Search

You may also like

Kloertext bei der UN-Weltklimakonferenz
Neiegkeeten Stories

Kloertext bei der UN-Weltklimakonferenz

„Mir streiken elo zanter iwwert engem Joer, mee näischt huet

dislike
Siwe Mënsche verléiere wéinst dem Xavier hiert Liewen
Neiegkeeten Stories

Siwe Mënsche verléiere wéinst dem Xavier hiert Liewen

Däitschland beklot nom Passage vum heftegem Stuermdéif Xavier siwe Mënscheliewen.

Soundcolors: D’Fondatioun EME invitéiert op e faarwege musikalesche Projet
Neiegkeeten Stories

Soundcolors: D’Fondatioun EME invitéiert op e faarwege musikalesche Projet

Et seet een net fir näischt, datt d’Musek eng universell

27 Krichsminister fir 1 Owesiessen

27 Krichsminister fir 1 Owesiessen

Am Kontext vun de villen informelle Sommeten, déi sech grad zu Lissabon am Kontext vun der portugisescher Rotspresidence erginn hunn, sinn och d‘Verdeedegungsminister zesummekomm. Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg, deen déi transatlantesch Interesse vun der Unioun vertrëtt huet och dierfe beim Galadinner um Dësch sëtzen.

D‘Reunioun vun de Krichsminister (27. an 28. Mee) huet also mam gudde Maufel an vill Alkohol ugefaangen. Verständlech, well beim groussen Treffe vun der Militär-Lobby, huet sech missen iwwer d‘Entwécklung vun der strategescher Partnerschaft EU & NATO ënnerhale ginn. Elo ass zwar wuel all EU-Land Member an der NATO, mee hei goung et ëm d‘Interesse vun der Unioun.

Zanter „Kosovo“ ass jo gewosst, datt déi gréng „blutt geleckt“ hunn a längst keng pazifistesch Ziler méi verfollegen, zumindest wa sech dorausser politesch Profit schloe léist. Lëtzebuerg als zentraalt Element vun der NATO an een zouverlässege Bäitragszueler, huet ënnert dem grénge Vizepremier, François Bausch, jo un alle méiglechen Asätz Deelgeholl an investéiert an de Schutz vun der EU.

Hien huet sech beim Owesiesse fir eng staark Zesummenaarbecht tëscht der Europäescher Unioun an dem transatlantesche Bündnis ausgeschwat. Et misst sech och op „Verdeedegungsniveau“ dem Thema „Klima“ ugeholl ginn, woubäi „Sécherheet“ a „Cyber-Defense“ – bezunn op déi aktuell bestoend an sech ukënnegend Konflikter – schonn eng gewësse Prioritéit dierfte beusprochen.

De Weltraum huet net nëmme Ressourcen

Gëschter ass et zu Lissabon an der éischter Sëtzung ëm: militäresch Kapazitéiten an déi zukünfteg strategesch Ausriichtung vun der Europäescher Unioun gaangen. De François Bausch huet an dësem Kontext d‘Positioun vum „Europäeschen Déngscht fir baussenzeg Aktiounen“ EEAS, dee vum EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borell, geleet gëtt, ënnerstëtzt.

LissabonFamilljefoto © Pedro Sa Da Bandeira / PPUE

Konkret geet et drëms, d‘EU zukünfteg mat ausräichende Mëttel zur Loftraumiwwerwaachung auszestafféieren. Och den Asaz vu militäresch genotzte Satellitte soll weider ausgebaut ginn. Bei dësem Punkt huet Lëtzebuerg schonn eppes eegen Interessen a virun allem aktiv mee net genotzt Satellitten am Asaz. Lëtzebuerg investéiert dann och massiv a Militärfliger, déi vun den EU-Partner an den transatlantesche Partner agesat ginn.

Interessant och – well engem d‘Reaktioun vun der Audienz virenthale gëtt – den Appell vum grénge Minister, datt sech déi europäesch Arméie méi ëm energetesch Effizienz beméie sollen. D‘Arméien, also virun allem d‘Zaldoten, sollen hire CO²-Foussofdrock verklengeren a sech gläichzäiteg drop astellen an deene Regiounen, wou de Klimawandel wäert zouschloen, opgestallt ze ginn.

Mali… ee frankophoont Polverfaass

Beim treffe vun den europäesche Friddensdauwen huet sech och misse mam Mali befaasst ginn, ee Land wou jo Frankräich schwéier involvéiert ass, fir de radikal islamesche Milizen an Terroristen den Dicks ze béien. Do gouf jo d‘Regierung an der Woch vun der Arméi verhaft, an de Colonel Assimi Goïta ass e Freideg vum Verfassungsgeriicht als Iwwergangspresident confirméiert ginn.

E Méindeg waren dee fréieren Iwwergangspresident Bah N‘Daw an de Regierungschef Moctar Ouane ofgesat a verhaft ginn. Déi hunn (ganz fräiwëlleg) ee Mëttwoch hire Récktrëtt dierfen erklären, well et scho wichteg ass, datt den Androck vun engem demokratesche Prozess oprecht erhale gëtt. Woubäi, et ass dat schonn den zweete Putsch bannent de leschten néng Méint…

Et muss drop higewise ginn, datt de Colonel schonn de Leader vun de Putschiste war, déi am August 2020 den Ibrahim Boubacar Keïta bei der Däiwel gejot haten. Deemools war eise Minister entspaant bliwwen, fir dann elo awer – wéi seng Homologen och – dësen neie Putsch schaarf ze denoncéieren. Interessant, well net dovunner auszegoe wier, datt et zwee Assimi Goïta huet.

Woubäi, politesch Floskelen an esou engem Kontext sinn ee „must have“. Sanktiounen oder soss politesch Folge muss den neie malesche Staatschef Assimi Goïta net fäerten. Esoulaang dësen den Europäer Zougrëff op d‘Buedemschätz gewäert an heiansdo en Dschihadist ofschéisst, ass alles gutt an de Minister hält jo och un der Lëtzebuerger Bedeelegung um EUTM am Mali fest…

Foto: De Lëtzebuerger Verdeedegungsminister François Bausch, huet d‘Arméien an Europa agelueden, méi effizient mat den Energien ëmzegoen a generell méi Verantwortung géintiwwer Natur an Ëmwelt ze iwwerhuelen. © Pedro Fiuza / PPUE

Related topics Cyber-Defense, Effizienz, Energetesch Transitioun, EU-Verdeedegungsminister, François Bausch, Informelle Sommet, Lissabon, NATO, Portugisesch EU-Rotspresidence, Satellitten
Next post Previous post