D‘USA sichen nach ëmmer no enger Léisung fir Venezuela
Nodeems et dem venezuelaneschen Dissident Juan Guaido net gelongen ass
Nodeems et dem venezuelaneschen Dissident Juan Guaido net gelongen ass
Eleng dës Woch sinn (laut der IOM) op mannst 20
Haut den Owend ass et nees esou wäit! Bis muer
Am Naturschutzzentrum wäerten nieft den Naturschutzorganisatiounen natur&ëmwelt Asbl a Fondatioun Hëllef fir d’Natur och nach naturerzéieresch Servicer vum Enseignement vun der Stad Lëtzebuerg op der Plaz sinn. Si organiséieren nämlech um Weekend vum 21. (14:00 bis 18:00 Auer) an 22. (10:00 bis 18:00 Auer) September déi éischt Editioun vum Kockeldiko Fest.
De ganze Weekend iwwert stellen Organisatioune vum Haus vun der Natur sech vir a stinn allen Froen ëm d’Thema Natur- an Ëmweltschutz Ried an Äntwert. Nieft dem Terrain mam Gaart an dem Mini-Bauerenhaff ass och de Shop Nature fräi zougänglech.
Donieft erwaarden Iech super Aktivitéite fir déi ganz Famill: Fuert mat der Päerdskutsch, kacht um oppene Feier, kuckt Iech Gräifvullen un a bastelt selwer ee Fuddersilo fir Villercher, oder huelt un de Spiller fir Kanner an Elteren deel. Dobäi soll natierlech kee Mo grommelen – de kulinareschen Deel kënnt net ze kuerz! Mat häerzhaftem Iessen, Kaffi a weiderem Gedrénks, sou wéi engem fantastesche Gebuertsdagskuch – deen iwwregens Samschdes um 15:00 Auer ugeschnidde gëtt – gëtt jiddweree glécklech gemaach.
Wie sech net an de Verkéierschaos brénge wëll, deen notzt am Beschten d’Buslinn Nr. 18 (Kierchbierg-Zentrum-Gare- Kockelscheier), déi all 15 Minutte fiert oder och de Bus Nr. 200 (Lëtzebuerg-Beetebuerg), deen Iech all Stonn bei d’Haus vun der Natur bréngt. Notzt een de Vëlo, esou fiert een iwwert d’Vëlospist vum Zentrum (Hesper-Leideleng). Visiteuren, déi mam Auto komme mussen de P&R Kockelscheier-Patinoire notzen. Vum Parking aus kënnt een an e puer Minutten zu Fouss bei d’Gebuertsdagskand.
Weider Informatioune fannt Dir ënnert www.vdl.lu sou wéi ënnert www.activites-nature.lu a www.naturemwelt.lu.