach, wouduerch d’Schoul déi richteg Plaz bitt, fir ze sensibiliséieren.

D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer huet nach eemol betount, datt Preventioun an dëser schwéierer Zäit nach ëmmer Prioritéit huet. Mat iwwer 2.000 Schüler, déi um Concours deelgeholl hunn, konnt dëse säi Succès beweisen.

An dëser digitaler Editioun vu „Mission Nichtrauchen“ goufen d’Klassen all Mount zu engem Quiz agelueden. Esou konnten d’Schüler hiert Wësse ronderëm d’Fëmme bewäerten an och erneieren.

D’Gewënner hunn déi meeschte Punkten an den 6 Tester gesammelt, d’Auslousung huet erginn datt d’Klass 5CCL2 vum Lycée Josy Barthel zu Mamer den éischte Präis gewonnen huet (1.000 Euro). Déi zweet Plaz an domat 500 Euro huet d’7C6 aus dem Lycée Ermesinde ofgeraumt an d’Klass LNBD aus dem Lycée Nic-Biever huet sech duerch hiert Wëssen 250 Euro verdéngt an ass op der drëtter Plaz gelant.

Am Laf vun den 22 Joer, an deenen dëse Concours organiséiert ginn ass, hunn 2 963 Klassen mat insgesamt 59 717 Schüler deelgeholl.

Opmaacherbild: © Luther M E Bottrill / unsplash

Related topics Concours, Fëmmen, Fondation Cancer, Mission Nichtrauchen, Zigaretten
Next post Previous post