Search

You may also like

Keinachtsbaum – Echt Chrëschtbeemchen-Erliefnis ouni richtege Bam
Neiegkeeten

Keinachtsbaum – Echt Chrëschtbeemchen-Erliefnis ouni richtege Bam

Jo mir wëssen, et ass nach fréi, fir un déi

Ass däi Lëtzebuergesch gutt genuch fir dës 18 Froe richteg ze beäntweren?
Neiegkeeten

Ass däi Lëtzebuergesch gutt genuch fir dës 18 Froe richteg ze beäntweren?

[onionbuzz quiz-id=148][/onionbuzz] Wéi all Freiden presentéiere mer och dës Kéier

Jean-Claude Hollerich am 7. Himmel
Neiegkeeten

Jean-Claude Hollerich am 7. Himmel

Hie mécht grad Vakanz a Portugal an ass scheinbar selwer

25 Joer SOS Faim – De Kampf muss weidergefouert ginn

25 Joer SOS Faim – De Kampf muss weidergefouert ginn

1993 gegrënnt, ënnerstëtzt déi lëtzebuergesch ONG SOS Faim, eng nohalteg Landwirtschaft um afrikanesche Kontinent. Sënn an Zweck ass et, d‘Produzenten ze begleeden an hinnen ze hëllefen sech ze strukturéieren. An dësem Kontext gëtt sech och fir d‘Mënscherechter agesat.

E Mëttwoch huet d‘ONG zu Schëffleng op den „Anniversaire“ an déi derzougehéiereg Aktivitéiten higewisen. De President vu SOS Faim, Raymond Weber, huet betount, datt een houfreg op déi 25 Joer ass, mee dësen Anniversaire virun allem d‘Geleeënheet soll bidden, iwwert déi vill realiséiert Projeten nozedenken, an sech fir d‘Zukunft nei opzestellen.

A 25 Joer hätten sech d‘Erausfuerderunge verännert. Wann de Kampf géint den Honger nach ëmmer d‘Haaptzil ass, esou misst een hautdesdaags och d‘Sécherheetsfroen (Konflikter/Terror), d‘Ongläichheeten, de Klimawandel, nohalteg Entwécklung a villes méi berécksiichtegen.

Fir den Direkter, Thierry Defense, huet sech d‘ONG dann och entspriechend „orientéiert“. Dat heescht, datt SOS Faim op dat „laangfristegt“ konzentréiert, éischter wéi op punktuell Hëllef an/oder karitativ Projeten, déi all hir Grenzen hunn. SOS Faim proposéiert de Produzenten eng Begleedung fir hir Aktivitéit ze schafen an ze entwéckelen.

Dat geléngt duerch eng ganz Rei Mesuren: d‘Stäerkung vun de landwirtschaftleche Kollektivitéiten, d‘Dynamiséierung vun de Kooperativen, an den Zougank zu ugepasste Finanzéierungen. Eng Roll déi beispillsweis d‘Mikrokreditter bis ewell ganz gutt iwwerholl hunn.

Op eegene Féiss stoen

An den Direkter stellt kloer: „Mir zéien et vir, dem Produzent d‘Méiglechkeet ze ginn sech selwer ze ernieren, a sech op laang Siicht en Akommes ze ginn, duerch eng iwwerschësseg Produktioun. SOS Faim verdeedegt dann och de Standpunkt, datt et besser ass engem ze hëllefen op eegene Féiss ze stoen, wéi sech op eng Hëllef ze verloossen, déi um Enn keng ass, an der Ekonomie schued.

Den Thierry Defense erkläert, datt d‘Aktiounen an d‘Projeten, wann se net am ekonomeschen a soziale Kontext kënnen agegliddert ginn, e staark begrenzten Impakt hunn. Et wier dofir wichteg, d‘Acteure vun der Zivilgesellschaft ze stëtzen, déi hei zu enger Ännerung wëlle bäidroen.

Dat erkläert och, firwat sech SOS Faim op folgend Länner konzentréiert: Benin, Burkina Faso, Ethiopien, Mali, Niger an demokratesch Republik Kongo. Am Nigeria ënnerstëtzt d‘ONG d‘Associatioun „Alternative Espaces Citoyens“ déi sech fir Mënscherechter asetzt, an déi demokratesch Wäerter iwwert seng Radiostatioun zu Niamey ënnert d‘Vollek bréngt.

Mee och bei SOS Faim ass net alles Gold wat blénkt. Et steet een awer zu de Mësserfolleg, an et misst een och bereet sinn Risiken anzegoen. Datt déi Risiken iwwersiichtlech sinn, an d‘Aarbecht am allgemengen éischter erfollegräich ass, huet de Kooperatiounsministère iwwerzeegt.

De Ministère, deen d‘Valeur vun de Projeten an Aktioune vu SOS Faim erkannt huet, huet d‘ONG mandatéiert, en ambitiéise Programm vun der ländlecher Finanz an Afrika opzestellen. Heibäi geet et drëms, d‘Banken a soss Finanzinstitutiounen ze motivéieren, sech a Projeten ze engagéieren. An dësem Kontext sollen d‘Baueren esou forméiert ginn, datt si net zum finanzielle Risiko ginn.

Related topics Entwécklungshëllef, Mikrokreditter, Raymond Weber, SOS-Faim, Thierry Defense
Next post Previous post