Search

You may also like

Semi-Digitale Landeskongress vun de Piraten
Kultur Neiegkeeten

Semi-Digitale Landeskongress vun de Piraten

Nach ass déi sanitär Kris net iwwerwonnen, firwat och d‘Pirate

Ekosystemer duerch déi extrem Wiederkonditioune bedreet
Kultur Neiegkeeten

Ekosystemer duerch déi extrem Wiederkonditioune bedreet

An Australien ass d‘Stëmmung ugesiichts dem Klimawandel schlecht. Déi extrem

Russeschen Zar zerleet westlech finanzéierten Dissident
Kultur Neiegkeeten

Russeschen Zar zerleet westlech finanzéierten Dissident

De President vun der russescher Federatioun, Vladimir Putin, huet dëse

25. Editioun vun Streeta(rt)nimation – mat 100 Spektakelen

25. Editioun vun Streeta(rt)nimation – mat 100 Spektakelen

e Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d’Stad Lëtzebuerg (VDL) hunn elo de Programm vun Streeta(rt)nimation verëffentlecht. Um 2. an 3. August wäerte scho fir déi 25. Kéier fantastesch a spannend Spektakelen an de Stroossen vum Zentrum stattfannen.

Passend zum Jubiläum sinn 25 national an international Ekippen ageluede ginn, fir esou de Spectateure mat 100 faszinéierende Shows op zwee Deeg ee super Ënnerhalungsprogramm ze bidden. Vum gesteschen, bis stommen Theater, iwwer Musek, Akrobatik, Danz a Poesie gëtt een am artistesche Beräich alles. Esou eng faarweg an eenzegaarteg Atmosphär kënne bal nëmmen d’Streeta(rt)nimateure bidden.

U béiden Deeg kann de Knuedler mat Akrobatik an Theater ervirstiechen. Um 3. August wäert dann och d’Place Palach an d’Rue St. Esprit am Animatiouns-Féiwer sinn. Den Entrée ass natierlech fir all d’Spektakele gratis. De komplette Programm fannt Dir ënner luxembourg-city.com. Den Depliant zum Evenement kënnt Dir HEI eroflueden.

Wichteg: D’Organisateure recommandéieren den ëffentlechen Transport ze notzen. Wien net op säin Auto verzichte kann, dee sollt um P+R Bouillon, um Parking Glacis, Parking Schuman oder Parking Stade säi Gefier ofstellen.

Opmaacherbild:  © Robert Boberian

 

Related topics LCTO, Lëtzebuerg, Spektakel, Streeta(rt)nimation, VDL
Next post Previous post